07. & 08.10: rue Belair barrée

D’Rue Belair kritt een neie Stroossebelag vun e Méindeg, de 7. Oktober, moies 7 Auer bis en Dënschdeg, den 8. Oktober, 22 Auer. Dowéinst ass wärend dëser Zäit d’Strooss fir all Verkéier an och Parke gespaart.

Des Weideren ass e Méindeg d’Kräizung vun der Rue Belair mat der route de Reisdorf vu moies bis an den Nomëtteg gespaart an en Dënschdeg d’Kräizung Rue Belair mat der Route d’Eppeldorf. Déi entspriechend Ëmleedunge sinn ausgeschëldert.

Vun dëse Stroossenaarbechte sinn d’Buslinnen 191, 222 an C17 betraf an dat en Dënschdeg, den 8. Oktober, tëschen 8 a 15 Auer. Am Detail:

Linn 191: Ëmleedung iwwer Déiljen a Reisdorf nom Arrêt “Härewiss” an ëmgedréint. Keen Arrêt op de Bushaltestellen “Op der Gare”, “Äispist”, “um Bierg”, “Ënnescht Heed” an d’Uertschaft Eppelduerf. Den Horaire ass ugepasst an eng gëtt eng Spezial-Navette tësche Reisduerf “Bei der Gare” an Eppelduerf.

Linn 222: Busser aus Richtung Beefort ginn nom Arrêt “Op der Gare” direkt Richtung Haler ëmgeleet an ëmgedréint. Keen Arrêt op de Bushaltestellen “Äispist”, “um Bierg”, “Ënnescht Heed” an Halerstrooss.

C17: Busser aus Richtung Jonglënster ginn ëmgeleet iwwer d’Rue du Château a Grand-Rue. Duerno normale Wee. Keen Arrêt op “Halerstrooss”, “Ënnescht Heed”, “um Bierg” an “Äispist”. Betraff ass d’Course C17 5801.

Ënnendrënner stinn déi ugepassten Horairen an d’Spezial-Navette.

****

Suite aux travaux d’asphaltage la rue Belair sera fermée pour toute circulation et tout stationnement du lundi 7 octobre 7 heures jusqu’au mardi 8 octobre 22 heures.

De plus le lundi le croisement rue Belair/route de Reisdorf sera également barrée ainsi que le mardi le croisement rue Belair/route d’Eppeldorf du matin jusqu’à l’après-midi. Une déviation sera mise en place.

De ces travaux sont également concernés les lignes 191, 222 et C17 le mardi 8 octobre de 8 à 15 heures. Des amples informations se trouvent en-dessous :

 

Annexes (pdf):

Avis pertubation RGTR

Horaire Ligne 191

Navette Ligne 191

Dernière modification le 04.10.2024

Des articles de la même catégorie

03.02: Bierger-Klimaforum

03.02: Bierger-Klimaforum

D'Gemenge Beefort, Waldbëlleg an Hiefenech organiséieren zesummen ee Bierger-Klimaforum en Dënschdeg, den 3. Februar, ëm 19 Auer um Kärespäicher op der Heringermillen.

lire plus
Wanderwee gespaart / Sentier barré

Wanderwee gespaart / Sentier barré

Op Grond vu geféierleche Beem op dem Wanderwee laanscht d’Beeforter Schlass (vum Steg bis bei d’Schlass) ass dëse Wee aus Sécherheetsgrënn gespaart bis déi néideg Sécurisatiounsaarbechten ëmgesat sinn. En raison d’arbres dangereux sur le sentier de randonnée longeant...

lire plus
15.01: Beaufort – Haller barré

15.01: Beaufort – Haller barré

Wéinst Stroossenaarbechten en Donneschdeg, de 15. Januar, ass den C.R. tësche Beefort an Haler vun 9 bis 16 Auer fir all Verkéier gespaart. Betraff sinn och d’Buslinnen 222, 231, C07, C17 an de B05. Linnen 222, C07 an C17: Busser ginn iwwer Suewelbuer, Iermsdref an...

lire plus
Aller au contenu principal