Makadammen

20 Joer Makadammen! Wow! Dat muss gefeiert ginn! D‘Ekipp mécht ee Konveniat an do luede si all hir „Avataren” vun deene leschte Joeren an, a loossen en etlech flott Momenter Revue passéieren.

„Einfach aus der Haut fueren
Fir een Aneren ze ginn
Mir fillen eis wéi neigebueren
Wa mir op der Bühn stinn
Aus dem Jeckill gëtt d’Miss Hyde
Aus dem Beauty gëtt e Beast
Aus dem Bonny gëtt e Clyde
A last but not least
Gëtt aus lackéiert Fangerneel schaarf Krallen
Aus douce Fraen, Femme fatalen
Wa mir op d’Bühn ropklammen
Gi mir: (d’Maggy, d’Monique, d’Susy an d’Théa)
D’MAKADAMMEN“

Op Invitatioun vun der Beeforter Kulturkommissioun an an Zesummenaarbecht mat der Ge­­­meng kommen d‘Makadammen op Beefort an de Kummelsbau e Sonndeg, de 27. Mäerz, um 17 Auer. Den Entrée ass fräi an et gëllt de CovidCheck mat den aktuelle Covid-19-Reegelen. Weider Informatiounen dozou stinn am Agenda vum 27. Mäerz an der Beeforter App an op www.beaufort.lu. Trotz dem fräien Entrée muss ee seng Plaz ënnert der Nummer 621 77 45 05 oder E-Mail linkm@pt.lu reservéieren.

Makadammen: Théa Engel, Susy Lentz, Monique Mille, Maggy Molitor
Musek a musikalesch Begleedung: Netty Glesener
Texter: Roland Gelhausen, Josiane Kartheiser, Maggy Molitor
Regie: Jacqueline Posing-van Dyck
Dekor: Christian Klein
Kostümer: Christian Klein an Yvette Engel
Affiche a Fotoen: Pitt Becker
Beliichtung : On Stage Light

Date

27 mars 2022
Expiré!

Heure

17:00 - 19:15

Lieu

Kummelsbau

Organisateur

Kulturkommissioun
QR Code
Aller au contenu principal