Unicef informéiert, datt si d’nächst Woch vun e Méindeg bis Samschdeg an der Gemeng Beefort mat hirer “Porte à Porte”-Campagne weiderfueren, dëst selbstverständlech am Respekt vun de Gestes barrières. Bei dëser Campagne gi si bei d’Leit schellen, fir se iwwert hir Aarbecht ze informéieren an hinnen d’Geleeënheet ze ginn sech anzeschreiwe fir reegelméissegen Donateur vun der Organisatioun ze ginn. Dëst geschitt iwwert een Tablett. Si huelen zu kengem Zäitpunkt boer Suen a si kënnen sech mat engem Badge ausweisen an hu Kleeder mat hirem Numm a Logo un. Weider Informatioune ginn ët ënner https://www.unicef.lu/unicefteam/
****
Unicef informe que sa campagne « Porte à porte » continuera la semaine prochaine du lundi au samedi dans la commune de Beaufort et ceci dans le respect des gestes barrières. Lors de cette campagne les membres de l’association sonnent aux portes. Ils informent les gens sur leur travail et offrent la possibilité de s’inscrire en tant qu’un donateur régulier de l’organisation. Ceci se fait à l’aide d’un tablet. Dans aucun cas ils n’acceptent pas de l’argent liquide. Les membres portent une veste bleue avec logo Unicef et un badge avec carte d’identité. Plus d’informations sont disponibles sous https://www.unicef.lu/unicefteam/