Bréifwal / Vote par correspondance

E Sonndeg, den 8. Oktober, si Chamberswalen zu Lëtzebuerg. Nieft de Chamberswale gëtt zu Beefort gläichzäiteg een neie Gemengerot gewielt. Bekanntlech huet d’Cours administrative d’Gemengewale vum 11. Juni annuléiert an den Inneministère opgefuerdert een Termin festzeleeën, deen den 8. Oktober ass. Zesumme mat de Chamberswalen.

D’Demande fir eng Bréifwal musse fir all Wal eenzel gestallt ginn. Eng Demande fir d’Bréifwal fir d’Gemengewalen zum Beispill gëllt net automatesch fir d’Chamberswalen oder ëmgedréint. Zanter dem 17. Juli ass et méiglech Bréifwal unzefroen an et gëlle folgend Délaie fir déi zwou Walen:

– 29. August: Envoi vun den Ënnerlagen op eng Adress am Ausland
– 13. September: Envoi vun den Ënnerlagen op eng Adress hei zu Lëtzebuerg

Iwwer den Internetsite guichet.lu kann een eng Demande ufroen:

* Gemengewalen

* Chamberswalen

 

****

 

Le dimanche 8 octobre auront lieu les élections législatives. A côté de ces élections le jour même sont également organisés les élections d’un nouveau conseil communal à Beaufort. C’est bien connu que la Cour administrative a annulé les élections communales à Beaufort du 11 juin et a convié le Ministère de l’Intérieur à fixer une nouvelle date qui est le 8 octobre. Ensemble avec les élections législatives.

En ce qui concerne le vote par correspondance il est important à savoir qu’il faut introduire une demande séparée pour chacune des deux élections. Une demande pour un vote par correspondance pour les élections communales n’est pas automatiquement valable pour les élections législatives et inverse. Depuis le 17 juillet il est possible de faire les demandes pour un vote par correspondance et les délais sont les suivants :

– 29 août : envoi du courrier à une adresse à l’étranger
– 13 septembre : envoi du courrier à une adresse au Luxembourg

Les demandes peuvent se faire également via le site internet guichet.lu à savoir :

* Elections communales

* Elections législatives

Dernière modification le 27.07.2023

Des articles de la même catégorie

Befort – E Bild vun engem Duerf

Befort – E Bild vun engem Duerf

Haut viru genee 43 Joer war Halleffaaschten. Op dësem 13. Mäerz 1983 huet den “Hei Elei Kuck Elei” ee Film vu ronn 45 Minutten iwwer Beefort gewisen. De Film vum Menn Bodson a Pierre Puth kann een um Site vun RTL gesinn an de Link ass hei ënnendrënner. “Befort – E...

lire plus
Waasserbaseng “Hondsbierg“ zu Déiljen ageweit

Waasserbaseng “Hondsbierg“ zu Déiljen ageweit

Knapps ee Joer no der Aweiung vum Waasserbaseng “op der Heed” zu Beefort gouf gëschter de Waasserbaseng “Hondsbierg” zu Déiljen offiziell ageweit. Dëst a Präsenz vum Inneminister Léon Gloden an dem Tom Schaul, deen den Ëmweltminister Serge Wilmes vertrueden huet, dee...

lire plus
Deng Iddi ass gefrot! Ton idée compte!

Deng Iddi ass gefrot! Ton idée compte!

D’Sport-, Jugend- a Fräizäitkommissioun vu Beefort sicht an Zesummenaarbecht mam Syndicat d'Initiative et du Tourisme an der Gemeng e flotten a kreativen Numm fir d'Fräizäitplaz bei der Äispist. Proposéier deng Iddi fir eis Fräizäitplaz!...

lire plus
Aller au contenu principal