Beaufort
17.9°C (17.3 / 18.3)
59%
979 hPa
2.8 m/s
Raf. 3.9 m/s
0 mm

03.06.2023: Buslinn 191 / Passage Schleck Gran Fondo / Sens unique

De groussen Tour vum Schleck Gran Fondo, 155 Kilometer, fiert rëm duerch Beefort, wou wéi déi Jore virdrun ee Poste de ravitaillement ass. Den Départ ass um 9.30 Auer zu Munneref an no 77,2 Kilometer ginn d’Cyclisten zu Beefort erwaart. Jee no Vitesse wäert viraussiichtlech den éischte Coureur géint 11.25 Auer zu Beefort sinn an de leschte géint 13.13 Auer. Aus deem Gronn wäert de Parking « op der Gare » gespaart sinn.

Sense unique CR 357 Beefort – Eppelduerf

Tëschen 11 a 14 Auer ass den CR 357 tëschen nëmmen an enger Richtung befuerbar (sens unique).

Buslinn 191 Ettelbréck – Dikrech – Beefort – Iechternach

Wéinst dem Sens unique vum CR 357 Beefort – Eppelduerf fiert d’Buslinn 191 nët duerch Eppelduerf a folgend Arrêten zu Beefort ginn net bedéngt: Ënnescht Heed, um Bierg, Äispist an op der Gare.

Wikingerschachturnéier

De Schleck Gran Fondo huet keen Afloss op den Oflaf vum Wikingerschachturnéier, dee vun de Beeforter Theaterfrënn organiséiert gëtt an um 11 Auer ufänkt.

Dernière modification le 31.05.2023

Des articles de la même catégorie

Hierschtprogramm September – Dezember 2026

Hierschtprogramm September – Dezember 2026

Den Hierschtprogramm September bis Dezember 2026, deen dës Woch an der ärer Bréifboîte loung, kann een ënnert dësem Link eroflueden: Le programme d’automne de septembre à décembre 2026, qui a été distribué cette semaine dans vos boîtes aux lettres, peut être...

lire plus
GoGo Velo ass zeréck / GoGo Velo est de retour

GoGo Velo ass zeréck / GoGo Velo est de retour

No engem Rekord-Fréijoer mat méi wéi 2.100 Participanten heescht d'Missioun dësen Hierscht: „Loosst eis 1.000 Mol ronderëm Lëtzebuerg fueren!“ Vum 7. September – 18. Oktober 2026 Zil: 356.000 km zesummen um Vëlo zeréckleeën – am Alldag an an der Fräizäit. An dobäi...

lire plus
Aller au contenu principal