Planzenfierfworkshop

Minimumalter sechs Joer mat Begleedung

Präis: sechs bis zwielef Joer: 25 Euro / ab zwielef Joer: 50 Euro

Zousazkäschten:

Fënnef Euro fir een Turnbeutel oder dënn Kotténgstäsch

13 Euro fir eng déck Kotténgstäsch (all bio- a fairzertifizéiert)

Umeldung: annickf@cell.lu

Planzen-Fierfworkshop fir Grouss a Kleng mam Maggy Turpel-Backes, Natur- a Wildnispädagogin a Planzefierwerin. Am Generatiounsgaart gëtt een Interessantes iwwert d’Inhaltsstoffer vun de Planzen an hiren Notzen als Fierfstoff an hier Bezéiung zu Mënsch, Déier a Planz gewuer. Geklappt ginn dobäi Planzen a mat hinnen op eng Kottengstäsch gefierft fir e Planzendrock hierzestellen. D’Faarwen ginn all aus dem natierlechen Faarfstoff vun de Planzen hiergestallt.

Material fir matzebréngen: eng al Zeitung oder e Kartong fir an d’Täsch ze leeën an aalt Gezei. D’Kottengstäsch aus déckem bio a fair zertifizéiertem Kotteng ass extra zum Präis vum Workshop, ausser et wëllte séng Lieblingstäsch matbréngen, da soll ee se gutt gewäsch matbréngen. (Jute, Léngend, oder Kotteng, naturbelooss)

Date

09 octobre 2021
Expiré!

Heure

14:00 - 17:00

Plus d'Infos

Lire la suite

Lieu

Generatiounsgaart
Generatiounsgaart
Site Web
https://www.facebook.com/GeneratiounsgaartBeefort
Lire la suite
QR Code
Aller au contenu principal