Gutt ze wëssen / Bien à savoir

Gutt ze wëssen / Bien à savoir

Wéinst der aktueller Situatioun ass hei een Iwwerbléck vun der Lag an der Beeforter Gemeng. D’Informatioune gi lafend aktualiséiert souwäit se och matgedeelt ginn.

Un bref aperçu de la situation actuelle à Beaufort. Les informations sont mises à jour dans la mesure où elles sont communiquées

www.covid19.lu

Administration communale

D’Gemengeservicer funktionéieren ewéi gewinnt. Allerdéngs gëtt et ee Sens unique am Gebai a folgend Regele mussen agehale ginn: Nëmmen eng (1) Persoun dobannen, ët gëtt dobausse gewaart, Maskeflicht, Desinfektioun vun den Hänn a Sortie zu der anerer Säit.

Les services communaux fonctionnent comme d’habitude. Cependant un sens unique est installé au sein du bâtiment et les règles suivantes sont à respecter : uniquement une (1) personne à l’intérieur, attendre à l‘extérieur, port du masque obligatoire, désinfections des mains et prendre la sortie par l’autre porte.

Impfung / Vaccination

Information Hëllefsmoossnamen fir Betriber Corona Virus 19.02.2021 (L / D / F / GB)

Am Kontext vun der COVID-19 Pandemie fënnt een hei ënnendrënner den Update vun de Bäihëllefe fir d’Betriber/Selbststänneger :

  • Fonds de relance et de solidarité: Dëst Bäihëllef gouf bis Juni 2021 verlängert. D’Demandes vu Juni – November kënne retroaktiv bis de 15. Mee 2021 agereecht ginn. D’Demandes fir Dezember 2020 – Juni 2021 musse bis de 15. September 2021 agereecht ginn. (Nummer 2 am Dokument an der Annexe)
  •  „Aide de relance prolongée“ (Bäihëllef Coûts fixes): Dëst Bäihëllef gouf bis Juni 2021 verlängert an ab Februar 2021 gëtt et ee méi heige Plafong fir dëst Bäihëllef. Ab Februar 2021 kënne Betriber, déi hunn missen zoumaachen oder eng Perte vu min. 75% vum CHIDA hunn, 100 % vun de Fixkäschte rembourséiert kréien. Bei Restaurants, déi Take Away proposéieren, ginn elo och 25% vum CHIDA immuniséiert., d.h. net mat berechent bei der Rechnung vum eligibele Montant vun der Bäihëllef. (Nummer 3 am Dokument an der Annexe)
  • Ab Mäerz 2021 soll ee reegelméissegen Ersatzgehalt fir Selbststänneger agefouert ginn. Detailer wäerten no kommen.

An der Annexe fënnt een eng Iwwersiicht vun de Bäihëllefen a méi Detailer.

Weider Informatioune ginn et bei:

Christiane Francisco
Responsable du service économie régionale – assistance aux PME

Natur- & Geopark Mëllerdall
8, rue de l’Auberge
L-6315 Beaufort

Tel. 26 87 82 91-34

Cafés, restaurants, hôtels
Hostellerie de Beaufort (Beim Mato)

Owes “Take out”. Mëttwochs an donneschdes zou / Les soirs plats à emporter. Fermé les mercredis et jeudis.
Tél. 83 60 46 & 621 245 990. www.beimmato.lu

De Puck by Ballanti

Owes “Take out” a Liwwerungen. Liwwerunge mëttes nëmme bei enger Bestellung den Dag virdrun. Méindes zou / Les soirs plats à emporter et livraisons à domicile. Livraisons à midi uniquement sur précommande la veille. Fermé les lundis.
Tél. 26 87 83 88. www.depuck.lu

Oishi Sushi

Mëttes an owes “Take out” a Liwwerungen. Méindes zou / Midis et soirs plats à emporter et livraisons à domicile. Fermé les lundis.
Tél. 27 51 72 53. www.oishisushi.lu

Brasserie Beim Adelheid

Zou / Fermé.

Il Medioevo

Zou a si maachen an der Stad weider (Hamm) / Fermé et ils continueront leur commerce à Luxembourg-Hamm. 

Ristorante Pizzeria Leonardo

Freidesowes bis sonndes: mëttes an owes “Take out” a Liwwerungen. / Du vendredi soir au dimanche: les midis et soirs des plats à emporter et livraisons à domicile.
Tél. 26 34 05 15. www.pizzerialeonardo.lu

Restaurant Chinois Le Phenix

Mëttwochs bis méindes: mëttes an owes “Plats à emporter” / Du mercredi au lundi: les midis et soirs des plats à emporter.
Tél. 83 60 34 et sur facebook

Brasserie Am Duerf – Coco Nela (Dillingen)

Mëttes an owes “Take out” a Liwwerungen. Méindes zou / Midis et soirs plats à emporter et livraisons à domicile. Fermé les lundis.
Tél.
28 77 82 87. https://cafe-restaurant-am-duerf.business.site/

Hotel Meyer

Congé bis den 2. Abrëll 2021. / Congé jusqu’au 2 avril 2021.

Café Le Central

Zou / Fermé

Prises de sang

Laboratoires réunis
5, rue de l’Eglise
L-6315 Beaufort
Tél.: 78 02 90 – 1
Du lundi au vendredi de 7.00 à 10.00 heures

Bluttanalyse gi rëm zu de gewinnten Auerzäiten (vu 7 bis 10 Auer) geholl. Wichteg: Et gi keng Covid19-Tester gemeet.

La prise de sang est de nouveau possible pendant les heures habituelles (de 7 à 10 heures). Important: pas de tests Covid-19.

Complexe scolaire

Op dem ganze Schoulkomplex gëllt fir d’Elteren ouni Ausnam Maskeflicht.

Sur tout le site du complexe scolaire le port du masque est obligatoire pour tous les parents. Sans exception.  

Kummelsbau

De Kummelsbau gëtt ouni Ausnam net u Privatleit verlount.

Le « Kummelsbau » n’est pas mis à disposition aux personnes privées. Sans exception.

Ice Park

D’Äispist ass zou an dës Saison ass fréizäiteg eriwwer. / La patinoire est fermée et la saison est également terminée.  

www.icepark-beaufort.lu

Beaufort Knights

D’Saison ass gestoppt / Les compétitions sont interrompues

Bummelbus

Déi geplangten Trajeten vum Service Bummelbus tëschen dem 1. an dem 8. November sinn ofgesot. Clienten, déi fir déi Woch reservéiert hunn, ginn all eenzel telefonesch kontaktéiert. Des Weideren ass de Bummelbus nëmmen ënnert der E-mail smausen@fpe.lu ze erreechen.

Les trajets prévus entre le 1er et le 8 novembre du service « Bummelbus » sont annulés. Les clients qui ont déjà réservé le service pour une date pendant cette période seront contactés par téléphone. De plus le « Bummelbus » est joignable uniquement par courriel smausen@fpe.lu. 

Flying Dutchman

Closed

Agence mobile BCEE

Bis op Weideres kënnt d’Agence mobile nët méi op Beefort.

Jusqu’à avis contraire l’agence mobile ne se déplacera pas à Beaufort.

Buergbrennen 2021

Buergbrennen 2021

D’Amicale vun de Beeforter Pompjeeë wollt net op d’Traditioun vum Buergbrennen verzichten an huet decidéiert de Brauch am Aklang vun de gültege Reegelen ze organiséieren. Zuschauer waren net zougelooss an dach konnten d’Leit um Buergbrennen deelhuelen. An Zesummenaarbecht mat der Gemeng gouf d’Buergbrennen op der Facebook-Säit vun der Gemeng live iwwerdroen.

Op der Buerg gouf eng Tafel mat der Opschrëft “Covid-19” ugemeet fir nieft dem Wanter och de Covid-19 ze verdreiwen. Et bleift ze hoffen, datt d’nächst Joer d’Buergbrennen ënnert der gewinnter Form rëm stattfënnt.

De Video an d’Fotoe sinn hei ënnendrënner.

Fotosgalerie
Foodsharing zu Beefort

Foodsharing zu Beefort

“Mindesthaltbar bis …. “ op de Liewensmëttele bedeit net gläichzäiteg “Tödlich ab ….” an et kann ee se weiderhin iessen. An de Supermarchéë ginn dës Liewensmëttel aussortéiert genau sou ewéi aner Liewensmëttel well se entweder ze grouss, ze kleng, ze kromm sinn oder eng Téitsch oder eng komesch Faarf hunn. “Foodsharing Luxembourg” setzt sech an fir d’Liewensmëttel virun der Poubelle ze retten a verdeelt se gratis un all Mënsch egal a wéi enger finanzieller oder sozialer Situatioun dee sech befënnt.

Déi wuel bekanntste Plaz vun der Verdeelung vu Liewensmëttelen ass zu Jonglënster wou alles ugefaangen huet an nieft Duelem gëtt et mëttlerweil och zu Beefort ee sougenannte “Foodsharing Distribution Day”. Zanter e puer Woche ginn all Méindeg ab 18 Auer Liewensmëttel am fréiere Judossall (10, Grand-rue) verdeelt. D’Gemeng Beefort stellt dës Raimlechkeete gratis zur Verfügung.

Mat der Ënnerstëtzung vum Annick Feipel aus dem Generatiounsgaart hu véier Leit ee Grupp vu Fräiwëllegen op d’Bee gesat fir eng Verdeelung zu Beefort ze organiséieren: Denise Tonon, Ute Morheng, Krys Pleimelding a Keven Schimberg. Dëse Grupp erweidert sech kontinuéierlech a jiddereen ass wëllkomm sech de Fräiwëllegen unzeschléissen.

All Verdeelungspunkt schafft selbststänneg a kuckt fir a senger Géigend d’Liewensmëttelen vun de Geschäfter ze sammelen. Den “Delhaize” aus dem Duerf gehéiert ënnert anerem, déi dës Aktioun ënnerstëtzen, a stellt seng aussortéiert Saache gratis zur Verfügung, déi da vun de Fräiwëllegen ofgeholl ginn. Selbstverständlech kënnen och Privatleit hir Saachen ofginn.

De Rendezvous fir déi Fräiwëlleg ass an der Reegel den Dag selwer ëm 17 Auer. Si sortéieren déi verschidde Liewensmëttel an éier se no de verschidde Kategorien op den Dëscher ausgestallt gi gi se nach eng Kéier iwwerpréift op se nach ëmmer ze genéisse sinn. Saachen, déi musse kal sinn, kommen an ee Frigo. D’Offer vun de Liewensmëttelen ännert all Kéiers. Am Viraus weess ee jo ni, wat déi verschidde Geschäfter aussortéieren a gratis zur Verfügung stellen. An de leschte Woche goufen zum Beispill eng Kéier bal 500 an eng aner Kéier ronn 650 Kilogramm Liewensmëttel virun der Poubelle gerett a gratis zu Beefort verdeelt.

Pénktlech ëm 18 Auer ginn d’Dieren op an éier ee sech zerwéiert muss ee sech an eng Lëscht androen. Mat hirer Ënnerschrëft confirméieren d’Leit, datt si sech bewosst sinn ëm den Zoustand vun de Liewensmëttelen a maachen d’Organisateuren net responsabel fir iergendwellech Niewewierkungen bei der Consommatioun vun de gratis ugebuedene Liewensmëttel. Des Weideren hëlleft d’Lescht am Fall vun engem Covid-19-Fall beim Contact-Tracing.

Tësche 50 a 60 Leit vu Beefort an Ëmgéigend komme reegelméisseg op de Rendezvous, deen an der Reegel eng Stonn dauert. Fir ee gudden Oflaf ze garantéieren ass et gutt fir virun der Zäit do ze sinn. Et ass nëmme selbstverständlech, datt jiddereen nëmmen dat hëlt wat och wierklech gebraucht gëtt. Op der enger Säit aus Solidaritéit mat den anere Leit, déi ebenfalls op de Rendezvous kommen, an aus Respekt zu de Liewensmëttel, déi een herno net selwer ewechgeheie muss.

Weider Informatiounen zum “Foodsharing” ginn et um Site www.foodsharing.lu an hei eng kleng Fotosgalerie vun gëschter an der Woch virdrun.

  ****

L’indication « à consommer de préférence avant le … » sur les produits alimentaires ne signifie pas automatiquement « mortel à partir du … » et on les peut quand même consommer. Les membres de « Foodsharing Luxembourg » sauvent des denrées alimentaires de la poubelle et les distribuent gratuitement à toute personne n’importe sa situation financière ou sociale sans aucun critère. Ces aliments ont été rejetés par les supermarchés à cause de leur aspect un peu trop courbé, trop petit, trop grand, endommagé, ou simplement parce qu’ils ont passé la date de péremption. Mais cela ne veut pas dire qu’ils ne sont plus consommables. Bien au contraire. Tous ces aliments ont été donnés par des supermarchés et magasins de la région qui ont préféré les donner à l’association au lieu de les jeter. Bien à savoir que le « Delhaize » à Beaufort figure parmi les magasins qui offrent gratuitement ces aliments. A préciser encore que ce sont des bénévoles que font le tour pour récupérer ces denrées alimentaires. Le premier point de distribution, un « Foodsharing Distribution Day », a été créé à Junglinster et après Dalheim il existe depuis quelques semaines également un tel événement à Beaufort. Le rendez-vous est chaque lundi de 18 à 19 heures dans l’ancienne salle Judo à 10, Grand-rue. La commune met ces locaux gratuitement à disposition. Chaque point de distribution travaille d’une façon autonome dans sa région.

Avec l’aide de Annick Feipel du « Generatiounsgaart » un groupe des quatre bénévoles (Denise Tonon, Ute Morheng, Krys Pleimelding et Keven Schimberg) s’est formé et organise les distributions à Beaufort. Ce groupe s’élargie continûment et chacun est bienvenu à soutenir cette action. Les bénévoles se réunissent le jour même vers 17 heures, font un tri des aliments et les regroupent sur une table. On ne sait jamais à l’avance qu’est-ce que et combien les différents magasins mettent à disposition à l’organisation. Les dernières semaines par exemple une fois presque 500 et l’autre fois environ 650 kilogrammes d’aliments ont pu être sauvé et distribué à Beaufort.

Les portes ouvrent à 18 heures et avant qu’on se sert de ce qu’on a besoin on s’inscrit sur une liste. Avec la signature on confirme l’état des aliments et chacun assume l’entière responsabilité de la consommation de ces aliments. De plus cette liste permet de retracer les contacts en cas d’un test positif à la Covid-19.

Entre 50 et 60 personnes de Beaufort et alentours viennent régulièrement au rendez-vous à Beaufort qui dure une bonne heure. Afin de garantir un bon déroulement il est conseillé de venir avant l’heure. Cela va sans dire que chacun prenne dont il a vraiment besoin à l’instant et ceci pour quelques raisons. D’abord comme respect vis-à-vis des autres personnes qui sont dans la file ainsi qu’aux aliments de ne les pas jeter plus tard chez soi à la maison.

Plus d’informations sur le « Foodsharing » sont disponibles sur le site internet www.foodsharing.lu et voici quelques impressions d’hier soir et du lundi précédant.

Neijoerschconcert an der Kierch

Neijoerschconcert an der Kierch

Laang war et net sécher op e géif stattfannen oder net a schlussendlech ass e gëschter an der Kierch iwwert d’Bün gaangen. Rieds geet ëm den Neijoerschconcert mam Ensembel “Ad Libitum”, dee vun der Beeforter Kulturkommissioun an Zesummenaarbecht mat der Gemeng organiséiert gouf. Erméiglecht gouf de Concert duerch d’Lockerung vun de Corona-Mesuren, déi zanter enger Woch a Kraaft sinn.

D’Plazen an der Beeforter Kierch ware limitéiert, et huet ee misse sech am Virfeld umellen an d’Droe vun enger Mask war obligatoresch. Trotz dësen Aschränkunge sinn nëmmen e puer Plaze fräi bliwwen.

Et war keen typeschen Neijoerschconcert, deen den Ensemble “Ad Libitum” ugebueden huet. Um Programm stoung Musek aus dem 16., 17. an 18. Joerhonnert a gespillt goufe folgend Wierker: “Marche pour la Cérémonie des Turcs” vum Jean-Baptiste Lully (1632 – 1687), “Sonata IV à cinque in C-Dur” vum Heinrich Ignaz Franz Biber (1644 – 1704), “La Follia” (Extraite) vum Arcangelo Corelli (1653 – 1713), “Ouverture TWV 55:a2 pour flauto dolce et cordes” vum Georg Philipp Telemann (1681 – 1767), “Concerto en ré majeur pour trompettes et cordes” vum Giuseppe Torelli (1658 – 1709), “Dances from Terpsichore” vum Michael Praetorius (1571 – 1621) a “Les Indes Galantes” vum Jean-Philippe Rameau (1683 – 1764).

Den Ensembel “Ad Libitum” ass am Joer 2000 aus engem Kammerchouer entstanen a gëtt vum Rosch Mirkes dirigéiert, deen och wärend dem Concert zu Beefort duerch de Programm gefouert huet. D’Formatioun aus de professionellen an Amateurmuseker variéiert regelméisseg an oft gëtt op Barock-Instrumenter gespillt, déi an de Virdergrond gestallt ginn.

Dovunner konnte sech d’Spectateure wärend dem Concert vun enger gudder annerhallwer Stonn iwwerzeegen a gespillt hunn Anne Clement (Flauto dolce), Jean-Paul Hansen a Roby Stoos (Oboe), Jeff Mack (Trompett), Caroline Reuter a Johanna Weirich (Violon), Noah Mayer a Kathia Robert (Alto), Jean Halsdorf (Violoncelle), Jean-Daniel Haro (Violone), Rosch Mirkes (Clavecin) a Boris Dinev (Perkussioun). D’Entrée war fräi.

Technesch Problemer mam Kontaktformular

Technesch Problemer mam Kontaktformular

De Kontaktformular huet technesch Problemer an d’Maile gi weder virugeleet nach enregistréiert. Mir bieden Iech Är Messagen op population@beaufort.lu ze schécken. Leider ass net gewosst zanter wéini dee Problem besteet a mir bieden ëm Är Versteesdemech wa mer bis elo nach net geäntwert hunn. Am Beschten ass et, Dir kontaktéiert ass nach eng Kéier w.e.gl. Merci.

 A cause des problèmes techniques avec le formulaire (les messages ne parviennent pas aux destinataires et ne sont pas sauvegardés) nous vous prions d’envoyer vos mails directement à population@beaufort.lu . Il n’est pas connu depuis quand ce problème existe. Nous vous remercions pour votre compréhension si nous n’avons pas encore répondu à vos messages et conseillons de nous recontacter. Merci.

2.893 Awunner

2.893 Awunner

Op den 1. Januar 2021 zielt d’Gemeng Beefort 2.893 Awunner, 22 méi ewéi genau virun engem Joer. Um Grondhaff wunne 65 (+5), zu Déiljen 236 (-7) an zu Beefort 2.592 (+24) Leit. Am Ganze si 65 Nationalitéite (+6) vertrueden. Den Detail an d’Evolutioun vun den Awunnerzuelen fënnt een hei um Site ënner “Beaufort en chiffres”.

Au 1er janvier 2021 la commune de Beaufort compte 2.893 habitants, 22 plus qu’à la même date l’année dernière, et en tout 65 (+6) nationalités. Au Grundhof habitent 65 (+5), à Dillingen 236 (-7) et à Beaufort 2.592 (+24) habitants. Le détail et l’évolution du nombre des habitants sont disponibles sur ce site sous « Beaufort en chiffres ».

Adventsfënsteren 2020

Adventsfënsteren 2020

Kee Freedefeier / Pas de feux d’artifice

Kee Freedefeier / Pas de feux d’artifice

Wéinst der aktueller Situatioun (ënner anerem no Chrëschtdag Ausgangsspär tëschen 21 a 6 Auer, Aschränkunge bei de Visiten an de Risiko vu Verletzungen, déi an den iwwerlaaschte Klinike musse behandelt ginn, ze vermeiden) huet de Schäfferot décidéiert dëst Joer keng Genehmegung ze gi fir Freedefeier oder Knupperten am ëffentleche Raum an op Privatterrain ofzeschéissen. Des Weidere baséiert sech de Schäfferot op dem neie Policereglement, dat de 27. Mee vum Gemengerot eestëmmeg gestëmmt gouf. Den Artikel 32 am Kapitel 2 gesäit ee Verbuet vum Ofschéisse vu Freedefeier a Knupperte vir. Villmools Merci fir äert Versteesdemech!

Vu la situation actuelle (après Noël couvre-feu entre 21 et 6 heures, limitations des visites et d’éviter le risque de blessures qui nécessitent un traitement dans les cliniques surchargées) le collège échevinal a décidé de ne pas autoriser de tirer des feux d’artifice et des pétards sur la voie publique ainsi que sur un terrain privé. Le collège échevinal se base également sur le règlement général de police qui a été voté unanimement le 27 mai par le conseil communal. L’article 32 dans le chapitre 2 prévoit une interdiction d’usage des feux d’artifice et des pétards. Merci pour votre compréhension !

Waasserbaseng “op der Heed”

Waasserbaseng “op der Heed”

Ronn véier Milliounen Euro ginn aktuell an de Waasserréseau an der Gemeng Beefort investéiert. D’Häerzstéck vum zukënftege Waasserréseau ass den neie Waasserbaseng op der Heed, deen iwwer dräi Milliounen Euro kascht. Hei ginn am Ganzen dräi Cuve vu jeeweils 400 Kubikmeter ënnerbruecht. Zwou Cuve si fir Beefort bestëmmt an eng fir een interkommunale Projet, bei deem eng komplett nei Waasserleitung vum Cloosbierg zu Déiljen iwwer Beefort, Reisduerf a Bettenduerf op Dikrech geluecht gëtt.

Dës Woch goufen d’Aarbechte vun den dräi Cuven ofgeschloss.

****

Environ quatre millions euros sont actuellement investis dans le réseau d’eau dans la commune de Beaufort. La pièce maitresse du futur réseau d’eau est le nouveau bassin d’eau « op der Heed » qui contient trois cuves de 400 mètres cube et qui coûte plus de trois millions d’euros. Deux cuves sont désignées pour Beaufort et une pour un projet intercommunal. Ce projet prévoit la construction d’une nouvelle conduite d’eau du Cloosbierg à Dillingen à travers Beaufort, Reisdorf et Bettendorf jusqu’à Diekirch.

Cette semaine les travaux des trois cuves sont terminés.

Opriichte vum Chrëschtbam

Opriichte vum Chrëschtbam

Virun der Kierch huet d’Ekipp vum Fierschter Marc Hoffmann de Chrëschtbam opgeriicht. Eng gutt hallef Stonn huet d’Aktioun haut de Moie gedauert a kuerz viru Mëtteg stoung de Chrëschtbam. Ënnendrënner ass eng kleng Fotosgalerie vun den Aarbechten an zum Ofschloss d’traditionell Gruppefoto.    

Vitessen am Oktober

Vitessen am Oktober

(Texte français en bas). An onregelméissegen Ofstänn ginn op dëser Plaz e puer Donnéeë vun der Auswäertung vun de verschidde Vitessepanneauen an der Gemeng Beefort publizéiert. Ënnendrënner sinn elo e puer Zuele vum leschte Mount Oktober.

Am Agank vu Beefort (route de Grondhaff) goufen am Ganze 37.337 Miessungen an de béide Richtunge gezielt. D’Duerchschnëttsgeschwëndegkeet beleeft sech op 54 km/h. An 63,3 Prozent vun de Fäll ass déi maximal Geschwëndegkeet vu 50 km/h iwwerschratt ginn. Bei dësem Prozentsaz fält et op, datt 82,5 Prozent mat iwwer 50 km/h aus dem Duerf erausfueren. Des Weidere gouf 617 Mol den “Délit de grande vitesse” (méi séier ewéi 75 km/h) notéiert.

Däitlech méi Miessunge goufen an der Route de Reisdorf vermierkt an zwar 57.095. D’Durechschnëttsgeschwëndegkeet läit hei bei 47 km/h. Ewéi an der Grondhafferstrooss gëtt méi séier eraus- ewéi eragefuer. 43,7 Prozent hale sech net un déi virgeschriwwene Vitesse a 645 Mol war et een “Délit de grande vitesse”.

Déi meescht Miessungen zu Beefort goufe bei der Schoul gezielt: 131.541. Méiglecherweis wéinst dem Chantier a well Elteren hir Kanner an d’Schoul féieren ass hei d’Duerchschnëttsgeschwëndegkeet 40 km/h an 8,6 Prozent vun de Chaufferen hunn op dëser d’Plaz déi maximal erlaabte Geschwëndegkeet vu 50 km/h iwwertratt. 63 Mol gouf op dëser Plaz een “Délit de grande vitesse” notéiert.

Um Grondhaff hu sech 39,3 Prozent vun de 120.148 Chaufferen nët un déi maximal Geschwëndegkeet vu 70 km/h gehalen an d’Duerchschnëttgeschwëndegkeet beleeft sech hei op 68 km/h. 286 Mol gouf et een “Délit de grande vitesse” (an dësem Fall méi wéi 105 km/h).

De Vitessepanneau zu Déiljen huet Onregelméissegkeete gewisen an dowéinst ginn dës Donnéeën net publizéiert.

Ofschléissend ass ze bemierken, datt déi komplett Analysen an Zuele mat ënner anerem den Délit de grande vitesse mam Datum an Auerzäit all Mount un d’Police zu Iechternach weidergeleet ginn.

****

La mise en valeur des résultats de panneaux de vitesse sur le territoire de la commune de Beaufort sera publiée de temps en temps. Voici les analyses du mois d’octobre.

A l’entrée de Beaufort (route de Grundhof) le panneau de vitesse a noté 37.337 passages dans les deux sens. La vitesse moyenne s’élève à 54 km/h et dans 63,3 pourcent des cas la vitesse maximale autorisée de 50 km/h a été dépassée. Dans ce contexte on remarque que 85,5 pourcent des dépassements se font à la sortie de Beaufort. De plus 617 fois le « délit de grande vitesse » (plus que 75 km/h) est notée.

Nettement plus de passages ont étés enregistrées dans la route de Reisdorf : 57.095 avec une vitesse moyenne de 47 km/h. Comme dans la route de Grundhof on remarque que la vitesse de sortie est plus élevée que la vitesse d’entrée. 43,7 pourcent de conducteurs ne respectaient pas la vitesse de 50 km/h est dans 645 cas un « délit de grande vitesse » est affiché.

Le plus grand nombre des mesurages (131.541) a été comptabilisé près de l’école. Il se peut qu’à cause du chantier et que les parents conduisent leurs enfants à l’école qu’à cet endroit la vitesse moyenne s’élève à 40 km/h et que 8,6 pourcent de conducteurs ont dépassé la vitesse maximale autorisée. Quand même 63 fois un « délit de grande vitesse » a été noté.

Au Grundhof 39,3 pourcent des 120.148 enregistrements ne se sont pas tenus à la vitesse maximale autorisée de 70 km/h tandis que la vitesse moyenne s’élève à 68 km/h. Une vitesse supérieure à 105 km/h (à ce moment « délit de grande vitesse ») a été enregistrée.

Le panneau de vitesse à Dillingen a montré des irrégularités et de cette raison les résultats ne sont publiés.

A la fin il est bon à savoir que les analyses complètes avec toutes les chiffres comme entre-autres les délits de grande vitesse avec date et heure exacte sont transmises chaque mois au commissariat de Police à Echternach.

Een neie Minibus fir de Schoultransport

Een neie Minibus fir de Schoultransport

Nodeems d’lescht Joer fir de Schoulufank d’Gemeng een neie Minibus konnt an Empfank huele gouf elo den nächste Minibus geliwwert. De Christian Zender (Key Account Manager Véhicules spéciaux Mercedes-Benz) huet dem Buergermeeschter Camille Hoffmann haut de Moien d’Schlëssele vum Mercedes-Benz Sprinter offiziell iwwerreecht.

Et ass den nämmlechte Modell, deen zanter iwwert engem Joer am Asaz ass an zwar ee Mercedes-Benz Sprinter 316 CDI Tourer L2 RWD. D’Motorleeschtung vun 120 kW (163 PS) gëtt mat engem automatescher Getriebe op d’Rieder iwwerdroen. Ee klengen Ënnerscheed zum viregte Bus huet allerdéngs den neie Minibus: een Navigatiounssystem fir op nët alldeeglech Plazen ze fueren ewéi zum Beispill de “Rassemblement des Beaufort” a Frankräich. Des Weideren huet de Minibus d’Effizienzklass A (Euro 6) a mat nëmmen 178 Gramm CO2  pro Kilometer ass dat relativ wéineg fir ee Gefier aus där Kategorie. D’Klimafrëndlechkeet vum Bus huet säin Deel bei der Kafëntscheedung bäigedroen.

Am Ganzen hunn am Minibus néng Leit Plaz: vir fir de Chauffer an de Bäifuerer, zwou Reie mat zwou Plazen an déi lescht Rei mat dräi Plazen. Duerch dës Sëtzuerdnung huet ee vill méi Plaz fir eran- an erauszeklammen. D’Dire ginn automatesch op an zou an hei brauch een nëmmen ee Knäppchen ze drécken. Ee weidere Plus ass eng automatesch Stuf. Den zousätzlechen Träpplek erméiglecht net nëmmen de Kanner ee méi einfacht eran- an erausklammen. Och den eelere Matbierger a Leit mat beschränkter Mobilitéit kënnt dësen Träpplek entgéint. Des Weidere gëtt et eng hallefautomatesch Klimaanlag mat enger Dachklima hannen am Gefier. Dat erméiglecht, datt am ganze Minibus iwwerall déi nämmlecht Temperatur geregelt gëtt. Zousätzlech gëtt et hannen eng 360-Grad-Kamera an doduercher huet de Chauffer ee kompletten Iwwerbléck beim hannerzech fueren.

No der Allerhellegevakanz wäert dëse moderne Minibus, dee ronn 53.000 Euro kascht huet, an den Asaz kommen.

Nationale Gedenkdag zu Beefort

Nationale Gedenkdag zu Beefort

Den nationale Gedenkdag erënnert all Joer un d’Resistenz vum Lëtzebuerger Vollek während der Occupatioun an der schwéierer Zäit vun 1940 bis 1945. Den Ursprung vun der “Journée de commémoration nationale” geet op den 10. Oktober 1941 zréck. De Chef vun der Zivilverwaltung Gustav Simon huet deemools eng “Personenbestandsaufnahme” am vun Nazidäitschland besate Lëtzebuerg organiséiert.

Ënnert den eelef Froen hunn der dräi besonnesch erausgestach. No den éischten typesche Froen iwwert ënner anerem dem Numm a Gebuertsdatum war déi fënneft Fro mat engem gewëssenen Hannergedanke verbonnen: “Jetzige Staatsangehörigkeit”. Bei der siwenter Fro huet ee misse seng “Muttersprache” schreiwen. An der Erklärung ënnendrënner gouf drop higewisen, datt d’“Dialekte (Mundarten) ewéi zum Beispill lëtzebuergesch oder plattdäitsch nët als Mammesprooch gëllen. Ëm d’”Volkszugehörigkeit” goung et bei der aachter Fro. Hei gouf Folgendes an der Erklärung ënnerstrach: “… Es soll auch nicht die Stammeszugehörigkeit (wie z.B. luxemburgisch, bayrisch, sächsisch) eingetragen werden. Ein Bekenntnis zu zwei Völkern ist nicht möglich. …”.

Eng grouss Majoritéit vun de Lëtzebuerger huet op dëse Froe mat “Lëtzebuergesch” geäntwert. Den 11. Oktober gouf déi ganz Aktioun kuerzerhand annuléiert éier dat offiziellt Resultat verkënnegt gouf. D’”Personenbestandsaufnahme” war vun de Lëtzebuerger an eng Zort Referendum fir hir Eegestännegkeet a géint d’Besatzung ëmgewandelt ginn.

Agefouert gouf den nationale Gedenkdag am Joer 1946 an dobäi erënnert sech Lëtzebuerg u seng Awunner, déi während der Nazibesatzung an der Resistenz aktiv waren, a Prisongen oder Aarbechts- a Konzentratiounslager verschleeft goufen, ëmgesidelt an/oder an d’Wehrmachtsuniform gezwonge goufen. D’Haaptfeierlechkeete ginn an der Stad ofgehalen an dëst Joer gouf a Präsenz vum Grand-Duc Henri eng Plack op der Stater Gare enthüllt a si erënnert un d’Leed vun de Fraen zu där Zäit. 3.614 Meedercher a jonk Frae sinn an de “Reichsarbeitsdienst” gezwonge ginn an 58 vun hinnen hunn hir Heemecht nët méi erëmgesinn.

Zu Beefort gouf sech wéinst den aktuelle Sécherheetsregelen an Hygiènemesuren an engem klenge Kader erënnert. An der Gedenkmass ass d’Pastoralassistentin Josiane Mirkes ass op déi schwéier Zäit vun deemools agaangen an huet Vergläicher mat der heiteger Zäit gezunn. Uschléissend huet de Schäfferot eng Gerbe beim Monument aux Morts nieft der Kierch néiergeluecht a musikalesch gouf d’Gedenkfeier vun de Chorale Sainte Cécile Beefort a Sang mat Waldbëlleg/Haler encadréiert.  

Gold fir Beefort

Gold fir Beefort

Nodeems d’Gemeng Beefort d’lescht Joer am Kader vum siwente Klimapakt-Dag zu Esch-Uelzecht mat Selwer ausgezeechent gouf an dat mam héchste Wäert an där Kategorie mat 80,3 Prozentpunkten, koum haut d’Nouvelle, datt Beefort als éischt Gemeng aus dem Natur- a Geopark mat Gold certifiéiert gouf. Dës Kéier konnt ee sech seguer steigeren an et konnt ee 85,9 Prozentpunkten erreechen.

De Beeforter Gemengerot huet den 30. September 2015 eestëmmeg beschloss, dem Klimapakt-Vertrag vum 9. Dezember 2013 tëschen dem Lëtzebuerger Staat, der Interessegemeinschaft “MyEnergy” an der Gemeng Beefort zouzestëmmen. Weider Detailer an Erklärungen zum Klimapakt stinn op dëser Internetsäit an der Rubrik “Klimapakt” an déi goufen och an der Nummer 65 vum “De Beeforter” virgestallt.

Nom formidabele Succès gouf sech als nächst Ziel “Gold” gesat. Am Géigesaz zum Sëlwer-Audit war dës Kéier de Leonard Meyer aus Berlin als Vertrieder vum “European Energy Award” present an als national Auditorin Nathalie Moreau, technesch Direktesch bei LuxControl. Den Audit fir Gold war dëst Joer de 7. Juli zu Beefort a Präsenz vum Klimaberoder Thomas Schlicher, dem komplette Service vun der Gemeng, dem Buergermeeschter Camille Hoffmann an dem Schäffen Emile Wies.

Wéinst der aktueller Situatioun ass de Klimapakt virtuell iwwert d’Bühn gaangen an d’Spannung war riseg wéi géif d’Resultat ausfalen. Et hat ee gutt Gefill an dat gouf och bestätegt. 85,9 Prozentpunkte konnt Beefort erreechen. Beim dësjähregen Audit fir Gold hu sech nieft Beefort nach Mäerzeg (78 Prozent) an Useldéng (76,6 Prozent) engagéiert. Déi aner Gemengen haten hiren Audit/Re-Audit d’lescht Joer an dowéinst sti se nët op der Lëscht “European Energy Award Gold 2020”.

D’Situatioun war fir jidderee wéinst den Ëmstänn nët einfach. Freed war nët nëmme grouss fir et a sou kuerzer Zäit gepakt ze hunn, als éischt Gemeng aus dem Natur- a Geopark ausgezeechent ze ginn, dat bescht Resultat vum Gold-Audit 2020 zu Lëtzebuerg erreecht ze hunn mee och um europäeschen Niveau ganz vir ze sinn an zwar op der éischter Plaz. 34 Gemengen aus Éisträich, Frankräich, Italien, Schwäiz a Lëtzebuerg hu sech engem Gold-Audit gestallt. Nieft Beefort hu sech nach 18 Gemenge fir déi éischte Kéier fir Gold préiwe gelooss a 15 Gemengen haten een “Re-Award”. Interessant ass et och ze wëssen, datt Beefort an der globaler internationaler Lëscht virleefeg op déi aachte Plaz kënnt.

Zum Ofschloss d’Lëscht vum “European Energy Award Gold 2020” mat weider Resultater a Fotoe vun haut: