Update 19.09.2025, 08:45 & pdf complet (link)
!!! Info 18.09.2025, 12:00 !!!
Muer Freideg, den 19. September, fiert den “Tour de Luxembourg” duerch Beefort an dowéinst kënnt et zu Stéierungen an Upassunge bei de verschidde Buslinnen a Stroosseverkéier. Jee nom Verlaf vun der Course wäert de Passage vun der Course tëschen 13.30 an 13.50 Auer sinn. D’Cycliste komme vun Haler an d’Rue du Château wou kuerz virun der Grand-Rue eng Biergwäertung ass. Si béie lénks an d’Grand-Rue of an duerno geet et weider an d’Eppelduerferstrooss Richtung Eppelduerf.
Info fir d’Automobilisten
Eng Stonn virdrun, also ab ongeféier 12.30 Auer, ass de ganzen Trajet an der Richtung vun der Vëloscourse ee Sens unique. Betraff sinn d’Rue du Château, Grand-Rue an Eppelduerferstrooss. Eng gutt zéng Minutte virum éischte Cycliste ginn d’Stroosse komplett a fir all Verkéier gespaart. Ugekënnegt gëtt vun engem Auto mat roude Fändele wärend de Schluss vun der Course vun engem Minibus mat engem Biesem a grénge Fändel markéiert gëtt. Als Illustratioun zwou Fotoe vum leschte Joer.
Demain vendredi, le 19 septembre, le « Tour de Luxembourg » passera par Beaufort et entraînera par conséquent des perturbations et des adaptations sur différentes lignes de bus ainsi que dans la circulation routière. Selon le déroulement de la course, le passage aura lieu entre 13h30 et 13h50. Les cyclistes viendront de Haller et entreront dans la Rue du Château où des points pour le meilleur grimpeur seront attribués juste avant la Grand-Rue. Ils tourneront ensuite à gauche dans la Grand-Rue puis poursuivront dans la rue d’Eppeldorf en direction d’Eppeldorf.
Informations pour les automobilistes
Une heure auparavant, donc à partir d’environ 12h30, l’ensemble du parcours sera en sens unique dans la direction de la course cycliste. Sont concernés : la Rue du Château, la Grand-Rue et la rue d’Eppeldorf. Une dizaine de minutes avant le passage du premier coureur, les routes seront complètement fermées à toute circulation. Le passage sera annoncé par une voiture avec des drapeaux rouges, et la fin de la course sera marquée par un minibus muni d’un balai et de drapeaux verts. En illustration, deux photos de l’année dernière.
Stéierungen an Upassunge bei de Buslinnen
Vun 8.00 Auer bis 17.00 Auer gëllt fir d’Busser ee Sens unique um C.R. 357 tësche Beefort an Eppelduerf an um C.R. 128 tëschen Haler a Beefort. Betraff si follgend Linnen:
Linn 191
Busser aus Richtung Ettelbréck fueren iwwer Reisduerf an Déiljen op Beefort. Keen Arrêt: “Ënnescht Heed”, “Um Bierg”, “Äispist” an “Op der Gare”.
Linn 222 (Kierchbierg – Beefort)
Busser fueren iwwer d’Rue du Château a Grand-Rue an duerno normal. Keen Arrêt: “Halerstrooss”, “Ënnescht Heed”, “Um Bierg” an “Äispist”.
Linn 222 (Beefort – Kierchbierg)
Nom Arrêt “Ënnescht Heed” fueren d’Busser Richtung Hessemillen, Iermsdref, Suewelbuer op Haler. Keen Arrêt: “Halerstrooss”.
Linn 231
Busser Richtung Miersch ginn nom Arrêt “Op der Gare” Richtung Hessemillen a Miedernach ëmgeleet. Keen Arrêt zu Haler, Suewelbuer a Miedernach-Reineschhaff.
Linn B05
Busser aus Richtung Iechternach fuere vu Beefort a Richtung Hessemillen, Iermsdref, Suewelbuer an Haler. Keen Arrêt: “Halerstrooss”.
Linnen C07, H03 an C17
Busser aus Richtung Jonglënster/Miersch fueren iwwer d’Rue du Château a Grand-Rue. Keen Arrêt: “Halerstrooss”, “Ënnescht Heed”, “Um Bierg” an “Äispist”.
Linn K05
D’Coursen K055290 a 6760 fueren iwwer Reisduerf an Déiljen op Beefort. Arrêt op “Op der Gare”, “Äispist”, “Um Bierg”, “Reisduerferstrooss” an “Iewescht Heed” (Terminus). Keen Arrêt: “Härewiss”.
D’Course 6100 fiert iwwer Reisduerf an Déiljen op Beefort an duerno weider op Eppelduerf (Terminus). Arrêt: “Härewiss”, Op der Gare”, “Äispist”, “Um Bierg” an “Ënnescht Heed”.
D’Course 6130 fiert vu Reisduerf direkt op Iechternach. Keen Arrêt op der Vugelsmillen a Beefort.
Linn K07
D’Busser aus Richtung Dikrech fueren iwwer Iermsdref, Suewelbuer, Haler op Beefort an duerno weider op Eppelduerf an Iermsdref. Arrêt: “Äispist”, “Um Bierg” an “Ënnescht Heed”. Keen Arrêt: “Härewiss” an “Op der Gare”.
Weider Detailer zu den eenzelne Buslinne stinn hei ënnendrënner an och op www.mobiliteit.lu, wou Ännerungen no der Verëffentlechung vun dësem Beitrag publizéiert sinn.
Wichteg: Beim Schoultransport am Nomëtteg kann et, jee nom Verlaf vun der Vëloscourse, och zu liichte Verspéidunge kommen. Den Trajet bleift onverännert.
Avis aux voyageurs de bus
De 8h00 jusqu’à 17h00 un sens unique pour les bus est valable au C.R. 357 entre Beaufort et Eppeldorf et C.R. 128 entre Haler et Beaufort. Sont concernées les lignes suivantes :
Ligne 191 :
Les bus en provenance d’Ettelbruck circulent de Reisdorf directement via Dillingen à Beaufort. Pas d’arrêts : « Ënnescht Heed », « Um Bierg », « Patinoire » et « Op der Gare ».
Ligne 222 (Kirchberg – Beaufort)
Les bus circulent via la rue du Château et la Grand-Rue. Pas d’arrêts : « Halerstrooss », « Ënnescht Heed », « Um Bierg » et « Patinoire ».
Ligne 222 (Beaufort – Kirchberg)
Après l’arrêt « Ënnescht Heed » circulent direction Hessemillen, Ermsdorf, Savelborn vers Haler. Pas d’arrêt : « Halerstrooss ».
Ligne 231
Les bus direction Mersch seront déviés après l’arrêt « Op der Gare » direction Hessemillen et Medernach. Pas d’arrêts à Haller, Savelborn et Medernach-Reineschhaff.
Ligne B05
Les bus en provenance d’Echternach circuleront de Beaufort direction Hessemillen, Ermsdorf, Savelborn et Haller. Pas d’arrêt : « Halerstrooss ».
Lignes C07, H03 et C17
Les bus en provenance de Junglinster/Mersch circuleront via la rue du Château et Grand-Rue. Pas d’arrêts : « Halerstrooss », « Ënnescht Heed », « Um Bierg » et « Patinoire ».
Ligne K05
Les courses 5290 et 6760 circuleront à Reisdorf via Dillingen vers Beaufort. Arrêts : « Op der Gare », « Patinoire », « Um Bierg », « Reisduerferstrooss » et « Iewescht Heed“ (terminus). Pas d’arrêt : « Härewiss ».
La course 6100 circulera via Reisdorf via Dillingen vers Beaufort et continuera vers Eppeldorf (terminus). Arrêts : « Härewiss », « Op der Gare », « Patinoire », « Um Bierg » et « Ënnescht Heed ».
La course 6130 circulera de Reisdorf directement vers Echternach. Pas d’arrêts Vugelsmillen et Beaufort.
Ligne K07
Les bus en provenance de Diekirch circuleront d’Ermsdorf, Savelborn, Haler à Beaufort et continueront vers Eppeldorf et Ermsdorf. Arrêts : « Patinoire », « Um Bierg » et « Ënnescht Heed ». Pas d’arrêts : « Härewiss » et « Op der Gare ».
Plus d’informations se trouvent ici en-dessous ainsi qu’au site internet www.mobiliteit.lu, où des changements après la publication de cet article sont pris en compte.
Important : le transport scolaire au début de l’après-midi pourra être également perturbé, selon l’évolution de la course cycliste. Les trajets resteront inchangés.






