Vacance de poste – chargé technique B1 (m/f)
Nationale Gedenkdag mat Kiermes zu Déiljen
Gëschter gouf zu Déiljen den Nationale Gedenkdag an der Gemeng Beefort zesumme mat der Déiljer Kiermes zelebréiert. Den Datum vun der Kiermes zu Déiljen riicht sech nom Patréiner vun der Kierch, dem hellege Lucas. Säin Datum ass den 18. Oktober an dëst Joer ass deen Datum genau op den Dag vum Patréiner gefall.
Ugefaangen huet den Dag mat enger Gedenkmass, déi vun der Pastoralassistentin Josiane Mirkes gestallt a vun der Chorale Ste Cécile Beefort, Haler, Waldbëlleg musikalesch encadréiert gouf. Am Mëttelpunkt vun der emotionaler Priedegt stoung d’Thema “Gemeinschaft” mat all deene verschiddene Facetten. An der deemoleger Zäit an awer haut an dat besonnesch wann eng Persoun feelt. Da muss jidderee fir den aneren do sinn, och wann et schwéier fält. Dës Erausfuerderung huet an dësen Deeg nom Ofliewe vum Paschtouer Carlo Morbach, deen an de leschte 25 Joer Paschtouer zu Beefort war, eng besonnesch Bedeitung kritt. Op jidde Fall huet d’Josiane Mirkes déi passend Wieder an hirer Priedegt fonnt, déi zum Schluss mat engem Applaus gewierdegt gouf.
No der Mass ass de Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch a senger Ried op déi wärend dem Zweete Weltkrich gefale Jonge vun Déiljen agaangen: Théo Gansen, René Ludovicy, Jean Ludovicy a Jean-Paul Schaaf. Hei stécht besonnesch de Jean-Paul Schaaf ervir, deen am Alter vun nëmme 14 Joer den 18. September 1944 beim Hidde vun de Kéi vun der däitscher Säit mat fënnef Schëss erschoss gouf. Op der Gedenktafel ass eng Knosp, een Zeeche vum Liewen, agemeesselt. Zum Ofschloss huet de Schäfferot Blumme virun der Gedenktafel néiergeluecht.
Jörg Ruppert gewënnt de “Prix de la Commune de Beaufort”
De leschte Weekend stoung Sprangreiden am Mëttelpunkt am internationale Reitzentrum zu Beefort. An net manner an eelef Kategorie gouf gesprongen an e Samschdeg an der Mëttesstonn ass et ëm de “Prix de la Commune de Beaufort” gaangen.
An dëser Kategorie fir Päerd mat ënner anerem enger Héicht vun 110 Zentimeter an een Alter vun op mannst fënnef Joer hu sech am Virfeld 18 Reider a Reiderinnen ageschriwwen. Verschiddener vun hinne si mat méi wéi engem Päerd gestart an dat erkläert firwat de Jörg Ruppert vum “RC Mittelmosel Simmenach e.V.” gläich zweemol um Podium vertruede war. Mam Päerd “Casalina B” konnt hien déi éischt Plaz beleeën a mam Päerd “Udina B” koum hien op déi zweet Plaz. De François Herbecq vum “RFCV Im Heidental” huet mam Päerd “Carentina Cornet” de Podium komplett gemaach.
Déi sämtlech Resultater vum Weekend sinn ënnert dësem Link verfügbar: https://fn-erfolgsdaten.de/show/276565 . Den nächste Weekend, de 24. an de 25. Oktober, steet iwwregens d’Dressur am internationale Reitzentrum zu Beefort um Programm.
Gold fir Beefort bestätegt a verbessert
Dräi Joer nodeems d’Gemeng Beefort beim “European Energy Award Gold” mat 90,7 Prozentpunkten als beschte Gemeng an Europa ausgezeechent gouf, konnt d’Gemeng dëst Resultat nach verbesseren. Haut koum d’Nouvelle, datt beim Audit de 14. Juli am Ganzen 90,8 Prozentpunkten erreecht konnte ginn an och dëst Joer gehéiert d’éischt Plaz an Europa fir d’Gemeng Beefort.
Déi offiziell Präisiwwerreechung ass Mëtt November zu Liechtenstein an da gi weider Detailer an Informatioune matgedeelt.

Ee Kiermes-Trail zum traditionelle Programm
Gëschter gouf d’Beeforter Kiermes gefeiert. Den Datum vun der Kiermes riicht sech nom Méchelsdag (Saint Michel a Patréiner vun der Beeforter Kierch), deen op den 29. September fält. Ass den 29. September ee Sonndeg, da gëtt den 29. September gefeiert an am anere Fall ass et dann den éischte Sonndeg nom 29. September, sou wéi gëschter op engem 4. Oktober.
Nei an dësem Joer war de Kiermes-Trail, deen an dräi Kategorien agedeelt war. Um 9.45 Auer war de Start vun de 14,5 Kilometere mat 242 Héichtemeeteren, duerno um 10 Auer den Depart vun de 7,5 Kilometere mat 103 Héichtemeeteren an um 11 Auer de “Kids Trail” fir Kanner bis zwielef Joer. Den Trail war net chronometréiert.
Den traditionellen Deel vun der Kiermes huet mat enger Kiermesmass ugefaangen, déi vun der Pastoralassistentin Josiane Mirkes gestallt a vun der Chorale Ste Cécile Beefort, Haler, Waldbëlleg gesanglech encadréiert gouf. No der Mass goung et zesummen op d’Place des Nations, wou d’Kiermes offiziell opgemaach gouf an d’Gemeng huet den Éierepatt, de Kiermeskuch, d’Kiermesham offréiert. Am Laf vum Dag koum nach d’Kiermesdrëpp dobäi a well gëschter och nach Pappendag war, krut all Papp eng kleng Titche mat Nëss als Kaddo iwwerreecht.
Fir Iessen a Gedrénks hunn d’lokal Veräiner gesuergt an de ganzen Dag gouf et Kiermesspiller, Animatioun, Facepainting an ee Floumaart. “La Schlappe Sauvage”, déi virun e puer Wochen hiren zéngten Anniversaire gefeiert huet, huet mat hire Lidder fir déi richteg Kiermesstëmmung beim exzellente Wieder gesuergt.
Beefort op der Joyeuse Entrée zu Éinen
De leschte Freideg war no Esch an Ëlwen déi drëtt vun insgesamt fënnef Joyeuses Entrées vun der groussherzoglecher Koppel. Zu Éinen stoung d’Regioun Oste mat sengen 22 Gemengen am Mëttelpunkt. Gemeng Beefort gouf offiziell vertrueden duerch de Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch, dem Schäffe Bruno Grilo an enger klenger Delegatioun zu där follgend Leit gehéiert hunn: Fatima Simoes, Jacqueline Kuijpers, René Champagne a Josip Nerancic.
Zesumme mat de Vertrieder vun den anere Gemenge goung et mat der MS Princesse Marie-Astrid vun Éinen op Wuermer, wou de Grand-Duc Guillaume an d’Grande-Duchesse Stéphanie empfaange goufen, an uschléissend zréck op Éinen. Et war een Dag fir déi ganz Regioun mat lokale Produzenten, touristesch Offeren a Projeten, Virféierungen an Animatioun vu lokale Veräiner an Innovatioun an nohaltege Wäibau.
Nom offizielle Besuch gouf den Dag mat engem Volleksfest ofgeschloss. Déi nächst Joyeuses Entrées sinn d’nächst Joer zu Miersch a Biekerech.
Nei Hal fir Holzhackschnitzel: eng Première zu Lëtzebuerg
Aarbechten an Héicht vu 5.413.163,90 Euro, déi an der Gemengerotssëtzung vum 7. Juli dëst Joer gestëmmt goufen, hunn nom Kollektivcongé “beim Kemeschmoor” ugefaangen. Den éischte Projet, deen aktuell leeft, ass de Bau vun enger Hal fir Holzhackschnitzel an hei läit den Devis bei 3.546.072,62 Euro. Weider 1.867.091,28 Euro gi fir een Zougank zum Site vun der Hal investéiert. Dës nei Strooss fänkt hannert der Jugendherberge un a geet bis op den neie Site, wou nach aner Projeten a Planung sinn. An deem Sënn gi sämtlech néideg Infrastrukture geluecht.

An der neier Hal ginn d’Holzhackschnitzel gedréchent a gelagert a si gi benotzt fir d’Heize vun de Gebaier, déi der Gemeng gehéieren. De Produit staamt aus de Bëscher aus der ëffentlecher Hand an zum gréissten Deel aus der Gemeng an och der Regioun. D’Planung vun der Hal gouf no de Virgabe vun der “Administration de la Nature et des Forêts” gemaach. De Lagervolumen vun der Hal an hallefoppener Bauweis beleeft sech op ongeféier 3.000 Kubikmeter bei renger Lagerung an op ongeféier 2.670 Kubikmeter bei kombinéierter Notzung bei lageren an dréchne vun den Holzhackschnitzel.

D’Buedemplack an der Hal besteet aus stolenem Bëton an aus dem Material sinn och d’Trennwänn bis zu enger Héicht vun 1,50 Meter. Uewendriwwer sinn dann d’Madrillen. Op den Daach komme Solarkollekteren a Kollekteren enger Photovoltaikanlag fir eng solar Dréchenanlag an der Hal. Dësen neie System an der neier Hal zu Beefort ass eng Première zu Lëtzebuerg. Nei an deem Sënn, datt an enger Hal Holzhackschnitzel gedréchent a gläichzäiteg gelagert ginn an de Stroum gëtt op der Plaz produzéiert.
D’Aarbechte vun der Hal hunn no dësem Kollektivcongé ugefaangen a solle bis den nächste Kollektivcongé am Summer 2027 ofgeschloss sinn. Fir de Verkéier am Duerfzentrum ze entlaaschten an de Schoulbetrib net ze stéieren, fueren d’Gefierer an d’Maschinnen iwwert de Kinnewee Ausgang Beefort op de Chantier.
Erweiderung an Amenagéierung vum Beeforter Kierfecht
An der Gemengerotssëtzung vum 30. September 2025 huet de Gemengerot eestëmmeg de Projet vun der Erweiderung an Amenagéierung vun de Kierfechter zu Beefort an Déiljen gestëmmt. Den Devis beleeft sech op insgesamt 1.233.297,70 Euro. Dëse Betrag setzt sech zesummen aus dem Projet zu Beefort an Héicht vun 976.669,20 Euro, zu Déiljen 141.628,50 Euro an nach Honoraire fir 115.000 Euro.

An enger éischter Phas goufen am Ufank vum Fréijoer déi bestoend Beem ewechgeholl an den Terrain fir d’Aarbechte virbereet. Hei entstinn ënner anerem e „Jardin du Souvenir“ an et gi Plaze fir ënnerierdesch Urnebäisetzungen an Urnemauere virgesinn. Gabionen an Natursteng suerge fir eng natierlech Ofgrenzung vun de verschiddene Beräicher.
Am Kader vum Projet gëtt och d’Infrastruktur ronderëm de Kierfecht verbessert. Nieft engem zousätzleche Parking gëtt ee WC-Gebai mat engem integréierte Raum fir Material an Aarbechtsgeschier gebaut. Bänke bidden de Visiteuren d’Méiglechkeet, sech auszerouen an e Moment ze verweilen.
Nei Gréngfläche mat Beem a Sträich, déi un de Standuert ugepasst sinn, sollen dem erweiderte Kierfecht e rouegen an natierleche Charakter ginn. Duerch eng nei Ouverture an der bestoender Ëmfassungsmauer ginn de Kierfecht an den neie Parking direkt matenee verbonnen.
Mat dësen Aarbechte gëtt de Beeforter Kierfecht un déi aktuell an zukünfteg Besoinen ugepasst a gläichzäiteg als Plaz vun der Rou an der Erënnerung opgewäert.
Gutt Stëmmung beim Generatiounsfest
No der erfollegräicher Première d’lescht Joer war de leschte Samschdeg déi zweet Editioun vum Generatiounsfest, déi vun der Kommissioun vum Drëtten Alter an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an de Beeforter Veräiner organiséiert gouf. De Rendez-vous war wéi gewinnt op der “Place des Nations – Um Kiosk”.
Nom Aperitif gouf d’Mëttegiessen zerwéiert. Op Virbestellung konnten d’Gäscht tëschen engem Grillteller oder vegetareschen Teller, all Kéiers mat Kaffi a Kuch wielen. Den Duo Lisa an Nathalie hu mat hirem Optrëtt fir gutt Stëmmung ënnert de Leit gesuergt a soubal d’Leit fäerdeg mam Iesse waren hu se net gezéckt d’Danzbeen ze schwéngen. Nom Optrëtt vum fantasteschen Duo huet den “DJ Backy” fir de Rescht vum Dag fir gutt Stëmmung gesuergt.
Wéi den Numm et schonns seet ass d’Generatiounsfest ee Fest fir all Generatioun an d’Kanner koume bei där Geleeënheet net ze kuerz. Si konnte sech ënner anerem op engem Sprangschlass oder um Trampolin hirer Energie fräie Laf ginn.
Zesumme mat de Bierger eng nei Spillplaz “Um Hiwel”
D’Spillplaz “Um Hiwel” gëtt nei amenagéiert an an dem Kader war gëschter am Kummelsbau eng Biergerversammlung zu dem Thema. Invitéiert ware sämtlech Bierger an och d’Kanner ware wëllkomm fir hir Virstellungen a Wënsch auszedrécken. No der Begréissung duerch de Schäffe Bruno Grilo goung Anita Baum vun “LSC360” op d’Lag vun der Spillplaz de spezifeschen Eegenschaften ewéi zum Beispill een Héichtenënnerscheed vun iwwer véier Meter op ongeféier 65 Meter Längt an enger minimaler Breet vu knapps zéng Meter op enger Plaz.
D’Spillplaz “Um Hiwel” soll sech mat den anere Spillplazen aus der Gemeng ergänzen an et gëtt versicht keng identesch Spiller opzeriichten. Selbstverständlech mussen déi aktuell Sécherheetsmoossname respektéiert ginn. Nodeems déi verschidde Méiglechkeeten erläutert goufen haten d’Leit Méiglechkeet an engem klenge Workshop hir Wënsch a Virstellunge virzedroen, déi uschléissend op enger Tafel zesummegefaasst goufen.
Een Thema loung ville Leit besonnesch um Häerzen an zwar eng Verkéiersberouegung beim Agank ze installéieren. D’Bewunner aus der Noperschaft beschwéiere sech, datt d’Vitesslimitatiounen net agehale ginn obwuel et 30er-Zon ass. Eng séier Léisung wier d’Opstelle vu “Knuppen” respektiv “Berliner Kissen”. Sécherheet war am Allgemengen ee grousst Thema an dozou gehéieren och d’Beliichtung (Solar), Waasserspender a Beem am Summer. Méi Sëtzgeleeënheeten, méi Spiller fir kleng Kanner, méi Spiller fir grouss Kanner an de Kanner hir Virstellung vu Rutschbanen a Schaukele si weider Iddien, déi opgeschriwwe goufen.
All dës Virschléi ginn elo analyséiert fir eng optimal Léisung fir déi amenagéiert Spillplaz ze fannen. Da gëtt de Projet op den Instanzewee bruecht fir e schlussendlech ëmzesetzen.
Schoulrentrée 2026/2027 – Rentrée scolaire 2026/2027
En Dënschdeg, de 15. September, ass d’Schoulrentrée an dëst Joer ginn et zu Beefort verschidden Upassungen, déi haaptsächlech de Schoultransport betreffen. Et fuere keng Mini-Busser méi mee dräi richteg Busser. All Bus ass 18 Meter laang an all Bus brauch seng Plaz fir bei d’Schoul ze kommen, méi genee an de Rond-point. Dowéinst ass et besonnesch wichteg de Wee vun der Haaptstrooss (Grand-Rue), de viischten Deel vum Kinnewee an de Rond-point komplett fräizehalen. Ouni Ausnam.
Et ass verbueden op deem Deel ze parken oder stationéieren, och net fir eng Minutt oder manner. Déi laang Busser kommen op där Plaz guer net laanscht d’Autoen a blockéieren dann de Verkéier bis op d’Haaptstrooss. Am beschten ass et komplett op den Transport vun de Schoulkanner mam Auto ze verzichten oder am anere Fall de “Kiss & Go” beim Atelier/Pompjeesbau ze benotzen.
Doduercher, datt elo dräi grouss Busser fueren, hunn d’Horaire vum Schoultransport am Verglach zum leschte Joer geännert an déi eenzel Zäite stinn hei ënnendrënner. Fir datt den Zäitplang agehale gëtt , sinn d’Awunner aus der Rue Belair gebieden hir Autoe wärend den Zäite vum Passage vum Schoulbus net laanscht d’Strooss oder um Trottoir ofzestellen.
Le mardi 15 septembre, c’est la rentrée scolaire. Cette année, plusieurs adaptations concernant principalement le transport scolaire seront mises en place à Beaufort. Les minibus ne circuleront plus : ils seront remplacés par trois bus de taille normale. Chaque bus mesure 18 mètres de long et a besoin de suffisamment d’espace pour accéder à l’école, notamment pour franchir le rond-point. Il est donc particulièrement important de laisser complètement libre, sans aucune exception, l’accès depuis la route principale (Grand-Rue), la partie avant de la Kinnewee et le rond-point. Sans exception.
Il est interdit d’y stationner ou d’y garer un véhicule, même pour une minute ou moins. En effet, les bus, en raison de leur longueur, ne peuvent pas passer lorsque des voitures sont stationnées à cet endroit et bloquent alors la circulation jusqu’à la route principale. Dans la mesure du possible, nous vous recommandons de renoncer à accompagner les enfants à l’école en voiture. Si cela n’est pas possible, veuillez utiliser le « Kiss & Go » situé près de l’atelier des services techniques / du bâtiment des pompiers.
En raison de la mise en circulation de trois grands bus, les horaires du transport scolaire ont également été modifiés par rapport à l’année dernière. Les différents horaires sont indiqués ci-dessous. Afin de permettre le respect de ces horaires, les habitants de la Rue Belair sont priés de ne pas stationner leurs véhicules sur la chaussée ou sur le trottoir pendant les heures de passage du bus scolaire.



“Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen” ënnerschriwwen
Gëschter Donneschdeg hunn am Kummelsbau d’Gemengen aus dem Natur- a Geopark Mëllerdall a Presenz vum Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, Max Hahn, souwéi vum Syvicol-Vertrieder Michel Malherbe de “Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen” ënnerschriwwen. Mat dësem Schrëtt ënnersträiche si hiert Engagement fir een oppent, inklusiivt an divers Zesummeliewen an der Regioun.
De Pakt, dee vum Ministère initiéiert gouf, bitt de Gemengen an de regionalen Acteuren e verbindleche Kader, fir dat interkulturellt Zesummeliewe gezielt ze stäerken. Am Mëttelpunkt stinn den Ausbau vu Méiglechkeete fir Begéinung an Austausch, d’Fërderung vun der gesellschaftlecher Bedeelegung an d’Unerkennung vun der kultureller Villfalt. Als regionalen Acteur wëll den Natur- a Geopark dës Ziler gemengeniwwergräifend ënnerstëtzen. Eng méi staark Koordinatioun an Zesummenaarbecht op regionalem Niveau erméiglecht et, Erfarungen ze bëndelen, gemeinsam Projeten ze entwéckelen an déi bestoend Offere besser openeen ofzestëmmen. Erfollegräich Initiativen aus eenzele Gemenge kënnen doduerch méi siichtbar gemaach, gedeelt an op aner Gemengen iwwerdroe ginn. Déi enk Zesummenaarbecht mat de Gemenge bleift dobäi vun zentraler Bedeitung. Si kennen d’Besoine vun hirer Bevëlkerung a verfügen iwwer wäertvoll Strukturen, un déi regional Mesurë kënnen uknäppen. Den Natur- a Geopark wëll dësen Austausch weider fërderen an dozou bäidroen, gemeinsam Approchen a Projeten ze entwéckelen.
Mat der Ënnerschrëft vum “Gemengepakt vum interkulturellen Zesummeliewen” setzen d’Gemengen aus dem Natur- a Geopark Mëllerdall e kloert Zeeche fir Villfalt, Bedeelegung a gesellschaftlechen Zesummenhalt. Gläichzäiteg gëtt domat d’Grondlag geschaf, fir déi regional Zesummenaarbecht an dësem Beräich weider auszebauen an zesumme mat de Gemenge konkret Impulser fir e gutt Zesummeliewen an der Regioun ze setzen.
Thailännesch Konscht a Kultur
Op een thailännesche Festival, dem Käerzefestival, hunn d’Kommissioun vum Zesummeliewe vun der Gemeng Beefort an d’Associatioun “Wat Thai Buddharama Luxembourg Asbl” gëschter Sonndeg agelueden. Vun 10 bis 18 Auer konnt een um Kiosk d’thailännesch Konscht a Kultur erliewen.
De Festival stoung am Zeeche vum Ufank vun der buddhistescher Faaschtenzäit, déi net vill Gemeinsamkeete mat den an eise Géigende bekannter Faaschtenzäit huet. “Wan Khao Phansa” ass een nom Moundkalenner berechente Feierdag an dee riicht sech un den éischten Dag vum ofhuelende Mound vum aachte Mount. Vollmound war dës Kéier den 28. August.
“Wan Khao Phansa” heescht iwwersat “d’Reenzäit fänkt un” an ass den éischten Dag vun enger dräi Méint laanger Reenzäitklausur. Wärend dëser Zäit bleiwen d’Mënchen an hire Kléischter a verzichten op d’Fändelen duerch d’Géigend well op de Felder de jonke Sot schéisst. Doduerch soll verhënnert ginn, datt si zertrëppelt ginn. Den Dag virum “Wan Khao Phansa” gëtt “Asalha Puja” gefeiert. Déi Gleeweg spende Käerzen a ginn als “Geschenk vum Liicht” bezeechent. Dës Käerze brenne wärend der ganzer Reenzäit a sinn ee Symbol fir d’Studium vun den hellege Schrëften an der Reenzäit.
Am Virfeld vum Festival zu Beefort goufe Räis, Dréchefriichten an Almose gesammelt fir se de Mënchen ze spenden. Och war et méiglech eng Faaschtekäerz oder ee Reenduch ze sponseren. Nieft de verschidde reliéisen Zeremonie wäre verschidde Stänn mat thailännesche Produite präsent an et konnt een och thailännesch Iessen a Gedrénks kenneléieren. Ofgeronnt gouf den Dag mat musikaleschen Optrëtter.
“Open Air Kino” op der Äispist
No der Première d’lescht Joer am Juli stoung de leschte Weekend rëm den “Open Air Kino” op der Äispist um Programm. Et war eng gemeinsam Organisatioun vun der Gemeng Beefort zesumme mat der “Elterevereenegung Beefort”, de “Beeforter Duerffrënn”, den “Knight-Riders Beaufort” an dem “Ciné Scala” vun Dikrech.
Gewise goufe vun e Freideg bis e Sonndeg follgend Filmer: “The Super Mario Galaxy Movie”, “Spiderman: Brand New Day” a “Paw Patrol: The Dino Movie”. Sämtlech Filmer waren a däitscher Sprooch an ugefaangen hunn d’Filmer nodeems et däischter ginn ass. Am Verglach mam leschte Joer (Ufank Juli) goufen d’Filmer dës Kéier vill éischter op der mobiller Leinwand projezéiert. Ëmmerhi waren dat bal annerhallef Stonn.
An dësem Beeforter “Open Air Kino” herrscht eng besonnesch Atmosphäre. An den éischte Reie stinn d’Ligestill an deenen ee gemittlech d’Filmer ukucke kann a vun hanne kënnt den Doft vum frësche Popcorn, dee souwuel bei de Kanner an den Erwuessene besonnesch beléift ass. Den Entrée war iwwregens gratis.
Grousse Succès fir “Stones in Vibration”
De leschte Samschdeg huet sech d’Beeforter Schlass bei der éischter Editioun vu “Stones in Vibration” an eng aussergewéinlech Kuliss fir Musek, Kultur a flott Begéinunge verwandelt. Op der Bün stoungen “Nikki Ninja & d’Wibbeldidubs”, “Don Piano”, “Francis of Delirium”, Eva Marija feat. Daniel Žižka, Irem, Samwell an d’Djen Nosi a Joel Marques. Fir weider Ënnerhalung hunn de Jonn Happi an de Stelzentheater “Circolo” gesuergt.
Wärend d’Beeforter Veräiner an d’Mëllerdaller Produzenten dofir gesuergt hunn, datt keen duuschtereg an hongereg bliwwen ass, konnten d’Visiteuren um “Creators Market” déi villfälteg Kreatiounen an de verschiddene Forme vu lokale Kënschtler bewonneren an och kafen.
Et war een Dag, wou Geschicht, Musek a Mënschen aus dem ganze Land zu Beefort zesummekomm sinn a flott Stonne verbruecht hunn. Besonnesch no Abroch vun der Däischtert huet déi faarweg Buerg den eemolege Site an eng aussergewéinlech Ambiance agedaucht.
Vëlospist Josy-Wee
Virum Congé collectif hunn d’Aarbechte fir de Josy-Wee ugefaangen a si sollen nach dëst Joer ofgeschloss ginn. De Josy-Wee ass eng nei Vëlospist vun enger Längt vu 5,75 Kilometer a si verbënnt Beefort mat der nationaler Vëlospist PC3 beim Grondhaff. An der Gemengerotssëtzung vum 17. Dezember 2024 gouf eestëmmeg een Devis an Héicht vu 456.300 Euro TVAC gestëmmt.
Déi nei Vëlospist verleeft op der fréierer Eisebunnsstreck vum Zichelche “Josy”, deen tëschen 1904 an 1948 gefuer ass. De 4. November 1904 gouf d’Streck a Betrib geholl a si huet d’Steekaul mat der “Prinz-Heinrich-Bahn” um Grondhaff verbonnen. D’“Prinz-Heinrich-Bahn” ass vu Gréiwemaacher iwwer Iechternach, Dikrech, Ettelbréck, Näerden a Klengbetten bis op Péiteng gaangen an esou war et méiglech iwwert déi verschidden Uschlëss d’Steng an d’ganzt Land ze transportéieren. Siwe Joer méi spéit, de 6. November 1911, gouf d’Linn vum “Josy” bis op Beefort verlängert an dat huet de Persounen- a Giddertransport erméiglecht. Den 2. Mee 1948 ass de leschten Zuch op dëser Linn gefuer. D’Gare zu Beefort war deemools wou haut de Site vun der Schoul ass an dat erkläert och den Numm vum Busarrêt “op der Gare”. Hannert der Schoul war iwwregens de Schapp vum “Josy” an deen ass den 18. Juli 2024 ofgebrannt.

Tëschen dem Grondhaff a Beefort sinn et ongeféier 200 Meter Héichtenënnerscheed op de puer Kilometer Loftlinn. Deen Ënnerscheed konnt de “Josy” net einfach sou packen. Dowéinst goufen dräi Spatzkéieren agebaut. Bei sou enger Kéier ukomm huet de “Josy” Ulaf geholl fir den nächste Biergop ze packen an dowéinst verleeft d’Streck am Zickzack. Am Biergof verhënnert dëse System, datt dee mat de Steng vollbeluedenen Zichelchen d’Kontroll beim Bremse verléiert a mat voller Vitesse de Bierg erofrullt.
D’Vëlospist befënnt sech am Naturschutzgebitt “Natura 2000” (Saueruecht) an aus dësem Gronn däerf kee Makadamm an/oder Bëton op de Vëloswee kommen. Aplaz kënnt op de komplette de “Grouine de Meuse” an dee passt sech ganz gutt de Landschaftsbedingungen un. 77 Prozent vun der deemoleger Eisebunnslinn haten eng Pente tëschen 3 an 3,5 Prozent. Eng Pente, déi haut och mam Vëlo ze packen ass a besonnesch mat de modernen E-Bikes dierft et nach méi einfach si sécher vum Grondhaff op Beefort ze kommen. Ouni de Stroosseverkéier a matzen an der Natur. Ëmgedréint geet et méi einfach an et kann een d’Natur a vollen Zich genéissen.
De Josy-Wee kënnt beim Grondhaff un, méi genau wou haut de Radar/Blëtzer steet. Hei gëtt den Uschloss un den nationale Vëlosreseau PC3 gemaach. Dëse Vëloswee heescht och “Piste cyclable des Trois Rivières” a verbënnt Schengen mat Veianen. Op den 90,3 Kilometer fiert ee laanscht d’Musel vu Schengen op Waasserbëlleg, d’Sauer vu Waasserbëlleg op Reisduerf an d’Our vu Reisduerf op Veianen.
Mat der Fäerdegstellung vum Josy-Wee dréit d’Gemeng Beefort säi Beitrag zu der doucer Mobilitéit bäi a gëtt fir d’Touristen nach méi attraktiv. Och Déiljen a Beefort gi méi enk matenee verbonnen.
Virstellung vu “Stones in Vibration” den 22. August um Schlass
Am Kader vu senger “Randonnée touristique et culturelle dans la région du Mullerthal” huet gëschter den Eric Thill, delegéierte Minister fir Tourismus an der Kultur, eng Visitte vu Beefort gemaach. No Iechternach a Bäertref war Beefort den Ofschloss vun der Randonnée a begleet gouf de Minister ënner anerem vun der Lëtzebuerger Press. Am Mëttelpunkt stoung de Festival “Stones in Vibration” e Samschdeg, den 22. August, um Site vum Beeforter Schlass an och de Stand vun de Renovéierungsaarbechten um komplette Site. De Festival, dee vum Kulturministère organiséiert gëtt, ass zwar gratis mee d’Visitteure si gebieden hire fräien Ticket ze reservéieren op www.stonesinvibration.lu . Hei ginn et och weider Detailler zum Festival.
A senger Begréissung ass de Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch op den Historique vun de Beeforter Schlässer agaangen. D’Beeforter Schlässer sinn net nëmmen aussergewéinlech Gebaier, si sinn och d’Resultat vu enger laanger Geschicht vu perséinlechem Engagement, Wäitsiicht a Benevolat. Am Joer 1928 huet den deemolege Proprietaire Edmond Linckels déi zanter 300 Jore vernoléissegt an onbewunnte Ruin vun der iwwerwucherter Vegetatioun befreit. No gréisseren Instandsetzungsaarbechte gouf d’Ruin am Joer 1932 fir déi éischte Kéier touristesch erschloss a fir d’Ëffentlechkeet zougänglech gemaach.
Iwwer Joerzéngten ass d’Buerg mat vill Engagement an haaptsächlech duerch de Benevolat um Liewe gehale ginn an d’Beeforter Schlassfrënn hunn dobäi eng ganz wichteg Roll gespillt. Dozou zielen d’Manifestatiounen ewéi zum Beispill “Art in Beaufort” an d’”Rock Classics”. Dës Traditioun gëtt weidergefouert an nom “Stones in Vibration” organiséieren si den Dag drop de “Beaufort Castles Open Air”.
Ofschléissend huet hien dem Minister a sengem Ministère, dem INPA (Institut national pour le patrimoine architectural) an dem CML (Centre des monuments du Grand-Duché de Luxembourg) ee grousse Merci gesot fir déi bedeitend Investitiounen an d’Restauréierungsaarbechte vun de leschte Méint an Joren. Ee ganz besonnesche Merci goung un de Patrick Diederich vum CML, deen dëse Site mat vill Kompetenz, Energie a perséinlechem Engagement begleet.

Uschléissend huet de Minister Eric Thill ënner anerem de Pilotprojet “Stones in Vibration” virgestallt, dee vum Kulturministère mat der Ënnerstëtzung vu “Konektis Entertainment” e Samschdeg, den 22. August, um Site vun de Beeforter Schlässer organiséiert gëtt. Hei ass den offizielle Communiqué vun der Pressekonferenz:
Beaufort : patrimoine et création contemporaine
La randonnée s’est achevée au Château de Beaufort, où le ministre a présenté plusieurs initiatives visant à renforcer les liens entre culture et tourisme, dont un nouvel appel à projets pour la création d’un parcours artistique le long du sentier de randonnée confort de Bissen. Les artistes intéressé/es peuvent soumettre leur candidature jusqu’au 15 septembre 2026.
Le ministre a ensuite présenté le nouveau festival « Stones in Vibration ». Organisé le 22 août prochain au Château de Beaufort avec le précieux soutien de la commune, cet événement gratuit constitue la première étape d’un projet pilote appelé à être déployé progressivement sur d’autres sites patrimoniaux du pays. Son ambition est de faire découvrir autrement les lieux historiques luxembourgeois en les transformant, le temps d’une journée, en espaces de rencontre, de création et de découverte.
Le Château de Beaufort, l’un des sites historiques les plus emblématiques du pays, offrira un décor unique pour mettre à l’honneur la richesse et la diversité de la scène musicale luxembourgeoise avec des artistes tels que Francis of Delirium, Eva Marija, NOSI, Samwell, Irem, Don Piano ainsi que le spectacle familial de Nikki Ninja & d’Wibbeldidubs.
Au-delà des concerts, les visiteurs pourront profiter d’un « Creators Market » réunissant une vingtaine d’artisans et créateurs locaux, d’un « Food Village » mettant à l’honneur les producteurs et restaurateurs de la région ainsi que d’animations destinées à toute la famille. Plus d’informations sont disponibles sur www.stonesinvibration.lu.
La journée s’est poursuivie par une visite du Château Renaissance de Beaufort, guidée par les représentants de l’Institut national pour le patrimoine architectural (INPA). Cette dernière visite, a permis de présenter les travaux de restauration en cours ainsi que les projets de conservation prévus pour les prochaines années. Elle a également été l’occasion de mettre en lumière les prochaines Assises du patrimoine et le Festival du patrimoine, organisés par l’INPA au Château de Bourglinster.
Ofschléissend gouf eng Visitte vum Site gemaach a bei där Geleeënheet huet de Patrick Diederich déi verschidde Restauratiounsaarbechten erkläert an zwar haaptsächlech um Renaissance-Schlass. Wärend zwee Joer goufe ronn 70 Tonnen Holz (zum gréissten Deel Eechen a Fichte fir d’Dunne fir den Daach) a ronn fënnef Tonne Schifer fir den Daach verschafft. Am Ganzen huet de Staat ronn 2,4 Milliounen an de Projet gestach an eleng d’Sanéierung vum Daach beleeft sech op ronn 1,6 Milliounen Euro. Uschléissend ginn nach den Artillerietuerm an d’Mauerruinen restauréiert. De Bannenhaff vum Renaissance-Schlass gëtt nach dës Joer erneiert.
D’Fligel vum Renaissance-Schlass sollen no de Pläng vum Kulturministère an dem INPA an Zukunft kulturell an touristesch opgewäert ginn. Virgesi si ënner anerem ee Musée, Mehrzweckraim fir Ausstellungen a Manifestatiounen an eng Presentatioun vun der Geschicht vum Schlass. Um Rez-de-chaussée soll ee Museumsshop, ee Guichet fir d’Ticketen an eng Brasserie.
Al Kleeder / Vêtements usagés
Zanter haut Freideg sti rëm Container fir al Kleeder beim Gemengenatelier op Nummer 55, route de Dillingen. Am Ganze goufen dräi Container opgestallt an an der Reegel gi se freides eidel gemaach. An nächster Zukunft kommen nei Pechbiller drop an duerno ginn d’Awunner mat engem Flyer informéiert, wat alles dran däerf kommen a wat verbueden ass. Wat op jidde Fall verbueden ass, d’Kleeder an Tuten oder Säck nieft de Container ofzestellen.
****
Depuis ce vendredi, des conteneurs pour la collecte de vêtements usagés sont à nouveau installés auprès de l’atelier communal, au 55, route de Dillingen. Au total, trois conteneurs ont été mis en place et, en règle générale, ils sont vidés chaque vendredi. Dans un avenir proche, de nouveaux autocollants y seront apposés. Les habitants recevront ensuite un dépliant expliquant ce qui peut y être déposé et ce qui est interdit. En tout cas il est strictement interdit de laisser des vêtements dans des sacs ou des sachets à côté des conteneurs.

Sportministesch Martine Hansen bei de Beeforter Beweegungswochen
Zanter gëschter an nach bis de 7. August leeft déi éischt Editioun vun de Beeforter Beweegungswochen. Déi éischt Woch ass fir d’Kanner vu sechs bis zéng Joer an déi zweet Woch fir d’Kanner vun eelef bis 15 Joer bestëmmt. D’Beweegungswoche sinn eng Initiativ vum Sportsministère an d’Bedeelegung fir d’Kanner ass gratis. Am Kader vun der Strategie “Meng Gemeng lieft de Sport” entdecken d’Kanner verschidde Sportaarten a Beweegungsaktivitéiten. Wärend den zwou Woche gi pro Dag zwou Aktivitéiten aus dem Beräich Sport an/oder Beweegung ugebueden. D’Kanner kënne sech also op vill Ofwiesslung freeën- Zesumme mat de Veräiner aus der Gemeng an Ëmgéigend steet virun allem d’Freed um Sport an un der Beweegung am Mëttelpunkt.
Direkt den éischten Dag huet d’Sportministesch Martine Hansen d’Beeforter Beweegungswoche besicht. Empfaange gouf d’Ministesch am Aktiv Park vum Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch, dem Schäffe Bruno Grilo an dem Pit Lourenco vum Service technique. Un der Aweiung vum Aktiv Park de 26. Juni konnt si net deelhuelen an dowéinst huet d’Visitte do ugefaangen. Nodeems si den Aktiv Park virgestallt krut, goung et weider an d’Sportshal, wou d’Kanner op d’Ministesch gewaart hunn. Zu deem Zäitpunkt stoung Indiaca um Programm a wärend d’Kanner gespillt hunn, huet d’Sportcoordinatrice Lena Hetto den Oflaf vun de Beeforter Beweegungswochen erkläert. Sport a Beweegung sinn net nëmme fir d’Kanner besonnesch wichteg. Wärend der aktiver Zäit hänke si net virum Computer oder spillen op engem Tablet a maache sou eppes Positives fir hir Gesondheet an hire Kierper.
D’Beeforter Beweegungswoche sollen an Zukunft ee festen Termin am Beeforter Kalenner vun der Summervakanz sinn an no den éischte positiven Andréck direkt den éischten Dag, dierft dat kee Problem sinn.
De Beeforter Nummer 85 ass online
D’Nummer 85 vum Gemengebuet « De Beeforter » ass elo online an hei ass de Link fir en digital ze liesen: https://beaufort.lu/?p=35412
Aktuell Wiederdaten um Site vun der Gemeng
Zanter enger Zäitche gëtt et hannert dem Pompjeesbau vum CGDIS eng Wiederstatioun. Dës Wiederstatioun gouf an Zesummenaarbecht mam “List” (Luxembourg Institute of Science & Technology) opgeriicht. D’Date vun der Wiederstatioun sinn elo online a si stinn direkt uewen um Site www.beaufort.lu .
Ugewise gi follgend aktuell Parameteren: Temperatur mam Minimum a Maximum, Loftfiichtegkeet, Loftdrock, Wandgeschwindegkeet a Meter pro Sekonn, Sonnestralung an d’Nidderschlagsquantitéit. Ee klenge Hiweis fir d’Ëmrechne vu Meter pro Sekonn op Kilometer pro Stonn: Einfach de Wäert mat 3,6 multiplizéieren. Dat ergëtt dann zum Beispill 5 m/s 18 km/h oder 20 m/s 72 km/h.
****
Données météorologiques actuelles sur le site de la commune
Depuis quelque temps, une station météorologique est installée derrière le bâtiment des pompiers du CGDIS. Cette station a été mise en place en collaboration avec le « List » (Luxembourg Institute of Science and Technology). Les données de la station météorologique sont désormais disponibles en ligne et sont affichées directement en haut du site www.beaufort.lu.
Les paramètres actuels suivants sont présentés : la température, avec les valeurs minimale et maximale ; l’humidité de l’air ; la pression atmosphérique ; la vitesse du vent, en mètres par seconde ; le rayonnement solaire et la quantité de précipitations.
Petit conseil pour convertir les mètres par seconde en kilomètres par heure : il suffit de multiplier la valeur par 3,6. Ainsi, par exemple, 5 m/s correspondent à 18 km/h et 20 m/s à 72 km/h.

Stroossenaarbechten an der Halerstrooss
Zur Zäit gi Stroossenaarbechten an der Halerstrooss duerchgefouert. Un dësen Aarbechte si souwuel d’Post an d’Creos bedeelegt. Wärend d’Creos déi besteeënd Leitungen ersetzt baut d’Post gläichzäiteg hiert d’Glasfasernetz aus. Esou kommen d’Awunner aus dësem Deel vum Duerf an de Genoss vun engem méi séieren Internet.
D’Glasfasernetz gëtt lues awer sécher am ganzen Duerf ausgebaut. No der Halerstrooss kënnt d’Rue Pierre Saffroy un d’Rei an uschléissend ginn d’Aarbechte bei der Kräizung Eppelduerferstrooss mat der Grand-Rue weider.

Travaux de voirie dans la rue Haler
Des travaux de voirie sont actuellement en cours dans la route de Haler. Ces travaux sont réalisés en même temps par la « Poste Luxembourg » et « Creos ». Tandis que « Creos » remplace les conduites existantes, « Post Luxembourg » en profite pour étendre son réseau de fibre optique. Les habitants de cette partie du village pourront ainsi bénéficier d’une connexion internet plus rapide.
Le déploiement du réseau de fibre optique se poursuit progressivement dans l’ensemble du village. Après la route de Haler, ce sera au tour de la rue Pierre Saffroy, puis les travaux se poursuivront au carrefour de la route d’Eppeldorf et de la Grand-Rue.
Sport, Fräizäit a Spaass fir all Generatioun am “Aktiv Park”
Zanter dem leschte Freideg ass bekannt, wéi déi sougenannt Fräizäitplaz bei der Äispist lo offiziell heescht: “Aktiv Park”. Am Fréijoer huet d’Sport-, Jugend- a Fräizäitkommissioun vu Beefort an Zesummenaarbecht mam Syndicat d’initiative et du tourisme een Opruff gestart fir een Numm fir dës Plaz ze bestëmmen. Op engem Online-Formulaire konnten d’Leit hir Proposen eraginn an déi gréissten Zoustëmmung krut den Numm “Aktiv Park”. Gläich dräi Persounen hunn dësen Numm proposéiert a bei der Aweiung a Präsenz vum Eric Thill, Delegéierte Minister fir Tourismus, krute si eng Corbeille iwwerreecht: Sandra Simon, Dan Thill a Milli Weber.
2005 gouf um Site eng Spillplaz laanscht de Kierfecht gebaut, 2017 koum ee Multisportterrain bäi an 2020 gouf d’Spillplaz komplett nei ageriicht an ausgebaut, ënner anerem mat enger Schaukel fir ee Rollstull. Uschléissend koum all Joer op mannst eng Installatioun bäi: 2022 een Outdoor-Fitness fir Senioren, 2023 Callisthenics, 2024 Outdoor-Dëschtennis an 2025 zwou Petanque-Pisten an ee Beachvolley-Terrain. Des Weidere goufe laanscht dem Wee solarbedriwwene Led-Luuchten an eng Waassersail installéiert. Dëst Joer gouf d’Areal zousätzlech mat hëlze Bänken, Dëscher, Ligestill, engem Zeltdaach fir Schiet ze spenden a Clôturen amenagéiert. An de leschte véier Joren ass hei fir iwwer 200.000 Euro investéiert ginn a gutt ee Véierel vun den Ausgaben hunn de Sportsministère an de Wirtschaftsministère, deem den Tourismus ënnerläit, subventionéiert.
Bei der offizieller Aweiung vum “Aktiv Park” waren d’lëtzebuerger Nationalekippen a Petanque a Beachvolleyball present an de Minister Eric Thill huet bei dësen zwou Aktivitéiten all Kéiers den éischte Startschoss gemaach.
Fotogalerie Nationalfeierdag 2026
Iwwer 100 Participantë bei der éischter “Nuit du Sport”
56 Gemengen aus dem ganze Land hu bei der dësjäreger “Nuit du Sport” matgemaach an d’Gemeng Beefort war fir déi éischte Kéier dobäi. Ronn 80 Kanner an 30 Erwuessener hu sech bei der éischter Beeforter Sportsnuecht bedeelegt.
D’Sportsaktivitéiten hu sech vun der “Place des Nations” bis hannert der Jugendherberge verdeelt. Nieft de lokale Sportsveräiner waren och Veräiner aus der Géigend präsent an hunn hir Sportaart virgestallt. Op de verschidde Statioune konnt een u follgend Aktivitéite gratis schnupperen: Judo (Judo Club Beaufort-Echternach), Äishockey (Beaufort Knights), Basketball (BBC US Hiefenech), Vëlosparcours (Knight Riders Beaufort), Spillparcous (Guiden a Scoute Beefort), Walking (Wanderfrënn Beefort), Petanque (Bullemettien Schieren), Zumba, Orientatiounscourse (Adventure Race Beaufort), Bouschéissen (Jugendherberge) an Outdoorgymnastik (My Outdoor gym).
Op all Statioun kruten d’Participanten ee Stempel a wann een der op mannst aacht Stéck gesammelt huet, da krut een ee Cadeau iwwerreecht: eng Drénkfläsch mam Beeforter Logo. Wien dës Première zu Beefort verpasst huet, dee ka sech den Datum vum nächsten Joer mierken. An der Reegel ass et den éischte Samschdeg am Juni an dat wier de 5. Juni 2027.
Sou laang muss een allerdéngs net waarden: E Freideg, de 26. Juni, gëtt um 16 Auer de Site op der “Fräizäitplaz” ageweit an hei gi rëm sportlech Aktivitéite fir jiddereen ugebueden. Ënnert de Fotoe vum leschte Samschdeg ass déi offiziell Aluedung.
Berouegungsmoossname bei der “Fräizäitplaz”
Nodeems an der Härewiss an och an der Rue des Promenades virun e puer Méint déi éischt “Berliner Kissen” installéiert goufe fir eng Verkéiersberouegung ze suergen, konnt een tatsächlech ee positive Bilan zéien. Aus dem Gronn gouf decidéiert fir op weider Plazen dës Verkéiersberouegung ze installéieren.
Am Agang vum “Ice Park” / “Fräizäitplaz” a Camping goufe gëschter am Ganzen dräi “Berliner Kissen” ageriicht. Si sollen dofir suergen, datt de ville Kanner, Jugendlecher an och Erwuessener ee Sécherheetsgefill vermëttelt gëtt. Reegelméisseg ass et virkomm, datt op dëser Plaz méi séier ewéi ee soll gefuer gouf. Dës Plaz zitt net nëmmen d’Beeforter Bierger u mee och vill Leit aus der Géigend a besonnesch lo zu dëser Zäit vill Touristen.
****
Mesures d’apaisement de la circulation près de la « place de loisirs »
Après l’installation des premiers « coussins berlinois » il y a quelques mois à la Härewiss ainsi que dans la Rue des Promenades afin d’assurer un ralentissement de la circulation, un bilan positif a effectivement pu être constaté. Pour cette raison, il a été décidé d’installer ce dispositif de modération du trafic à d’autres endroits également.
Hier, un total de trois coussins berlinois a été installé à l’entrée de l’ « Ice Park » / « place de loisirs » ainsi que du camping. Ils doivent contribuer à offrir un sentiment de sécurité aux nombreux enfants, adolescents et adultes présents sur les lieux. Il arrivait régulièrement que des véhicules y circulent plus vite qu’autorisé. Cet endroit attire non seulement les habitants de Beaufort, mais aussi de nombreuses personnes des environs et, particulièrement en cette période, beaucoup de touristes.


Al Kleeder / Vêtements usagés
Zanter kuerzem ass de Container fir al Kleeder beim Gemengenatelier ausser Betrib. Et ass zu Verännerunge bei der Organisatioun vun der Sammlung komm an dowéinst ginn zur Zäit keng al Kleeder ugeholl. Nei Containere si bestallt a bis déi ukommen an installéiert sinn, sinn d’Leit gebieden al Kleeder op de “Sidec” um Friddhaff ze féieren oder bei sech doheem ze halen. Soubal de Service rëm leeft, da gëtt dat matgedeelt.
Ofschléissend gëtt drun erënnert, datt de Container fir al Kleeder ausschliisslech fir al Kleeder bestëmmt ass an net fir aner Saachen ewéi zum Beispill ee Streckbriet oder Poussette, déi op de Sperrmüll gehéieren. De Sperrmüll gëtt véier Mol pro Joer ofgeholl an déi nächst Sammlung ass den 22. Juli. Umelle muss ee sech bis spéitstens e Freideg, de 17. Juli, 12 Auer op der Gemeng.
****
Depuis quelque temps, le conteneur pour vêtements usagés situé à l’atelier communal est hors service. Des changements sont intervenus dans l’organisation de la collecte et, par conséquent, aucun vêtement usagé n’est actuellement accepté. De nouveaux conteneurs ont été commandés et, en attendant leur arrivée et leur installation, les habitants sont priés d’apporter leurs vieux vêtements au « Sidec » au Fridhaff ou de les conserver chez eux. Dès que le service reprendra, cela sera communiqué.
Enfin, il est rappelé que le conteneur pour vêtements usagés est exclusivement destiné aux vêtements et non à d’autres objets comme, par exemple, une planche à repasser ou une poussette, qui doivent être déposés avec les encombrants. Les encombrants sont collectés quatre fois par an et la prochaine collecte aura lieu le 22 juillet. L’inscription doit être effectuée au plus tard le vendredi 17 juillet à 12h auprès de la commune.
Ausstellung « Kräizer Simchen » an der Kierch
Nach bis muer Mëttwoch gëtt an der Beeforter Kierch déi handwierklech Konscht vum “Kräizer Simchen” gewisen. Am Ganze sinn 19 Kräizer ausgestallt an no Randschelt am Musée Thillenvogtei a Bënzelt am Musée A Schiewesch ass Beefort déi lescht Statioun vun dëser Wanderausstellung. An der Mass op Päischtsonndeg, déi vum Paschtouer Carlo Morbach gehale gouf, stoung de “Kräizer Simchen” am Mëttelpunkt. No der Mass huet den Nico Hamen vun Draufelt, deen akribesch dës Ausstellung op d’Bee gestallt huet, d’Geschicht vum “Kräizer Simchen” virgestallt.
Den Nicolas Simon koum de 25. Mee 1871 zu Beefort op der Heed op d’Welt. Hie war dat drëtt vun am Ganze zwielef Kanner vun der Koppel Michel Simon vu Beefort a Maria Adam vu Wallenduerf. Den 1. Februar 1983 huet sech mam Catharina Weiland bestuet an aus dësem Bestietnes sinn zéng Kanner ervirgaangen.

Dëst Kräiz aus dem Haus Bartimes ass een Don un d’Gemeng vum Erni Reuter
Am Hierscht an am Wanter huet déi ganz Famill da missen upake fir Material ze sammelen. Hieselter a Weide goufe gehae a geschnidde fir dorausser Kierf a Still a Kannerstillercher ze maachen. Fir seng Kräizer huet hien am Beeforter Bësch Wuerzelknolle vun den Hieselter an de wëlle Rousestäck gesammelt. Wat méi knaddreg, wat besser. Verwuesse Schnëtt vun den Äscht goufen och erbäi gedroe. Mat kënschtlereschem Talent sënn dorausser dann d’Kräizer zesumme geläimt a geneelt ginn. Den Härgottsschnëtzer vu Beefort ass zesumme mat sengem Brudder Jang iwwert Dierfer op den Tour gaangen an huet seng Kräizer, Gromperekierf, Kannerstillercher a Brëller ugebueden.
Wann et erop an d’Éislek goung, hunn de “Simchen” a säi Brudder Jängel mat hirer Wuer um Grondhaff den Zuch geholl a sënn iwwer Ettelbréck bis op d’Maulesmillen gefuer. Do se si erausgeklomm an da goung et zu Fouss op hirem Tour och bis op Ischpelt, Hengescht, Maarnech an och déi aner Säit bis op Esch-Sauer. Dat hat och e gudde Grond: Hiren Neveu, de Franz Simon, war vun 1933 bis 1936 Kaploun zu Fëschbech bei Clierf an duerno Paschtouer zu Ënsber an dee wollt sécher och nach ëmmer wësse wat esou an der Heemecht zu Beefort lass war.
Gestuerwen ass de Simchen, de 26. Mäerz 1947 zu Beefort, bei sech doheem an der ënneschter Heed. Hie gëtt vum Gemengebeamte, dem Buergermeeschter Henri Kramp selwer, fir ee “colporteur” gehalen, esou ass et am Regëster vun der Gemeng ze gesinn. Am Fong ass et och net ganz richteg déi zwee Gebridder Simon als Colporteur ze bezeechnen. Deen dréit seng Wuer an enger Këscht viru sech um Bauch an déi gëtt mat engem Liedersrimm ëm den Hals gehalen (porté au col). De Simchen hat seng Still, Kierf a Kräizer um Réck oder an der Hand wann heen dermat op den Tour koum. Datt de Simchen gestuerwe war, gouf am “Lëtzebuerger Wort” net mat enger Doudesannonce erwäänt, mee mat enger klenger Matdeelung ënnert der Rubrik “Landeschronik”. De Simchen wär nëmme kuerz krank gewiescht an ass dunn am Alter vu 75 Joer gestuerwen. An et ass och riets vu sengen aussergewéinlechen a kënschtlereschen Aarbechte vum Schnëtzen, Still- an och Kuerfflechten. Zu där Zäit soll et op der Heed zu Beefort an zu Déiljen bal keen Haus gi sënn an deem et kee Kräiz vum Simchen gouf. An de Schreiwer mengt, dee richtegen Herrgott sollt him sengt edelt Handwierk urechnen. Wat fir ee markante Personnage den Nic. Simon ass, gëtt am Fong ganz gutt domat illustréiert, datt 1989 bei de Feierlechkeete vun eiser Onofhängegkeet zu Iechternach, de Kräizermecher, de Simchen, vun zwee Beeforter Männer duergestallt gouf. An och de Josy Braun huet sech un engem vun dem Simche senge markante Spréch inspiréiert, wéi e säi Roman “Keen Däiwel méi, deen nach Hergotte keeft” geschriwwen huet.

Déi 19 Kräizer, déi an der Kierch ze gesi sënn, komme queesch aus dem Land. Si ginn esou gewisen, wéi se nach erhale waren a mat méi ewéi bronger Schongwichs ass keng Retouche gemaach ginn. Vill sënn der nach ganz gutt erhalen, an anerer huet sech den Holzwuerm dru gemaach. An dat eelste Kräiz ass vun 1880, also e bësse méi ewéi 145 Joer al. Dat Kräiz hott vill kal Wantere, zwee Weltkricher an zwou Hongersnouten iwwerlieft an och sechs Grand-Duchessen a Grand-Ducen ze gesi kritt.
Meng Gemeng. Meng Kultur
67 Gemengen an iwwer 700 Leit hu sech gëschter Donneschdeg um Buergermeeschterdag 2026 bedeelegt, deen am Casino 2000 vun der Munnerefer Gemeng organiséiert gouf. De Buergermeeschterdag riicht sech net nëmmen un d’Buergermeeschteren aus dem ganze Land mee och un d’Schäffen- a Gemengeréit an och un d’Gemengepersonal. D’Gemeng Beefort war mat insgesamt 17 Leit zu Munneref vertrueden.
Dëst Joer stoung d’Kultur mam Motto “Meng Gemeng.Meng Kultur” am Mëttelpunkt. No der Begréissung duerch de Munnerefer Buergermeeschter Steve Reckel an enger Interventioun vum Anne Calteux vun der europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg huet de Kulturminister Eric Thill den nationale Aktiounsplang “Zougang zur Kultur” virgestallt wou d’Gemengen eng Schlësselroll als kulturell Acteuren duerstellen. Dëse Plang ass a verschidden Themen ënnerdeelt an dozou zielen d’Kulturliewen an d’Ee-Prozent-Gesetz, Archiven a Bibliothéiken an net ze vergiessen d’Lëtzebuerger Sprooch. Zur Sprooch koum och d’Iddi vun engem Coordinateur culturel regional. De Buergermeeschterdag war och de Startschoss vun dësem innovative Programm am Beräich vun der Kultur an de Kulturministère gesäit d’Gemengen als Partner op Aenhéicht.

Den Emile Eicher, Präsident vum Syvicol (Syndicat des villes et communes luxembourgeoises) huet ënnerstrach, datt d’Gemengen ee wichtegen Acteur am Kulturberäich, de vill Facetten huet, sinn. Des Weideren ass hie kuerz op d’Aarbecht vum Syvicol agaangen, deen d’lescht Joer net manner wéi 60 Avisen zu Gesetz- a Reglementsprojeten ofginn huet. A sengen Ausféierungen ass hien op och op de Volet Formatioun continue agaangen. Den Inneminister Léon Gloden huet ënnerstrach, datt den Dialog mat de Gemenge lieft. Weider Punkten a senger Ried waren d’Stäerkung vun de Gemenge-Servicer, Vereinfachung vun de Prozedure fir méi a méi séier ze bauen, méi Resilienz fir d’Gemengen an, datt d’Gemeng ee Service-Betrib fir d’Bierger ass.

Appel à candidatures: coordinateur/trice technique
Le syndicat intercommunal SIAEE invite toute personne intéressée de proposer ses services pour un poste en tant que coordinateur/trice technique. Il s’agit d’un poste à occuper à temps plein et à durée indéterminée.
Gutt Stëmmung beim Europadag
Vill Sonn, gutt Wieder an eng nach besser Stëmmung. Sou kann een den Europadag 2026 zu Beefort op der “Place des Nations – um Kiosk” zesummefaassen, deen an der Tëschenzäit ee festen Termin am Manifestatiounskalenner huet. Den 9. Mee huet sech zu engem Volleksfest entwéckelt a zitt nieft de Beeforter Bierger ëmmer méi Leit aus der Géigend un.
Ugefaangen huet den Dag mat enger Begréissung vun den neien Awunner an der Gemeng Beefort, déi sech an de leschten zwielef Méint hei ugemellt hunn. Den offizielle Start vum Europadag hunn d’Éisleker Stëmmungsbléiser mat engem Concert-apéritif gemaach. Héich an d’Luucht goung et uschléissend mat “Aramelo”. D’Mara an den Elo, een artisteschen Duo am Trampolin a Buedemakrobatik, hu mat hiren zwou Virféierungen um Trampolin bei Grouss a Kleng fir Begeeschterung gesuergt.
Rhythmesch Musek a vill Beweegung. Dat ass Zumba an d’Optrëtter vun de Kanner an den Erwuessener ënnert der Leedung vum Cristina Bandeira hu souwuel d’Acteuren an de Publikum häerzlech genoss. Bei dëser Editioun vum Europadag goufen et zwou Virstellunge vu Folklore-Gruppen. Fir d’éischt ass de Grupp “Vallée des Sept Châteaux” a méi spéit den ungareschen Danzgrupp “Hatekicsi” opgetrueden.
Den Héichpunkt vum Dag war d’Show vum sechsfache Weltmeeschter am BMX-Freestyle-Flatland Jorge “Viki” Gomez. De gebiertege Spuenier wunnt zanter iwwer eng Dose Joren hei zu Lëtzebuerg an zu Beefort huet eng Rei Konschtwierker op zwee Rieder gewisen an d’Leit faszinéiert. No der Show huet hien Autogrammer geschriwwen an d’Kanner an engem Workshop gecoacht.
Den Europaquiz huet natierlech net dierfte feelen. Nieft der richteger Äntwert huet ee missten och séier sinn a sech net iere loossen. Ofgeschloss gouf den Europadag um Kiosk mat “BMAD”, eng Band mat Boogie-Woogie, Blues a Jazz am Gepäck. D’Afterparty war am “Fly” mam “DJ Ray”.
Ofschléissend hiewe mer nach ervir, datt lokal Veräiner fir Iessen a Gedrénks gesuergt hunn an um Site de ganzen Dag een Hobby- a Floumaart an Animatioun fir d’Kanner ugebuede gouf.
Ab dem 11. Mee: neie Lëtzebuerger Pass
Vum 11. Mee 2026 u kënnt een neie Pass an den Ëmlaf. De Lëtzebuerger Pass wäert dee Moment an dräi verschidde Kategorien ënnerdeelt sinn a mat de follgende Gëltegkeetsdauer:
- 2 Joer: Mannerjäreg ënner 4 Joer
- 5 Joer: Mannerjäreg tësche 4 an 18 Joer
- 10 Joer (nei): Persounen ab 18 Joer
D’Demande, d’Taxen an d’Prozedure bleiwen onverännert. Weider Informatioune ginn op guichet.lu.
Wichteg: Wéinst der Ëmstellung vum System kënnen e Freideg, den 8. Mee, keng Demanden ugeholl an ausgefouert ginn.
Aarbechtsvisitt vum Inneminister Léon Gloden
Eng Delegatioun vum Inneministère mam Inneminister Léon Gloden un der Spëtzt koum gëschter an der Mëttesstonn op Beefort op eng Aarbechtsvisitt mam Schäfferot zesummen. Am Virfeld vun dësem Austausch krute si d’Presentatioun, déi zwee Deeg virdrun an der Biergerversammlung virgestallt gouf, geschéckt an esou war jiddereen op dem leschte Stand vun der aktueller Situatioun an der Gemeng Beefort.
Dës Viraarbecht huet et erlaabt sech op déi grouss zukünfteg Projeten ze konzentréieren ewéi zum Beispill eng nei Gemeng an der fréierer Maison Dussier an awer och déi aktuell grouss Chantieren ewéi déi fréier Distillerie oder den neie Centre d’accueil vum Natur- a Geopark Mëllerdall. Aner grouss Theme waren den Tourismus an der Gemeng mat der Schwämm an der Äispist. An deem Kontext goufen eng nei Äispist, eng Sportshal, ee Centre polyvalent an eng Schwämm ugeschwat. Net ze vergiessen ass beim Bau vun den neien Infrastrukturen d’Thema Resilienz. Mat der Ënnerstëtzung vum Inneministère sollen d’Neibaute sou opgestallt sinn, datt se an enger Noutsituatioun (Héichwaasser zum Beispill) een Ënnerdaach kënnen ubidden.
Bei guddem Wieder gouf sech déi verschidde Projeten op der Plaz ugekuckt. Iwwert de Generatiounsgaart goung et an d’Maison Dussier, eriwwer op de Chantier vun der fréierer Distillerie an herno bei de Centre d’accueil vum Natur- a Geopark Mëllerdall mat engem kuerzen Ofstiecher an d’Ausstellung.
D’Delegatioun war beandrockt vun der aktueller Situatioun an der Gemeng an huet fir hir Investissementer felicitéiert. Als Partner vun de Gemenge wäert den Inneministère d’Gemeng Beefort bei hire Projete sou wäit wéi méiglech ënnerstëtzen an zur Säit stoen.
Gutt besichten Informatiounsversammlung
Gëschter Owend huet de Schäffen- a Gemengerot op eng Informatiounsversammlung “Visioun – Moderniséierung – Entwécklung” an de Kummelsbau invitéiert. Zil war et d’Bierger ze informéiere wat den aktuelle Schäffen- a Gemengerot praktesch an der éischter Hallschent vu senger Amtszäit geleescht huet. Den 30. Oktober 2023 goufe moies am Inneministère de Schäfferot vereedegt an owes zu Beefort de Gemengerot. D’Mandat dauert sechs Joer.
De Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch an d’Schäffe Bruno Grilo a Lynn Mossong hunn déi verschidden Theme vun der Visioun, déi sech aus enger moderner Gemeng, effikasse Servicer, enger kloer an transparent Kommunikatioun, strukturéiert a verantwortlech Projeten an och gesond Gemengefinanzen zesummesetzt, virgestallt. Déi komplett Presentatioun vum Owend mat den insgesamt 55 Säite steet hei ënnendrënner zur Verfügung a bei all Säit goufen zousätzlech Erklärungen an Hannergrondinformatioune ginn. Sou zum Beispill zu de Bauprojeten, déi vum viregte Gemengerot an d’Weeër geluecht goufen, goufen net gestoppt mee gi weidergefouert an ofgeschloss wéi déi al Brennerei. Dat heescht awer net, datt een ontäteg war.
Ariichte vun engem Accueil, Moderniséierung vum Sekretariat, Schafe vu véier zousätzleche Büroen, Moderniséierung vun de Gemengeservicer, zäitgeméiss Informatik, vereinfacht Prozedure bei de Reservatiounen an Demanden, Astellung an Organisatioun vu Gemengepersonal gehéieren zu de puer vu villen “internen Hausaufgabe” vun enger moderner Gemeng. Déi meescht Aarbechten dovu sinn op den éischte Bléck net sou siichtbar ewéi déi ofgeschloss Projeten dobausse wéi ënner anerem de Parking an der Härewiss, nei Elektrogefierer, Erweiderung vun den Infrastrukture bei der Äispist, Aarbechten an der Beeforter Kierch, nei Busarrêten, Austausch vun de Stroosseluuchten, Hondswisen a sou weider.
Gläichzäiteg gouf de sougenannten “Ist-Zustand” analyséiert. Wéi aktuell sinn d’Gemengereglementer an d’Gemengentaxen? Sou goufen d’Reglement iwwert de Verkéier vun 1979 an d’Offallgestioun vun 2019 aktualiséiert wärend intern Reglementer fir d’Personal, Reglementer fir d’Sportshal, de Generatiounsgaart an d’Place des Nations ausgeschafft goufen. An der Ausaarbechtung sinn zur Zäit d’Reglementer iwwert d’Drénkwaasser aus dem Joer 1956 an d’Kanalisatioun aus dem Joer 1961. Eng änlech Situatioun besteet bei de Gemengentaxen, wou schonns een Deel aktualiséiert gouf, nei Taxen agefouert a weider an Ausaarbechtung.
Nei Projete sinn an der Planung fir d’Gemeng optimal fir d’Zukunft opzestellen. Et ass kee Geheimnis, datt Beefort ëmmer méi grouss gëtt an dowéinst mussen elo schonns d’Weiche gestallt ginn. Hiewe mer e puer Projeten ervir an zwar eng nei Gemeng an der Maison Dussier, Vergréisserung vun der Maison Relais, ee Jugendhaus a Verkéiersberouegungen a Sécherheet. Zu den op laanger Siicht geplangte grouss Projeten zielen eng nei zouen Äispist, eng Sportshal mat Centre polyvalent an eng regional Schwämm. Fir all déi aktuell an zukünfteg Projete gouf eng Timeline opgestallt fir den Iwwerbléck net ze verléieren an d’Finanzen am An ze behalen.
Ee Punkt däerf een net vergiessen an zwar d’Ëmwelt. Dat Thema huet de Klimapaktberoder Thomas Schlicher virgestallt an dobäi d’Efforte vun der Gemeng Beefort ervirgehuewe mat e puer Beispiller aus dem Beräich vu regenerativer Energie an doucer Mobilitéit. Zum Ofschloss vun der Versammlung konnten d’Leit Froe stellen an och direkt eng Äntwert kréien. An Zukunft si weider Versammlunge mat Biergerbedeelegung virgesinn.
De Beeforter 84 ass online
D’Aweiunge vum Waasserbaseng “Hondsbierg”, de soziale Wunnengen an d’Vergréisserung vum Schoulgebai fir de Cycle 1 stinn am Mëttelpunkt vun der aktueller Nummer vum “De Beeforter”.
Weider Themen op den 72 Säite sinn ënner anerem d’Statistiken an dem Veräinsliewen an der Gemeng Beefort. De Gemengebuet gouf an all Haushalt verdeelt an eng Online-Versioun gëtt et ënnert dësem Link: https://beaufort.lu/?p=34157
Een neien Trakter fir de Service forestier
D’Ekipp vum Service forestier ënnert der Leedung vum Fierschter Noah Kihn huet een neien Trakter an den Déngscht geholl. Dësen Trakter Valtra G135 versu, deen um Gebitt vun de Gemenge Beefort a Reisduerf an den Asaz kënnt an opgeronnt 200.000 Euro kascht, gëtt vun den zwou Gemengen zu jee 50 Prozent finanzéiert.
Valtra produzéiert zanter 1951 Trakteren an d’Wuerzele vun der Entreprise ginn zréck bis an d’19. Joerhonnert mat der finnlännescher Valmet a Volvo BM aus Schweden. Des Weideren ass Valtra eng weltwäit Mark vun Agco, vun där och Challenger, Fendt, GSI, Massey Ferguson bedriwwe ginn.
De Valtra G135 versu ass eng onkomplizéiert Aarbechtsmaschinn, déi als Mehrzwecktrakter déi deeglech Ufuerderungen erfëlle kann. An dësem Fall ënnerstëtzt si mat hiren 135 PS Kilowatt an 48 Gäng vijenzeg an hannerzeg déi vilfälteg Aufgaben am Bësch. Des Weideren huet den Trakter ënner anerem eng Héchstgeschwindegkeet vu 40 km/h, een Tank vun 160 Liter an ass 5.500 kg schwéier.

Deng Iddi ass gefrot! Ton idée compte!

Agent municipal m/f (D1) – 100 %
L’administration communale de Berdorf recrute, pour le service de proximité et de l’ordre des communes de Beaufort, Berdorf et Waldbillig, un agent municipal (m/f) à temps plein (groupe de traitement D1).
Les candidats doivent notamment disposer d’une nomination définitive dans le groupe D1, maîtriser les trois langues administratives (luxembourgeois, français, allemand) et être titulaires d’un permis B.
➡️ Toutes les informations (profil, tâches et modalités de candidature) sont disponibles sur le site de la commune de Berdorf : berdorf.lu/jobs
Date limite de candidature : 8 mai 2026
Workshop “Benevolat am Sport stäerken”
Gëschter Owend huet d’Gemeng Beefort, zesumme mam INAPS (Institut National de l’Activité Physique et des Sports), am Kummelsbau ee Workshop zum Thema “Benevolat am Sport stäerken” organiséiert.
Obwuel sech dëse Workshop op den éischte Bléck un d’Sportsveräiner riicht, war dëse Workshop och fir aner Veräiner an och d’Beeforter Awunner ganz interessant. Den INAPS setzt sech intensiv mat der Stäerkung an Ënnerstëtzung vum Benevolat zu Lëtzebuerg auserneen. An dësem Kader gouf ee praxisorientéierte Guide fir d’Koordinatioun vum Benevolat entwéckelt, dee speziell dorop ausgeriicht ass, Sportveräiner bei der Organisatioun a Koordinatioun vu Benevollen effektiv ze ënnerstëtzen. Dëse Guide (verfügbar op däitsch a franséisch) gouf wärend dem Workshop praktesch virgestallt an de Rôle vum Benevolatskoordinator am Sportsveräin erkläert.
D’Christine Mailliet vum INAPS huet de Guide virgestallt a mat der Hëllef vun enger Presentatioun nach weider Informatiounen an zousätzlech Erklärunge ginn. D’Zil ass et d’Veräiner nach méi ze ënnerstëtzen an d’Christine Mailliet ass d’Uspriechpartnerin vun de Veräiner. Wie gëschter Owend net konnt deelhuelen, ka sech bei hir per E-Mail christine.mailliet@inaps.etat.lu mellen.

Sozial Wunnengen an d’Vergréisserung vun der Schoul ageweit
Haut goufen zu Beefort gläich zwee Gebaier offiziell hirer Bestëmmung iwwerginn: sozial Wunnengen op 10, Montée du Château an d’Vergréisserung vum Schoulgebai fir de Cycle 1. Bei dëse Feierlechkeete waren zwee Ministere präsent an zwar den Inneminister Léon Gloden an de Minister Claude Meisch, dee gläich an duebeler Funktioun war: Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung a Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend. De Jérôme Faé huet den Ëmweltminister Serge Wilmes vertrueden. An dës zwee Projete goufen iwwer siwe Milliounen Euro investéiert.
D’Ministere goufe vum Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch an de Schäffe Bruno Grilo a Lynn Mossong empfaangen an no enger kuerzer Begréissung hu sech d’Gäscht déi nei Raimlechkeeten ugekuckt. D’Gebai gouf energeetesch verbessert fir bezuelbare Wunnraum ze schafen an dobäi awer säin authentescht Erscheinungsbild am historeschen Duerfkär ze erhalen. Wéinst de schmuele Stroossen an de Virgabe vum Denkmalschutz konnt de Volummen net vergréissert ginn, wat speziell Léisungen an eng sensibel Planung erfuerdert huet.
D’Zil war et, déi bestoend Bausubstanz gréisstendeels ze erhalen an nohalteg ze ergänzen. Mauere goufe bannenan isoléiert, Fassade mat diffusiounsoffenem Putz erneiert an den Daach mat Steewoll an Naturschifer gedeckt. All Konstruktioune si diffusiounsoffen, fir Fiichtegkeetsschied ze vermeiden. Modern Holz-Alu-Fënsteren, eng Fernwärmeanbindung an eng Belëftungsanlag mat Wärmeréckgewënnung suerge fir Energieeffizienz a Wunnkomfort.
Am spéiden Hierscht 2018 gouf mat den éischte Planungen ugefaangen. An der Gemengerotssëtzung vum 31. Januar 2022 gouf eestëmmeg den “Avant Projet detaillé” an Héicht vun 1.445.724,71 Euro gestëmmt an de Fonds du Logement subventionéiert dëse Projet mat 75 Prozent. D’Gebai huet eng Längt vu 17,27 Meter, eng Breet vun 9,28 Meter an eng Héicht vun 9,63 Meter. An dësem denkmalprotegéierte Gebai, wou d’Aarbechten am September 2023 ugefaangen hunn, si dräi sozial Wunnengen entstanen, déi sech op dräi Stäck verdeelen. Schlussendlech goufen an dëse Projet 1.765.833,89 Euro investéiert.
Uschléissend goung et zesummen an d’Schoul wou d’Kanner d’Ministeren an d’Invitéeë mat engem Danz an engem Lidd begréisst hunn. Si stoungen och Spaléier éier de Bändchen duerchschnidde gouf. No der Besichtegung vun der Schoul huet den offiziellen Deel mat de Rieden ugefaangen.
Am éischten Entworf am Wanter 2021/2022 sollt dat bestoend Gebai deels erhale bleiwen an duerch eng Opstockung erweidert ginn, mee wéinst de Virschrëfte war dat net méiglech. Dofir gouf decidéiert, alles ofzerappen an e kompletten Neibau un d’Judo- a Sportshal unzeschléissen.
De Projet gesäit dräi Gruppenzëmmere fir de Precoce an dräi Klassesäll fir Cycle 1 an 2 vir. D’Precoce läit am Rez-de-chaussée, d’Klassesäll mat separatem Agank um éischte Stack. Fir Plaz ze spueren an de Schoulhaff ze vergréisseren, gouf Technik um Daach placéiert.
Am Rez-de-chaussée féiert en Agank an e grousse Gank mat Garderoben, vun deem aus déi dräi Gruppenzëmmeren accessibel sinn. En zweeten Agank féiert an de Trappekär mat Lift, Personalberäich a barrièrefräiem WC.
Um éischte Stack ginn d’Klassesäll iwwer en hellen zentrale Gank erschloss, mat getrennte Sanitärräim. Eng Holzfassad markéiert en Deel vum Gebai, wou och eng zweet Trap als Noutwee ass. D’Gestaltung orientéiert sech un der Spillschoul vis-à-vis. Investéiert gouf an dëse Projet 5.385.949,45 Euro. Ënnert dësem Link kann een de Fortschrëtt vun den Aarbechte nach eng Kéier nokucken: https://beaufort.lu/vergreisserung-vum-schoulgebai-fir-de-cycle-1/
Weider Detailer zu dëser duebeler Aweiung ginn et deemnächst am nächste Gemengebuet “De Beeforter”.
Konstruktiven Austausch mat de Veräiner
Virgëschter Owend huet de Schäfferot op een Austausch mat de lokale Veräiner an de berodende Kommissiounen invitéiert. Wärend dem Owend goufen d’Manifestatioune virgestallt, déi d’Gemeng am Laf vum Joer organiséiert, an och wéi eng Méiglechkeeten d’Veräiner a Kommissiounen hu fir sech mat anzebréngen.
Zu de Manifestatiounen, déi d’Gemeng zesumme mat de Veräiner organiséiert, zielen dëst Joer den Europadag (9. Mee), d’”Nuit du Sport” (6. Juni), d’Feierlechkeeten am Kader vum Nationalfeierdag (22. Juni), den Open-Air-Kino (am Juli) d’Generatiounsfest (19. September) an d’Kiermes (4. Oktober). An de leschte Joren hunn dës Veranstaltungen eng ëmmer gréisser Envergure kritt a sou een Austausch wéi virgëschter hëlleft jidderengem seng Erfarungswäerter mat anzebannen an ze kommunizéieren. Obwuel sech d’Organisatioun an den Oflaf vum Dag mat der Zäit schonns verbessert hunn, wëll een an Zukunft op dësem Gebitt nach besser opgestallt sinn.
Déi grouss Präsenz vun de Veräiner a Kommissiounen ënnersträicht d’Wichtegkeet vu sou engem Austausch. Ofgeschloss gouf den Owend mat engem vun der Gemeng offréierte Patt mat klengen Häppercher.

Befort – E Bild vun engem Duerf
Haut viru genee 43 Joer war Halleffaaschten. Op dësem 13. Mäerz 1983 huet den “Hei Elei Kuck Elei” ee Film vu ronn 45 Minutten iwwer Beefort gewisen. De Film vum Menn Bodson a Pierre Puth kann een um Site vun RTL gesinn an de Link ass hei ënnendrënner. “Befort – E Bild vun engem Duerf” fänkt bei 53:15 un.
https://play.rtl.lu/shows/lb/hei-elei-retro/episodes/r/2988215
Waasserbaseng “Hondsbierg“ zu Déiljen ageweit
Knapps ee Joer no der Aweiung vum Waasserbaseng “op der Heed” zu Beefort gouf gëschter de Waasserbaseng “Hondsbierg” zu Déiljen offiziell ageweit. Dëst a Präsenz vum Inneminister Léon Gloden an dem Tom Schaul, deen den Ëmweltminister Serge Wilmes vertrueden huet, dee sech kuerzfristeg ofgemellt huet.
Mat dëser Aweiung ass de grousse Projet vun engem zweete Standbeen bei der Waasserversuergung an der Gemeng Beefort ofgeschloss. Virdru gouf et an der Gemeng Beefort dräi verschidde Waasserreseauen. Beefort krut säi Waasser aus de Quelle vum Schiessentümpel am Mëllerdall, Déiljen aus de Quelle Cloosbierg a Grondhaff aus der Quell Grondhaff an zum Deel och Cloosbierg.
D’Iwwerschwemmunge vum 1. Juni 2018 hu bewise wéi empfindlech d’Waasserversuergung an der Gemeng Beefort ass. Haut kënnt d’Drénkwaasser an der Gemeng Beefort haaptsächlech aus de Quelle Cloosbierg zu Déiljen a Grondhaff. D’Waasser geet iwwert eng modern Waasseropbereedungsanlag um Cloosbierg zu Déiljen an den neie Waasserbaseng “Hondsbierg”. An dësem Waasserbaseng, dee ronn véier Milliounen Euro kascht, gëtt d’Waasser an den Uertschaften Déiljen a Grondhaff verdeelt. Dernieft ass hei eng Pompelstatioun integréiert, déi d’Waasser an de Waasserbaseng “op der Heed” zu Beefort erop pompelt an esou d’Waasserversuergung zu Beefort ofséchert.
Des Weidere goufe bei den Terrassementsaarbechte bal 3.000 Kubikmeter Buedem beweegt, 275 Kubikmeter arméierte Bëton a 35 Tonne Stol verschafft, eng Buerung vun 90 Meter Déift duerchgefouert an um Daach eng Fotovoltaikanlag vun ongeféier 50 kWp installéiert.
Den aktuelle Waassereseau zu Beefort
Iwwer d’Wanterméint ka sech d’Gemeng Beefort aus den eegene Quelle mat Drénkwaasser selwer versuergen. An de Summerméint ass dat awer net de Fall an dee Moment kann een op d’Waasser aus dem Mëllerdall mat der besteeënder Leitung zréckgräifen. Et gi méi Ursaachen, datt am Summer méi Waasser verbraucht gëtt. Op der enger Säit ass dat bedéngt duerch den Tourismus an d’Campinger an op der anerer Säit bei den Awunner, déi mat Drénkwaasser hire Wues a Gaart netzen an awer och hir Schwämmen opfëllen.
Deen elo fäerdege Waasserreseau an der Gemeng kann och an Noutfäll fir proppert a sécher Drénkwaasser suergen. Sollt d’Qualitéit net den Normen entspriechen, da kann de Waasserbaseng “op der Heed” d’Uertschaften Déiljen a Grondhaff mat Waasser aus dem Mëllerdall versuergen. Ewéi een d’Waasser aus dem “Hondsbierg” erop pompele kann, sou ass et och méiglech ëmgedréit Waasser vun “op der Heed” déi zwou Cuvë vu jeeweils 175 Fudder am “Hondsbierg” ze fëllen.
Den Zougank zu propperem Drénkwaasser ass ee Grondrecht an eng Käraufgab vun de Gemengen esou den Inneminister Léon Gloden. Proppert Waasser ass keng Selbstverständlechkeet well ronn zwou Milliarden Mënschen hu kee reegelméissegen Zougank dozou. Investissementer an d’Waasserinfrastruktur stäerken an d’Resilienz vun de Gemengen. Gläich am Ufank vu senger Ried huet hien de Beeforter “Knights Girls” zum Lëtzebuerger Champions-Titel felicitéiert, een Titel, deen an der Lëtzebuerger Äishockey-Geschicht fir déi éischte Kéier ausgedroe gouf. Gespillt gouf um Äis, och eng Eegenschaft vum Waasser. A propos Waasser. Passend zum Thema huet et och gereent, an dat net wéineg.
Impressiounen aus dem Waasserbaseng
Regionales Klimaforum 2025/2026
Wie bereits 2024/2025 hatten die Klimateams der Gemeinden Befort, Heffingen und Waldbillig ihre Bürger*innen sowie Vertreter*innen von Vereinen und Betrieben zum mittlerweile zweiten gemeinsamen Klimaforum 2025/2026 im Rahmen des Klimapakts 2.0 eingeladen. Zu diesem Zweck organisierten die drei Gemeinden erneut eine Informations- und Partizipationsveranstaltung, die am 3. Februar im „Kärespeicher“ der Heringermillen stattfand und mit knapp 50 Teilnehmenden sehr gut besucht war.

Zentrales Element der Veranstaltung war ein praxisorientierter Vortrag, der vom Klima-Agence-Experten Martin Schmitt gehalten wurde. Die Themen waren dieses Jahr sehr breit gefächert, beginnend mit der regenerativen Wärmeerzeugung in Privathaushalten und Residenzen – insbesondere mittels Wärmepumpen – bis hin zu einfachen energetischen Sanierungsmaßnahmen, die man zum Teil auch selbst machen kann. Das Selbstproduzieren von PV-Strom, der – sofern er nicht komplett selbst verbraucht wird – mit anderen Bürger*innen geteilt werden kann, stand genauso auf der Tagesordnung wie das neue nationale Klimabonus-Beihilfesystem des Luxemburger Staates. Darüber hinaus war eine aktive Bürgerbeteiligung gefragt, zum einen während des Hauptvortrags via einer Online-Beteiligung zu verschiedenen Fragestellungen, zum anderen zum Abschluss in einer ausführlichen Diskussionsrunde.
Nach den Begrüßungsworten des Waldbilliger Gemeindeingenieurs Filipe Soares erläuterten die jeweiligen Klimapakt-Berater der drei teilnehmenden Gemeinden (Thomas Schlicher für Befort und Heffingen, Bernhard Jäckel für Waldbillig) den aktuellen Stand des lokalen Klimapakts (u.a. Energiebuchhaltung, gemeindescharfe Indikatoren, erneuerbare Energiepotenziale, Aktivitäten der jüngeren Vergangenheit, Aktivitätenplan für die folgenden Monate…).

Wärmepumpen
In seiner Präsentation zeigte Martin Schmitt auf anschauliche Weise, dass heutzutage eine Wärmepumpe in fast allen Gebäuden – auch Bestandsbauten – einsetzbar ist. Auch wenn die Anschaffungskosten hoch sind – was durch die hohe staatliche Förderung aber im Vergleich zum Kauf fossiler Feuerungsanlagen die Preisdifferenz fast wettmacht – ist die Wärmepumpe im Betrieb effektiver und günstiger. Dies liegt insbesondere laut Schmitt im Wirkungsrad der Wärmepumpe begründet, die in der Lage ist, aus 1 kWh Strom bis zu 3-5 kWh Wärme zu produzieren (während fossile Systeme aus 1 kWh Primärenergie sogar weniger Wärme erzeugen). Zudem wird durch die in den nächsten Jahren steigenden Öl- und Gaspreise infolge der europäischen CO₂-Bepreisung die Wirtschaftlichkeit von Wärmepumpen weiter steigen. Als bevorzugte Variante empfiehlt der Experte die Luft-Wasser-Wärmepumpe, da Sole-Wasser-Wärmepumpen (Geothermie) zwar gut funktionieren, aber aufgrund der höheren Anschaffungs- und Bohrkosten meist deutlich teurer sind.
Dämmung
Die Wirtschaftlichkeit von Wärmepumpen – aber auch von allen anderen Heizungsarten – steigt natürlich, je besser das Haus isoliert und gedämmt ist. Denn dann bleibt die Wärme dort, wo sie gebraucht wird – nämlich in den Räumlichkeiten, und entweicht nicht durch schlecht gedämmte Fassaden, Fenster und Dächer unnötig nach draußen. Hier zeigte Schmitt einfache Beispiele auf, wie man mit wenig Invest und – wenn gewünscht – teils in Eigenleistung zum Beispiel die oberste Geschoßdecke (durch das Verlegen von Dämmplatten auf dem Spitzboden/Speicher) dämmen kann.

Photovoltaik und Stromteilen
Im Bereich Photovoltaik waren sehr viele „Profis“ im Raum, da die Online-Live-Umfrage einen hohen Anteil an PV-Anlagen-Besitzer*innen ergab. Daher konnte direkt ins Detail gegangen werden – etwa hinsichtlich Eigenverbrauch, Erhöhung des Eigenverbrauchs durch Batteriespeicher und schließlich der wirtschaftlichen Nutzung des verbleibenden Überschussstroms durch „Stromteilen“.
Hier können in verschiedenen Modellvarianten mehrere Verbraucher selbst produzierten PV-Strom untereinander teilen. Dazu ist keine zusätzliche „Hardware“ nötig (keine zusätzlichen Kabel, Zähler oder Ähnliches), da dies mithilfe der mittlerweile intelligenten Stromzähler rein bilanziell erfolgt.
In der kleinsten Variante (maximal drei Haushalte/Stromzähler in einem Radius von 100 Metern im Niederspannungsnetz) kann sogar ohne externe Unterstützung über einfache Verträge zwischen den maximal drei Teilnehmenden geregelt werden, wie der Strom geteilt wird. Hat beispielsweise einer der drei Haushalte eine PV-Anlage, so könnte er zuerst selbst den Strom verbrauchen, den er benötigt. Den Überschussstrom verkauft er dann den beiden Nachbarn, die in der „Strom-Gemeinschaft“ mitmachen, zu vorher vertraglich fixierten Regeln, was für alle Parteien einen finanziellen Vorteil bringt: Der Besitzer der PV-Anlage verlangt von seinen Nachbarn einen höheren Strompreis als den, den er vom Netzbetreiber bekommen würde, wenn er seinen Überschussstrom einspeisen würde (aktuell ca. 4-6 ct/kWh), aber deutlich weniger, als wenn der Nachbar den Strom für über 20 ct/kWh beim Stromversorger einkaufen würde.
Es gibt auch (räumlich betrachtet) größere „Strom-Gemeinschafts-Varianten“, bei denen mehrere Haushalte in einem größeren Umkreis lokal oder sogar landesweit selbst produzierten Strom teilen können, wofür aber eine Gesellschaft/Asbl gegründet oder sogar ein Dienstleister engagiert werden muss. Zudem fallen bei den größeren Varianten zusätzliche Kosten (u.a. Netznutzungsgebühren) an.

Förderungen
Abschließend ging Martin Schmitt auch auf nationale Fördermöglichkeiten ein, da hier der staatliche Rahmen zum 1. Januar dieses Jahres geändert wurde. Er fokussierte dabei auf das Thema PV, da zum einen die Höhe der Zuschüsse insbesondere für den privaten Bereich modifiziert wurden, zum anderen das für den privaten Endkunden sehr interessante Instrument der Vorfinanzierung geschaffen wurde. Dabei muss der Private bei Anlagen < 30 kW nicht wie bisher den vollen Preis vorfinanzieren, um später die Beihilfen rückausbezahlt zu bekommen, sondern der Installateur beantragt die Beihilfen selbst und erhält sie direkt vom Staat, so dass der Private nur noch seinen Eigenanteil an den Installateur zahlen muss.
Da der Austausch und die Interaktion mit den Teilnehmenden nicht zu kurz kommen sollten, wurde in seinem ca. eineinhalbstündigen Vortrag Raum für Zwischenfragen und Diskussionen gegeben – wie auch hinterher „beim Patt“ individuell diskutiert, erklärt, Erfahrungen ausgetauscht und Tipps gegeben wurde.
Insgesamt also – und dies nicht zuletzt durch den professionellen und kurzweiligen Vortrag des Experten der Klima-Agence – ein rundum gelungener Veranstaltungszyklus, der 2026/2027 unbedingt fortgesetzt werden soll – bestenfalls wiederum gemeinsam mit Befort, Heffingen und Waldbillig.
Text: Thomas Schlicher & Filipe Soares
Fotos: Thomas Schlicher & Filipe Soares & Bernhard Jäckel
Projete mat Impakt identifizéieren an ëmsetzen
Klimaneutralitéit heescht net nëmme manner Emissiounen, mee och eng besser Liewensqualitéit, manner Energiekäschten an eng méi resilient Zukunft.
Klima-Agence an de Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit huet vum 12. November op de 27. Januar op eng Serie vu regionalen Informatiounsveranstaltungen zu dësem Thema invitéiert, dorënner och an der Jugendherberge zu Beefort. Dës Konferenz huet sech souwuel u Vertrieder a Mataarbechter vun de Gemenge wéi och Klimaberoder a regional Acteure geriicht. Unhand vu praktesche Beispiller gouf gewise wéi ee konkreet Projeten ëmsetze kann, an de Wee a Richtung Klimaneutralitéit aleede kann:
- Begleedung am Kader vum Klimapakt,
- Ëmsetzung vu Projeten an de Gemengen,
- Hëllefsstellunge vu Klima-Agence,
- Bäihëllefen aus dem iwwerschaffte Programm Klimabonus Gemengen.
Am Mëttelpunkt stoungen hei ënner anerem Theme wéi: Energieeffizienz duerch eng energeetesch Renovatioun, Méiglechkeete vun den erneierbaren Energië vum Eegeverbrauch bis zum Deelen an den Ausbau vun der Elektromobilitéit. Fir Froen zur Presentatioun, der Begleedungsoffer vu Klima-Agence oder dem Klimapakt, kënnt Dir Iech per Mail op pacteclimat@klima-agence.lu mellen.
D’Presentatioun kann een iwwert dëse Link vun der Klima-Agence eroflueden: Roadshow 2025/2026
Personalfeier am Zeeche vun der Unerkennung an Zesummenhalt
D’dësjäregt Personalfeier vun der Gemeng zesumme mat hiren Trägeren ewéi zum Beispill Schoulpersonal, Maison Relais, de Service forestier, d’Membere vum Natur- a Geopark, dem CGDIS an dem Cigr gouf de leschte Freideg ënnert enger kompletter neier Form gehalen. Des Kéier war een net an engem Restaurant mee am Dojo, der Sportshal vum Judo, an d’Feier stoung ënnert engem bestëmmten Thema an zwar déi “Gëllen 20er Joren” aus dem leschten Joerhonnert.
Deementspriechend gouf de Sall ageriicht an de gréissten Deel vun de Gäscht huet sech der Zäit vun deemools moudesch ugepasst. Gläich am éischte Saz huet de Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch erkläert, datt déi 20er Jore fir Opbroch, Optimismus a Liewensfreed stoungen. No schwéieren Zäit hunn d’Leit no vir gekuckt, hunn un d’Zukunft gegleeft, un den Zesummenhalt an de Wäert vun der Aarbecht, déi een zesumme fir d’Gemeinschaft mécht. An den Ae vum Buergermeeschter passt dëse Geescht gutt zu eiser Gemeng a virun allem de Mataarbechterinnen a Mataarbechter.

D’Gemeng funktionéiert net nëmme wéinst de Gebaier, Reegelen oder Projeten. Si funktionéiert virun allem wéinst de Mënschen, déi sech all Dag engagéieren: an der Administratioun, am technesche Service, an den Atelieren, dobaussen an am Kontakt mat de Bierger. Si sinn d’Réckgrat vun der Gemeng a suergen dofir, datt d’Saache lafen, och dann, wann et net ëmmer einfach ass. Am Numm vum Schäfferot huet hien hinne villmools Merci gesot fir hiren Asaz, hir Loyalitéit an hire professionelle Geescht.

D’Soirée vun der Personalfeier stoung ganz bewosst am Zeeche vun der Unerkennung mee och vum Zesummenhalt. Si war eng Geleeënheet fir sech ausserhalb vum Alldag ze begéinen, zesummen ze laachen, ze danzen, ze genéissen, esou wéi et an den 20er Jore scho war. Fir de Buergermeeschter war et eng Freed net nëmme mat de Kolleeginnen a Kolleegen ze verbrénge mee och mat de Gäscht, déi d’Gemeng begleeden a matgestalten. Beefort wier eng staark Gemeng well si op Zesummenaarbecht, Respekt a Vertraue baut.

Zum Ofschloss vum offiziellen Deel gouf nach eng Persoun geéiert: Rosa Fernandes Afonso. Zanter dem 1. August 2025 ass d’Rosa offiziell an der Pensioun an et huet net vill gefeelt, datt si 30 Joer op der Gemeng geschafft hätt. Agestallt gouf d’Rosa offiziell den 8. Dezember 1995 ënnert dem deemolege Schäfferot mam Buergermeeschter Guy Hanff an de Schäffe Marcel Diederich a Camille Hoffmann. Si huet ënner anerem jorelaang d’Kanner mam Minibus an d’Schoul gefouert, de Gemengebuet “De Beeforter” a Flyere vun der Gemeng verdeelt an net ze vergiessen den Éierepatt zerwéiert.
No dësem Deel goufen e puer flott Stonne mat engem Buffet, Live-Musek, DJ an enger festlecher Atmosphär vun de “Gëllenen 20er Jore” verbruecht.

Nei Mataarbechter an der Gemengeverwaltung
Zanter dem 1. Januar dëst Joer gouf d’Administratioun mat zwee neie Mataarbechter verstäerkt: Lena Hetto a Pit Lourenco.

An der Funktioun vum “Coordinateur sportif” hëlleft d’Lena de Projet “Meng Gemeng lieft Sport” ëmzesetzen. Dëse Projet ass eng national Strategie vum Sportsministère kierperlech Aktivitéiten a Sport zu engem Hiewel fir d’Gesondheet, sozialen Zesummenhalt an Zesummeliewen op Gemengenniveau ze maachen. De Programm baséiert op eng strukturéierter an nohalteger Zesummenaarbecht tëschen dem Sportsministère an de Gemengen. Gemeinsam setze si sech a fir eng gesond, aktiv an integrativ Gesellschaft an, an där all Mënsch onofhängeg vu sengem Alter, senge Fäegkeeten oder soziale Status, Zougang zu héichwäertege Sport- a Beweegungsofferen huet.
Duerch dës Aufgab ass d’Lena op dësem Gebitt den Uspriechpartner fir sämtlech Veräiner aus der Gemeng. Des Weideren ënnerstëtzt hatt d’Organisatioun vun de Manifestatiounen, déi vun der Gemeng gemaach ginn an och d’Kommunikatioun. Souwuel de Büro vum “Coordinateur sportif” ewéi d’Büroe vum Sekretariat an der Kommunikatioun befanne sech zesumme mat der Recette um éischte Stack.

Ee Stack méi héich ass de Büro vum Pit Lourenco. Hei ass de Service technique ënnerbruecht an zesumme mam Claire assuréiert de Pit d’Gestioun vum Service. De Gestioun kann een och als Sekretariat vum technesche Service gesinn. Mam Pit ass an der Reegel de Büro vum Service wärend den normale Bürosstonne besat. Zu sengen Haaptaufgaben zielen den administrativen Deel vum Service fir d’Zukunft auszeriichten. Déi jeeweileg Prozedure ginn analyséiert a wann néideg iwwerschafft esou, datt d’Gemeng fir déi nächst Joren optimal opgestallt ass.
Mir wënschen dem Lena an dem Pit vill Gléck op hirem neie Beruffswee zu Beefort op der Gemeng.
De Beeforter 83 ass online
Den neie Gemengebuet « De Beeforter », deen an de leschten Deeg an der Gemeng verdeelt gouf, ass online an iwwert dëse Link kënnt een direkt op déi digital Versioun vum Buet: https://beaufort.lu/?p=33415

Plastiksammlung / Emballages PMC
Den Dag vun der Plastiksammlung huet fir 2026 geännert. Déi blo “Valorlux”-Tute ginn elo méindes ofgeholl, zesumme mam Haushaltsmüll (gro Poubellen). Déi éischt gemeinsam Collecte ass dëse Méindeg, de 5. Januar, an duerno geet et weider am Zwee-Woche-Rhythmus.
Weider Informatiounen zu der Gestioun vum Offall an der Gemeng Beefort ginn et ënnert dësem Link: https://beaufort.lu/citoyen/services-environnementaux/gestion-des-dechets/
****
Le jour de la collecte des « emballages PMC » a changé pour 2026. Les sacs bleus « Valorlux » sont désormais ramassés le lundi, en même temps que les déchets ménagers (poubelles grises). La première collecte conjointe aura lieu ce lundi 5 janvier, puis elle se poursuivra ensuite toutes les deux semaines.
Plus d’informations sur la gestion des déchets dans la commune de Beaufort sont disponibles sous ce lien : https://beaufort.lu/citoyen/services-environnementaux/gestion-des-dechets/
****
The collection day for ‘PMC packaging’ has changed for 2026. Blue ‘Valorlux’ bags are now collected on Mondays, at the same time as household waste (grey bins). The first joint collection will take place on Monday 5 January, and will then continue every two weeks.
More information on waste management in the municipality of Beaufort is available at this link: https://beaufort.lu/citoyen/services-environnementaux/gestion-des-dechets/
****
O dia da recolha de «embalagens PMC» mudou para 2026. Os sacos azuis «Valorlux» são agora recolhidos às segundas-feiras, juntamente com o lixo doméstico (caixotes cinzentos). A primeira recolha conjunta terá lugar nesta segunda-feira, 5 de janeiro, e depois continuará a cada duas semanas.
Mais informações sobre a gestão de resíduos no município de Beaufort estão disponíveis neste link: https://beaufort.lu/citoyen/services-environnementaux/gestion-des-dechets/









