Mëllerdall Clean Up Day

Och dëst Joer organiséiert den ORT Mëllerdall pénktlech fir de “World Clean Up Day” de “Mëllerdall Clean Up Day” e Samschdeg, den 18. September. Getrei nom Motto “Hike & Clean” ka jiddereen un deem Dag op de Wanderweeër an der Regioun Mëllerdall – Kleng Lëtzebuerger Schwäiz Dreck asammelen. Matmaache kann een als Grupp vu Wander-Kollegen oder alleng. Fir datt vill Knascht agesammelt gëtt a fir ze verhënneren, datt jiddereen op deem selwechte Wee ënnerwee ass, kritt all Grupp säi Wanderwee zougedeelt respektiv et kann ee sech ee Wee eraussichen. Den ORT Mëllerdall beréit gären esou, datt jiddereen de passende Wee fënnt. Weider Informatioune ginn et per E-Mail op info@mullerthal.lu oder per Telefon um 72 04 57 1.

Jidderee soll seng Händschen an d’Dreckstut selwer matbréngen. Nom Asammele ginn d’Tuten an ee Sammelcontainer geheit an zu Beefort ass dee beim Syndicat d’initiative et du tourisme. Et sief drop higewisen, datt jiddereen op seng eege Verantwortung deelhëlt an et soll ee sech un d’Hygiène an d’Distanzvirschrëften halen.

De “Mëllerdall Clean Up Day” ass mat enger Fotosaktioun verbonnen. Ënnert all de Fotoen vu sech oder vum Grupp mat enger Dreckstut, déi op Facebook oder Instagram mam Hashtag #cleanupdaymëllerdall gepost ginn oder per E-Mail op quality@mullerthal.lu geschéckt ginn, gëtt ee Kaddo aus der Regioun verloust.

Date

18 septembre 2021
Expiré!

Heure

Journée entière
QR Code
Aller au contenu principal