
Beeforter Duerfpatt
D’Beeforter Duerffrënn organiséieren e Samschdeg, den 21. August, vu 17 bis 23 Auer ee gemittlechen Owend wou d’Duerfleit sech beim Patt am Gaart vun der Maison Dussier treffe kënnen. Bei där Geleeënheet kann ee sech um 18 Auer och de flotte Generatiounsgaart mam Annick Feipel ukucke goen. D’Entrée (gratis) ass nëmmen op Nummer 5, Montée du Château an dat mam Covidcheck.
