14.04: Benevolat am Sport stäerken

Gemeng Beefort, zesumme mam INAPS, invitéiert Iech op ee Workshop „Benevolat am Sport stäerken“ en Dënschdeg, de 14. Abrëll, um 18.45 Auer an de Kummelsbau.

Obwuel dëse Workshop op den éischte Bléck sech un d’Sportsveräiner riicht, ass de Workshop och fir aner Veräiner an och d’Beeforter Awunner ganz interessant. Den INAPS (Institut National de l’Activité Physique et des Sports) setzt sech intensiv mat der Stäerkung an Ënnerstëtzung vum Benevolat zu Lëtzebuerg auserneen. An dësem Kader gouf ee praxisorientéierte Guide fir d’Koordinatioun vum Benevolat entwéckelt, dee speziell dorop ausgeriicht ass, Sportveräiner bei der Organisatioun a Koordinatioun vu Benevollen effektiv ze ënnerstëtzen.

Dëse Guide (verfügbar op däitsch a franséisch) gëtt wärend dem Workshop praktesch virgestallt an de Rôle vum Benevolatskoordinator am Sportsveräin erkläert.

Zum Ofschloss vum Owend offréiert d’Gemeng een Éierepatt. All Veräin a Kommissioun ass gebiede mat enger oder zwou Persounen um Workshop deelzehuelen a sech bis den 8. Abrëll unzemellen.

E-Mail: lena.hetto@beaufort.lu

****

La commune de Beaufort en collaboration avec l‘INAPS invite à un atelier « Renforcer le bénévolat dans le sport » le mardi 14 avril à 18h45 au Kummelsbau.

Bien que cet atelier s’adresse à première vue aux associations sportives, il est également très intéressant pour d’autres associations et chaque citoyen de la commune de Beaufort.

L’INAPS (Institut National de l’Activité Physique et des Sports) s’engage activement dans le renforcement et le soutien du bénévolat au Luxembourg. Dans ce cadre, un guide pratique pour la coordination du bénévolat a été développé, spécialement conçu pour soutenir efficacement les associations sportives dans l’organisation et la coordination des bénévoles.

Ce guide (disponible en langue française et allemande) sera présenté de manière concrète durant l’atelier et le rôle du coordinateur du bénévolat au sein d’une association sportive sera expliqué.

Pour clôturer la soirée, la commune offrira un pot de l‘amitié. Chaque association et commission est priée de participer à l‘atelier avec une ou deux personnes et de s’inscrire avant le 8 avril.

E-mail : lena.hetto@beaufort.lu

Dernière modification le 01.04.2026

Des articles de la même catégorie

Formulairen online

Formulairen online

Aktuell sinn an der Rubrik “Citoyen” à “Guichet” à “Demandes et formulaires” zwee nei Formulairen online, déi och am nächste “De Beeforter” publizéiert sinn: “Vakanzaarbechte fir Studenten” an “Demande de prime pour les performances sportives 2026”. Hei ass de Link...

lire plus
Programm Europadag 2026

Programm Europadag 2026

Gemeng Beefort organiséiert zesumme mat de Veräiner aus der Gemeng ee Fest zum Europadag e Samschdeg, den 9. Mee, ab 11.30 Auer. Den Detail vum Programm steet ënnendrënner an d'Umeldunge fir den Hobby- a Floumaart ginn iwwert dëse Link ugeholl oder iwwert de QR-Code...

lire plus
Aller au contenu principal