Nationale Gedenkdag

Den Nationale Gedenkdag erënnert all Joer un d’Resistenz vum Lëtzebuerger Vollek wärend der Occupatioun an der schwéierer Zäit vun 1940 bis 1945. Zu Beefort ass dëst Joer den Nationale Gedenkdag e Sonndeg, den 10. Oktober. Ëm 10.45 Auer gëtt eng Mass an der Porkierch zelebréiert an uschléissend gëtt eng Gerbe beim Monument aux Morts (nieft der Kierch) néiergeluecht. De Schäfferot invitéiert all Leit aus der Gemeng Beefort a Beeforter Veräiner un dëser Manifestatioun deelzehuelen. Et sief drun erënnert, datt ee sech och bei dëser Gedenkfeier un déi aktuell Sécherheetsregelen an Hygiènemesure muss halen an dat souwuel an der Kierch ewéi beim Néierleeë vun de Blummen.

Date

10 octobre 2021
Expiré!

Heure

10:45

Lieu

Eglise de Beaufort
QR Code
Aller au contenu principal