Opruff fir Mini-Projeten

D’Leader Mëllerdall ënnerstëtzt am Kader vum regionalen Umbrella-Projet kleng Aktivitéiten an Offeren am Volet „Kultur&Tourismus“. Zil vun der Initiativ ass et fir Mini-Projete vu Veräiner, Gemengen an engagéiert Gruppen an der Regioun Mëllerdall ze fërderen. Agereecht kënne ginn Aktivitéiten an de Beräicher Kultur an Tourismus, déi an der Regioun Mëllerdall ëmgesat ginn. Méiglech si Mini-Projete mat kulturellem oder kulturtouristeschem Hannergrond, zum Beispill  iwwert d‘Kulturgeschicht, d‘Kulturlandschaft, d‘regional Identitéit, Kulturtourismus, mat Artisten aus der Regioun, a.s.w.

 

De Fokus fir d’Ënnerstëtzung läit dobäi besonnesch op finanziell kleng, mä innovative Mini-Projete vu lokalen oder regionalen Acteuren, Gemengen an Associatioune mat vill Engagement am Benevolat, mä ouni grouss Administratioun. D‘Mini-Projete kënne mat engem Subside vu maximal 4.000 Euro pro Mini-Projet bezouschusst ginn. An dësem drëtten Opruff stellt de Leader-Grupp eng Enveloppe vun 12.000 Euro bereet.

Projete mat engem kommerziell-ekonomeschen Hannergrond sinn net eligibel.

Delai fir Projetsiddien op mellerdall@leader.lu anzereechen ass den 31. Januar 2026. Eng Décisioun gëtt dann bis Enn Februar 2026 getraff.

Rahmenbedingungen für Mini-Projekte Regioun Mëllerdall (pdf): https://beaufort.lu/wp-content/uploads/2025/10/Rahmenbedingungen_Mini_Projekt_ME.pdf

Dernière modification le 15.10.2025

Des articles de la même catégorie

Formulairen online

Formulairen online

Aktuell sinn an der Rubrik “Citoyen” à “Guichet” à “Demandes et formulaires” zwee nei Formulairen online, déi och am nächste “De Beeforter” publizéiert sinn: “Vakanzaarbechte fir Studenten” an “Demande de prime pour les performances sportives 2026”. Hei ass de Link...

lire plus
Programm Europadag 2026

Programm Europadag 2026

Gemeng Beefort organiséiert zesumme mat de Veräiner aus der Gemeng ee Fest zum Europadag e Samschdeg, den 9. Mee, ab 11.30 Auer. Den Detail vum Programm steet ënnendrënner an d'Umeldunge fir den Hobby- a Floumaart ginn iwwert dëse Link ugeholl oder iwwert de QR-Code...

lire plus
Aller au contenu principal