31.12.2024"> 31.12.2024"> Agenda -> 31.12.2024 - Beaufort

Agenda –> 31.12.2024

Eng wäiss Couche läit iwwer Beefort an et ass gutt Geleeënheet fir sech ee klengen Iwwerbléck vun Aktivitéiten hei zu Beefort ze verschafen:

D’Beeforter Scouten invitéieren op hire klenge Chrëschtmaart muer Samschdeg, den 23. November, am Scoutsgaart vun 11 bis 17 Auer. Eng Woch méi spéit, den 30. November, organiséieren d’Beeforter Duerffrënn mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng a lokale Veräiner vun 12 bis 22 Auer de Beeforter Wantermaart mat flotte Konscht- an Hobbystänn am alen Duerfkär. Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt an de “Rob” spillt Musek live op der Plaz. Wärend dem Wantermaart fält de Startschoss vum interkulturelle Festival “Bis am Bus”.

D’Elterevereenegung Beefort huet fir d’Kanner aus der Gemeng Beefort eng Visite vum Kleeschen organiséiert. Hie kënnt en Donneschdeg, de 5. Dezember, tësche 16 an 21 Auer bei déi brav Kanner heem. Et sinn nach e puer Terminer fräi an et kann ee sech bei der Elterevereenegung mellen. De ganze Mount Dezember steet am Zeeche vun den Adventsfënsteren. Nei ass d’Formule vun enger aktiver a passiver Fënster an och hei sinn e puer Terminer fräi: 1 / 5 / 8 / 22 / 23 / 24 .

De Klimaforum 2024 vun de Gemenge Beefort, Hiefenech a Waldbëlleg fënnt e Méindeg, den 2. Dezember, ëm 19 Auer am Kummelsbau statt. Am Mëttelpunkt vum Informatiounsowend mat Biergerbedeelegung steet “Photovoltaik fir Privatleit a Betriber”.

Weider Aktivitéiten an den nächste Woche sinn den 30. November Danz-Workshop , de 7. Dezember eng “Marche de fin d’année” organiséiert vun “Adventure Race Luxembourg”, “Night Vigil” den 21. Dezember an d’Chrëschtmetten de 24. Dezember ëm 20 Auer. Ofschléissend wëlle mer op d’Mätscher vun de verschidden Ekippe vun de “Beaufort Knights” erënneren, dorënner och déi vun den Nowuessekippen. Net manner ewéi 15 Mätscher a véier Tournoie ginn op der Äispist, déi och fir de Public op ass, ausgedroen.

De komplette Programm mat weidere Informatiounen a geneeën Auerzäite stinn am Agenda vun der Beeforter App an op beaufort.lu  

****

Une couche de neige blanche recouvre Beaufort et c’est l’occasion de se faire une petite idée des activités dans les semaines à venir.

Les Scouts invitent à leur marché de Noël demain, samedi 30 novembre, au jardin des Scouts de 11 à 17 heures. Une semaine plus tard, le 30 novembre, les « Beeforter Duerffrënn » organisent, avec le soutien de la commune et des associations locales, le marché d’hiver de Beaufort de 12 à 22 heures avec de beaux stands d’art et de loisirs dans l’ancien centre du village. De la nourriture et des boissons seront proposées et « Rob » jouera de la musique en direct sur place. Pendant le marché d’hiver, le coup d’envoi du festival interculturel « Bis am Bus » sera donné.

L’association des parents d’élèves a organisé une visite du Saint Nicolas pour les enfants de la commune de Beaufort. Il se rendra au domicile des enfants sages le jeudi 5 décembre entre 16 et 21 heures. Il reste encore quelques places disponibles et on peut s’inscrire auprès de l’association des parents d’élèves. Tout le mois de décembre est placé sous le signe des fenêtres de l’Avent. La formule des fenêtres actives et passives est nouvelle et là aussi, il reste quelques dates disponibles à savoir le 1er / 5 / 8 / 22 / 23 / 24.

Le forum sur le climat 2024 des communes de Beaufort, Heffingen et Waldbillig aura lieu le lundi 2 décembre à 19 heures au « Kummelsbau ». Le thème central de cette soirée d’information avec participation citoyenne sera « Le photovoltaïque pour les particuliers et les entreprises ».

D’autres activités sont prévues dans les semaines à venir : le 30 novembre un atelier de danse, le 7 décembre une « marche de fin d’année » organisée par « Adventure Race Luxembourg », le 21 décembre « Night Vigil » ainsi que la messe de Noël le 24 décembre à 20 heures.

Pour terminer, nous souhaitons rappeler les matchs des différentes équipes des « Beaufort Knights », dont ceux des équipes de jeunes. Pas moins de 15 matchs et quatre tournois seront disputés sur la piste de glace, qui est d’ailleurs ouverte au public.

Le programme complet avec plus d’informations et les dates exactes se trouvent comme toujours dans l’agenda de l’application « Beeforter App » ainsi que sur le site internet beaufort.lu.

Dernière modification le 22.11.2024

Des articles de la même catégorie

!!! Info Police !!!

!!! Info Police !!!

Wichteg Informatioune vun der Police am Kader vun Abréch An deene leeschten Deeg ass et virun allem wärend den Owesstonnen zu enger Rei Abréch komm. D’Police geet dovun aus, dass et sech ëm méi Täter handelt, déi och weiderhi wäerten Abréch begoen. Sollten Iech an...

lire plus
26.11: N10 barrée entre Weilerbach et Bollendorf-Pont

26.11: N10 barrée entre Weilerbach et Bollendorf-Pont

Wéinst Stroossenaarbechten ass d’Nationalstrooss N10 tëschen der Weilerbaach a Bollendorf-Bréck muer Dënschdeg, de 26. November, tëschen 8 a 17 Auer fir all Verkéier gespaart. Betraff sinn och follgend Buslinnen: 190, B05, B23, C04 a K04. D’Buslinnen 190, B23 a K04...

lire plus
Aller au contenu principal