Beaufort
13.2°C (12.9 / 13.6)
70%
985 hPa
1.5 m/s
Raf. 1.8 m/s
0 W/m²
0 mm

20 Joer “Makadammen”

Eigentlech war den Optrëtt vun de “Makadammen” op Invitatioun vun der Kulturkommissioun an Zesummenaarbecht mat der Gemeng fir de 6. Februar virgesi mee wéinst der onsécherer Situatioun gouf ee sech eens fir een neien Datum ze fannen. Dat war gëschter de Fall a wéi et den Zoufall wëll war gëschter och nach de Welttheaterdag. D’internationaalt Theaterinstitut (ITI) huet 1961 zu Wien de 27. Mäerz zum Welttheaterdag proklaméiert.

De “Kummelsbau” war bis op e puer Plaze komplett an d’Verleeë vum Datum huet den Organisateure Recht ginn. Ouni Mask a vill méi lacker gouf sech um sonnege Fréijoerssonndeg gutt amuséiert an d’Laachmuskele goufe méi wéi eng Kéier strapazéiert. Obwuel ee vill gelaacht huet war den Eescht awer net wäit ewech. D’”Makadammen” Théa Engel, Susy Lentz, Monique Mille a Maggy Molitor hunn dem Publikum de Spigel vun der Gesellschaft virun d’Nues gehalen. Méi wéi eng Zeen ass engem bekannt vir komm. Ronn 30 verschidde Geschichten aus dem Alldag goufen op enger iwwerspëtzter Manéier virgedroen a geschriwwe goufen d’Texter vum Roland Gelhausen, Josiane Kartheiser a Maggy Molitor. Musek a musikalesch Begleedung gouf vum Netty Glesener virgedroen.

D’Äis tëschen den Actricen an dem Publikum war direkt gebrach, wann et iwwerhaapt Äis bei de summerlechen Temperature gouf. Op jiddwer Fall ka sech Beefort glécklech schätzen um Agenda vun der Ofschlosstournée vun de “Makadammen” gestanen ze hunn. No iwwer 20 erfollegräich Joren zéie si ee Schlussstréch, dee genee eng Woch nom Optrëtt zu Beefort zu Hesper finaliséiert gëtt. Sou gesinn hunn d’”Makadammen” eng Zort Konveniat mat enger Retrospektiv an aktuellen Themen ugebueden.

Dernière modification le 28.03.2022

Des articles de la même catégorie

Gutt Stëmmung beim Generatiounsfest

Gutt Stëmmung beim Generatiounsfest

No der erfollegräicher Première d’lescht Joer war de leschte Samschdeg déi zweet Editioun vum Generatiounsfest, déi vun der Kommissioun vum Drëtten Alter an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an de Beeforter Veräiner organiséiert gouf. De Rendez-vous war wéi gewinnt op...

lire plus
Zesumme mat de Bierger eng nei Spillplaz “Um Hiwel”

Zesumme mat de Bierger eng nei Spillplaz “Um Hiwel”

D’Spillplaz “Um Hiwel” gëtt nei amenagéiert an an dem Kader war gëschter am Kummelsbau eng Biergerversammlung zu dem Thema. Invitéiert ware sämtlech Bierger an och d’Kanner ware wëllkomm fir hir Virstellungen a Wënsch auszedrécken. No der Begréissung duerch de Schäffe...

lire plus
Aller au contenu principal