Éischten Europadag zu Beefort

Den 9. Mee virun zwee Joer woren d’Grenzen zou an haut kënne mer eis rëm fräi beweegen. Virun zwee Joer hätt och sollen déi éischt Editioun vum Europadag vun der Beeforter Integratiounskommissioun beim Kiosk zu Beefort sinn. Aus de bekannte Grënn ass d’Fest ausgefall a gëschter wor et endlech souwäit.

Bei herrlechem Summerwieder hu sech ganz vill Leit de Rendezvous zu Beefort ginn a konnten déi verschidde kulinaresch Spezialitéite vun de Beeforter genéissen. Esou huet de “Groupe sportif récréatif et culturel Fiolhoso et Beaufort” Grillspezialitéiten ugebueden, d’Theaterfrënn hu Paella a Sangria op der Plaz preparéiert wärend beim Judo Kniddelen a beim Äishockey Paschtéitche mat Fritten um Menü stoungen. Kaffi a Wafele krut een zum Ofschloss bei den Duerffrënn. De Rullen-Club an de Keleclub stoungen hannert dem Comptoir an hu gesuergt, datt keen duuschtereg Heem gaangen ass.

Nieft dem kulinaresche Programm gouf et och ee musikalesche Programm. Fir d’éischt huet d’Fanfare Schuller-Sprenkéng ee Concert-apéritif ugebueden. Agelaut gouf den Europadag mam  Ofspille vun der Europahymn. Uschléissend  huet d’”Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg” ee Concert gespillt an ofgeschloss gouf den musikalesche Programm vun de “Rusty Boyz”.

D’Amicale Pompjeeën Beefort an de “Centre d’incendie et de secours” vu Beefort huet vun der Geleeënheet profitéiert fir sech ze presentéieren an op de verschidde Stänn konnt een déi eng oder aner gutt Affär maache wärend sech d’Kanner de ganzen Dag am Schied um Sprangschlass ameséiert hunn.

Nom grousse Succès steet enger zweeter Editioun näischt am Wee an et kann ee sech lo schonns den Datum vum nächsten Europadag zu Beefort notéieren: Dënschdeg, den 9. Mee 2023.

Dernière modification le 10.05.2022

Des articles de la même catégorie

Berouegungsmoossname bei der “Fräizäitplaz”

Berouegungsmoossname bei der “Fräizäitplaz”

Nodeems an der Härewiss an och an der Rue des Promenades virun e puer Méint déi éischt “Berliner Kissen” installéiert goufe fir eng Verkéiersberouegung ze suergen, konnt een tatsächlech ee positive Bilan zéien. Aus dem Gronn gouf decidéiert fir op weider Plazen dës...

lire plus
Al Kleeder / Vêtements usagés

Al Kleeder / Vêtements usagés

Zanter kuerzem ass de Container fir al Kleeder beim Gemengenatelier ausser Betrib. Et ass zu Verännerunge bei der Organisatioun vun der Sammlung komm an dowéinst ginn zur Zäit keng al Kleeder ugeholl. Nei Containere si bestallt a bis déi ukommen an installéiert sinn,...

lire plus
Ausstellung « Kräizer Simchen » an der Kierch

Ausstellung « Kräizer Simchen » an der Kierch

Nach bis muer Mëttwoch gëtt an der Beeforter Kierch déi handwierklech Konscht vum “Kräizer Simchen” gewisen. Am Ganze sinn 19 Kräizer ausgestallt an no Randschelt am Musée Thillenvogtei a Bënzelt am Musée A Schiewesch ass Beefort déi lescht Statioun vun dëser...

lire plus
Aller au contenu principal