
Mëllerdaller Klima-, Energie- an Ëmweltdag
Dir sidd Bierger am Natur- a Geopark Mëllerdall an Iech läit Klimaschutz an een nohaltegen Ëmgang mat eisen Ressourcen um Häerz? Da kommt den 12. November op Waldbëlleg op den éischte Mëllerdaller Klima-, Energie- an Ëmweltdag an diskutéiert mat, wéi mir eis Regioun zesummen méi nohalteg gestalten kënnen. Är Meenung zielt!
Ofgeronnt gëtt den Dag duerch weider flott Aktivitéiten fir Grouss a Kleng. De ganze Programm an de Formulair fir d’Umeldung fannt Dir ënner folgendem Link: https://www.naturpark-mellerdall.lu/mellerdaller-klima-energie-an-emweltdag/
