Gëschter gouf am Kader vun der “Journée de commémoration nationale” am ganze Land un d’Affer aus dem Zweete Weltkrich geduecht. Den Datum vum nationale Gedenkdag geet op den 10. Oktober 1941 zeréck, wa sech d’Awunner vu Lëtzebuerg bei der Volkszälung eendeiteg zu hirem Land bekannt hunn an net zum Nazi-Okkupant. Freed war grouss ewéi Lëtzebuerg viru genau 80 Joer, den 9. an den 10. September 1944, vun den éischten amerikaneschen Truppe befreit gouf. Allerdéngs huet dës Freed nëmmen dräi Méint gedauert. De 16. Dezember 1944 koum mat der Ardennenoffensiv de Krich rëm zeréck op Lëtzebuerg a war méi mäerderesch a bluddeg ewéi déi véier Joer virdrun.
An enger Gedenkmass ass d’Pastoralassistentin Josiane Mirkes op déi schwéier Zäit vun 1940 bis 1945 agaangen, aus där et ëmmer manner Zäitzeie gëtt. Doduerch ginn och Erënnerunge vergiess a verluer. Hautdesdaags fält et engem ëmmer méi schwéier déi deemoleg Situatioun ze verstoen. Déi meescht Leit liewe praktesch nëmmen a Fridden a Kricher kennt ee vun “héiere soen” a si wäit ewech. Allerdéngs vermëttelen d’Kricher an der Ukrain a Gaza een anert Bild a ginn eng Anung an Iddi, wéi et deemools konnt gewiescht sinn. Wärend der Pandemie hate vill Leit séier Flemm an den aktuelle Klimawandel, deen net vun der Hand ze weisen ass, mécht de Leit Suergen a stellt si virun enger Rëtsch Erausfuerderungen. Et soll een aus de Krichszäite léieren: Warnung a Manung.
Nodeems d’Choralle Sainte Cécile vu Beefort a “Sang mat” Waldbëlleg/Haler an der Kierch déi véiert Stroph vun “Ons Heemecht” gesongen hunn, goung d’Gedenkfeier nieft der Kierch virum “Monuments aux Morts” weider. No enger kuerzer Begréissung huet de Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch follgend Ried gehalen:
“Haut ass e wichtegen Dag fir Beefort, fir eis Gemeinschaft an eis Geschicht. Mir sinn hei versammelt, fir eis un déi ze erënneren, déi virun eis waren – déi, déi fir hir Fräiheet gekämpft hunn, déi hir Liewen op d’Spill gesat hunn, fir datt mir haut an engem fräie Land liewen dierfen. Haut ass e Commemoratiounsdag, eng Zäit vu Reflexioun an Erënnerung, awer och eng Zäit, fir eis Wäerter ze feieren an d’Bedeitung vun eiser fräier Gemeinschaft ze verstäerken.
Déi traureg Realitéit vun all Konflikt ass de Präis, deen duerch d’Liewe vu Leit bezuelt gëtt. Mir erënneren eis un d’Zaldoten an d’Zivilisten, déi wärend de Kricher gelidden hunn, an déi hiren Asaz an hir Opferung mat hirem Liewe bezuelt hunn.
Mir droen eis Häerzer a Gedanke bei hire Famillen a Frënn, déi hire Verloscht nach ëmmer spieren. Et ass eis Pflicht, hir Geschichte weiderzeféieren, fir datt déi kommend Generatiounen net vergiessen, wat op d’Spill gesat gouf.
Léif Matbiergerinnen a Matbierger, mir sinn Deel vun enger grousser Geschicht, enger Geschicht vu Widderstand, Fräiheet an Hoffnung.
Haut, wéi mir un déi erënneren, déi net méi bei eis sinn, solle mir eis engagéieren, déi Wäerter vun Zesummenhalt a Fräiheet weider ze droen.
Jidderee vun eis huet eng Roll ze spillen – duerch kleng Akte vu Frëndlechkeet, duerch den Zesummenhalt an d’Bereetschaft, fir eist Liewen op dësem gemeinsame Fundament ze bauen.
Loosst eis zesummen d’Fundament vun enger besserer, méi friddlecher Welt leeën.
Merci”
Uschléissend huet d’Pastoralassistentin Josiane Mirkes ee klengt Gebiet virgedroen an nom Seenen huet de Schäfferot mam Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch an de Schäffe Bruno Grilo a Lynn Mossong eng Gerbe virum “Monument aux Morts”. Ofgeschloss gouf d’Feier mam Sange vun der “Heemecht”.