Djembé an aner afrikanesch Rhythmen
Präis: Kanner: 10 Euro / Erwuessener: 20 Euro. Umeldung: annickf@cell.lu
(L) Entdeckt d’Instrumenter Djembé an Dumdum esou wéi hire Rhythmus an de musikalesche Repertoire a Kultur vu West- an Ostafrika, a Kollaboratioun mam “Club Senior Eist Heem” vu Bierchem. De Museker Deogratius Masabo Sizimwe ass säit ville Joren am Museks- a Konschtmilieu ënnerwee. Zënter de leschte véier Joer gëtt hien a ville Schoulen uechter d’Land Djembés- an Dumdum-Coursen esou wéi afrikaneschen Danz fir all Alter. Dëse Workshop besteet aus der Presentatioun vum Land vum Kënschtler, der Entdeckung vun den Instrumenter, dem Léiere vum Rhythmus an der Entdeckung vum musikalesche Repertoire an der Kultur vu West- an Ostafrika. De Masabo wäert d’Rolle vun de verschiddenen Instrumenter presentéieren an och d’Aarbecht vu Geste an Toun duerch Übungen a basisrythmesch Formelen. Kommt a verbréngt e puer gemittlech a musikalesch Stonne mat eis am Generatiounsgaart.
………
(F) Découvrir l’instrument du Djembé et du Dumdum, s’initier au rythme et découvrir le répertoire musical et la culture d’Afrique de l’Ouest et de l’Est, en collaboration avec le « club senior Eist Heem » de Berchem. L’instructeur Deogratius Masabo Sizimwe est un musicien qui a passé de nombreuses années d’apprentissage dans la musique et de l’art. Depuis quatre ans il enseigne dans de nombreuses écoles à travers le Luxembourg et donne des cours de Djembé, de dumdum et de danse africaine à tout âge. La leçon consiste dans la présentation du pays de l’artiste, la découverte des instruments, l’apprentissage du rythme et la découverte du répertoire musical et de la culture de l’Afrique de l’Ouest et de l’Est. Masabo présentera les rôles des différents instruments et le travail du geste et des sons par des exercices et des formules rythmiques de base.