D’Geschicht vum Beeforter Generatiounsgaart huet am Joer 2018 ugefaangen an dëse Projet vun der Gemeng Beefort gouf an Zesummenaarbecht mat verschidde Partner ewéi zum Beispill dem Cell (Centre for Ecological Learning Luxemburg), dem Cigr Mëllerdall (Centre d’initiative et de gestion regional) an dem Natur- a Geopark Mëllerdall realiséiert.
De Generatiounsgaart leeft no den Ethike vun der Permakulturdéi duerch verschidde Prinzippien am Uleeë vum Gaart an a sengen Aktivitéitenugewend ginn. D’Permakultur staamt of vun de Wieder „Permanent Agrikultur“. Hei geet et em eng naturno an nohalteg Approche déi et erméiglecht dat natierlecht Gläichgewiicht vun der Natur ze observéieren, ze erfuerschten an ze imitéiere fir esou an Harmonie mat der Natur ze schaffen an nimools géint si. Am Gaart ginn dowéinst weder Pestiziden nach chemesch Dünger oder soss artifiziell Produite benotzt mee et gëtt gehollef datt d’Natur hiren natierleche Rhythmus erëm selwer kann hierstellen. All Handlungen, déi am Gaart geholl ginn, sollen et erméiglechen, datt et eiser Äerd a senge Leit gutt geet an, datt ee mateneen an engem fairen Ekiliber liewe kann.
An der Wantersaison 2024/2025 koum et zu enger Zort “Ëmdëppen” am Generatiounsgaart. Nodeems Kontrakter mat verschidde Partner ausgelaf sinn an net verlängert goufen, huet d’Gemeng d’Koordinatioun an de Planning vu sengem eegene Gaart (vun der éischter Stonn un) rëm iwwerholl. Nom “Ëmdëppen” huet d’Gemeng neien a frësche Som geséit. Dowéinst muss ee bëssi gedëlleg si fir d’Resultat ze gesinn a wärend dëser Zäit bleift de Gaart selbstverständlech weiderhi fir jiddereen op.
Aktivitéiten a Manifestatioune gi weiderhin am Generatiounsgaart organiséiert an d’Gemeng ass den eenzegen Uspriechpartner dofir: commune@beaufort.lu . Neiegkeeten, Manifestatiounen an Aktivitéiten ginn um Internetsite vun der Gemeng (www.beaufort.lu), op der Facebook-Säit vun der Gemeng (www.facebook.com/GemengBeefort) an an der “Beeforter App” matgedeelt. Eng speziell Facebook-Säit vum Generatiounsgaart gëtt et net méi.
De Generatiounsgaart ass aktuell vu moies 8 Auer bis owes 20 Auer fir de Public zougänglech.