Hula Hoop

10:00 – 12:00 fir Kanner a Jugendlecher tëschen aacht a 17 Joer

14:00 – 17:00 fir Erwuessener

Präis: Kanner 25 Euro / Erwuessener 35 Euro

Umeldung: annickf@cell.lu

 

Gebaut gëtt een eegenen Hula Hoop a geléiert wat een alles domat maache kann

Een Hula Hoop kennt een als Erwuessener oft nëmmen nach aus Kandheetserënnerungen. Een einfache Reef, deen een em de Bauch kreese ka – méi net? Dat stemmt net sou ganz, mat sou engem Reef kann een nach vill méi ustellen. Déi ënnerschiddlechst Muskelen am ganze Kierper uspanen an een neit Kierpergefill trainéiere wat hautdesdaags um Bürosstull oft verluer geet oder nëmmen nach eesäiteg beusprocht gëtt. An dat ganzt mécht dobäi och nach Spaass well et an enger improviséierter Fuerschungsrees zu ausgewielter Musek geschitt.

Et si keng Virkenntnësser néideg. An wann een denkt, dat kann ech net méi, dat konnt een nëmmen als Kand, da soll ee sech onbedéngt vum Géigendeel iwwerzeege loossen. Dat bescht ass dat funktionéiert fir all Kierper, vun allen Alter an allen Geschlechter. An aktuell souguer immens praktesch well een duerch den Danz mam Reef ëmmer genuch Ofstand unenaner halen an trotzdem zesummen danze kennen.

Alles fänkt u mat engem passenden Hula-Hoop-Reef an et gëtt sech Zäit gelooss fir déi ënnerschiddlechst Gréissten auszeprobéieren. No deem des Wiel getraff ass mécht jiddereen säin eegenen Hula Hoop mat deem uschléissend verschiddenen Ëmgangsforme kennegeléiert ginn.

Duerno gëtt sech vun de Bäss an der Stëmmung an der Beweegung beaflosse gelooss, geléiert op de Kierper ze lauschteren, dorop wat deem grad gutt deet. Dobäi hëlt een och d’Ëmwelt aus enger neier Perspektiv wouer an et léisst ee sech vum Beeforter Gaart inspiréieren. Um Enn entsteet ee fléissenden Danz, deen sech komplett fräi zur individueller Gemittslag entfale kann. Et kënnt een an ee Flow…

Programm:
45 – 60 Minutten: Austeste vun de Reefer an erakommen an d’Beweegung, éischt Probéiere vu klenge Beweegungen
Evtl. eng kleng Paus
45 – 60 Minutten:  Baue vun de Reefer, individuell Gréisst a faarweg Tapes
Evtl. eng kleng Paus
60 bis 75 Minutten: All zesumme mat Musek a synchron zur Musek an een Hula-Hoop-Flow kommen

Date

14 août 2021
Expiré!

Heure

08:00 - 17:00

Plus d'Infos

Lire la suite

Lieu

Generatiounsgaart
Generatiounsgaart
Site Web
https://www.facebook.com/GeneratiounsgaartBeefort
Lire la suite
QR Code
Aller au contenu principal