De Kiosk mat sengem Pavillon an den Alentouren op der “Place des Nations” gehéiert haut zum feste Bestanddeel am Manifestatiounskalenner vun der Gemeng Beefort a senge Veräiner an ass aus dem Duerfliewen net méi ewechzedenken. Den offiziellen Nummer vun dëser Plaz ass “Place des Nations – Um Kiosk“ a gestëmmt gouf den Numm an der Gemengerotssëtzung vum 27. Mee 2015. Dësen Numm gouf vun der “Commission consultative communale d’intégration” virgeschloen an och ugeholl.

D’Geschicht vum Kiosk geet zréck an d’Joer 1965 wéi de fréiere Kiosk am Kader vum 75. Jubiläum vun der Beeforter Musek ënnert dem deemolege Buergermeeschter Léon Bartimes opgeriicht gouf. Enn den 1990er Joren ass d’Plaz an d’Jore komm an och ee bësschen an de Vergiess geroden. Duerch seng zentral Lag am Duerf an nobäi beim Schoulkomplex ass allerdéngs den Interessi vun de Veräiner hei Fester ze organiséieren lues awer sécher erëm nei erwächt.
An der Gemengerotssëtzung vum 20. September 2013 huet de Gemengerot eng Opwäertung an Notze vum Kiosk mat den Alentoure beschloss. D’Duerfplaz an de Kiosk goufe komplett erneiert. De Käschtepunkt loung bei eng gudder hallwer Millioun Euro. Als Baumaterialie fir de Kiosk, dee mat enger Liichtkuppel ausgestatt ass, an dem Pavillon goufe Lärchenholz, oxidéierten Zénk a Sandstee benotzt. Bänken an eng nei Beliichtung gehéieren ënner anerem zu den neien Installatiounen.
Ageweit gouf d’”Place des Nations – Um Kiosk” am Kader vum Schoulfest den 10. Juli 2015 a Präsenz vum Landwirtschaftsminister Fernand Etgen, 50 Joer no de Aweiung vum éischte Kiosk. De Ministère de l’Agriculture, de la Viticulture et de la Protection des consommateurs hat dëse Projet mat ronn 30 Prozent ënnerstëtzt.
Feierlechkeeten am Kader vum Nationalfeierdag, den Europadag an d’Kiermes sinn nëmmen e puer Beispiller, déi vun der Gemeng op der “Place des Nations – Um Kiosk” organiséiert ginn. Net ze vergiesse sinn déi sëlleg Manifestatioune vun de Beeforter Veräiner, déi an der Tëschenzäit op eng jorelaang Traditioun kënnen zréck kucken a Visiteuren aus dem ganze Land an doriwwer eraus unzéien.
