Ausstellung « Kräizer Simchen » an der Kierch

Nach bis muer Mëttwoch gëtt an der Beeforter Kierch déi handwierklech Konscht vum “Kräizer Simchen” gewisen. Am Ganze sinn 19 Kräizer ausgestallt an no Randschelt am Musée Thillenvogtei a Bënzelt am Musée A Schiewesch ass Beefort déi lescht Statioun vun dëser Wanderausstellung. An der Mass op Päischtsonndeg, déi vum Paschtouer Carlo Morbach gehale gouf, stoung de “Kräizer Simchen” am Mëttelpunkt. No der Mass huet den Nico Hamen vun Draufelt, deen akribesch dës Ausstellung op d’Bee gestallt huet, d’Geschicht vum “Kräizer Simchen” virgestallt.

Den Nicolas Simon koum de 25. Mee 1871 zu Beefort op der Heed op d’Welt. Hie war dat drëtt vun am Ganze zwielef Kanner vun der Koppel Michel Simon vu Beefort a Maria Adam vu Wallenduerf. Den 1. Februar 1983 huet sech mam Catharina Weiland bestuet an aus dësem Bestietnes sinn zéng Kanner ervirgaangen.

Dëst Kräiz aus dem Haus Bartimes ass een Don un d’Gemeng vum Erni Reuter 

Am Hierscht an am Wanter huet déi ganz Famill da missen upake fir Material ze sammelen. Hieselter a Weide goufe gehae a geschnidde fir dorausser Kierf a Still a Kannerstillercher ze maachen. Fir seng Kräizer huet hien am Beeforter Bësch Wuerzelknolle vun den Hieselter an de wëlle Rousestäck gesammelt. Wat méi knaddreg, wat besser. Verwuesse Schnëtt vun den Äscht goufen och erbäi gedroe. Mat kënschtlereschem Talent sënn dorausser dann d’Kräizer zesumme geläimt a geneelt ginn. Den Härgottsschnëtzer vu Beefort ass zesumme mat sengem Brudder Jang iwwert Dierfer op den Tour gaangen an huet seng Kräizer, Gromperekierf, Kannerstillercher a Brëller ugebueden.

Wann et erop an d’Éislek goung, hunn de “Simchen” a säi Brudder Jängel mat hirer Wuer um Grondhaff den Zuch geholl a sënn iwwer Ettelbréck bis op d’Maulesmillen gefuer. Do se si erausgeklomm an da goung et zu Fouss op hirem Tour och bis op Ischpelt, Hengescht, Maarnech an och déi aner Säit bis op Esch-Sauer. Dat hat och e gudde Grond: Hiren Neveu, de Franz Simon, war vun 1933 bis 1936 Kaploun zu Fëschbech bei Clierf an duerno Paschtouer zu Ënsber an dee wollt sécher och nach ëmmer wësse wat esou an der Heemecht zu Beefort lass war.

Gestuerwen ass de Simchen, de 26. Mäerz 1947 zu Beefort, bei sech doheem an der ënneschter Heed. Hie gëtt vum Gemengebeamte, dem Buergermeeschter Henri Kramp selwer, fir ee “colporteur” gehalen, esou ass et am Regëster vun der Gemeng ze gesinn. Am Fong ass et och net ganz richteg déi zwee Gebridder Simon als Colporteur ze bezeechnen. Deen dréit seng Wuer an enger Këscht viru sech um Bauch an déi gëtt mat engem Liedersrimm ëm den Hals gehalen (porté au col). De Simchen hat seng Still, Kierf a Kräizer um Réck oder an der Hand wann heen dermat op den Tour koum. Datt de Simchen gestuerwe war, gouf am “Lëtzebuerger Wort” net mat enger Doudesannonce erwäänt, mee mat enger klenger Matdeelung ënnert der Rubrik “Landeschronik”. De Simchen wär nëmme kuerz krank gewiescht an ass dunn am Alter vu 75 Joer gestuerwen. An et ass och riets vu sengen aussergewéinlechen a kënschtlereschen Aarbechte vum  Schnëtzen, Still- an och Kuerfflechten. Zu där Zäit soll et op der Heed zu Beefort an zu Déiljen bal keen Haus gi sënn an deem et kee Kräiz vum Simchen gouf. An de Schreiwer mengt, dee richtegen Herrgott sollt him sengt edelt Handwierk urechnen. Wat fir ee markante Personnage den Nic. Simon ass, gëtt am Fong ganz gutt domat illustréiert, datt 1989 bei de Feierlechkeete vun eiser Onofhängegkeet zu Iechternach, de Kräizermecher, de Simchen, vun zwee Beeforter Männer duergestallt gouf. An och de Josy Braun huet sech un engem vun dem Simche senge markante Spréch inspiréiert, wéi e säi Roman “Keen Däiwel méi, deen nach Hergotte keeft”  geschriwwen huet.

Déi 19 Kräizer, déi an der Kierch ze gesi sënn, komme queesch aus dem Land. Si ginn esou gewisen, wéi se nach erhale waren a mat méi ewéi bronger Schongwichs ass keng Retouche gemaach ginn. Vill sënn der nach ganz gutt erhalen, an anerer huet sech den Holzwuerm dru gemaach. An dat eelste Kräiz ass vun 1880, also e bësse méi ewéi 145 Joer al. Dat Kräiz hott vill kal Wantere, zwee Weltkricher an zwou Hongersnouten iwwerlieft an och sechs Grand-Duchessen a Grand-Ducen ze gesi kritt.

Dernière modification le 26.05.2026

Des articles de la même catégorie

Meng Gemeng. Meng Kultur

Meng Gemeng. Meng Kultur

67 Gemengen an iwwer 700 Leit hu sech gëschter Donneschdeg um Buergermeeschterdag  2026 bedeelegt, deen am Casino 2000 vun der Munnerefer Gemeng organiséiert gouf. De Buergermeeschterdag riicht sech net nëmmen un d’Buergermeeschteren aus dem ganze Land mee och un...

lire plus
Gutt Stëmmung beim Europadag

Gutt Stëmmung beim Europadag

Vill Sonn, gutt Wieder an eng nach besser Stëmmung. Sou kann een den Europadag 2026 zu Beefort op der “Place des Nations – um Kiosk” zesummefaassen, deen an der Tëschenzäit ee festen Termin am Manifestatiounskalenner huet. Den 9. Mee huet sech zu engem Volleksfest...

lire plus
Aller au contenu principal