Gëschter Owend huet de Schäffen- a Gemengerot op eng Informatiounsversammlung “Visioun – Moderniséierung – Entwécklung” an de Kummelsbau invitéiert. Zil war et d’Bierger ze informéiere wat den aktuelle Schäffen- a Gemengerot praktesch an der éischter Hallschent vu senger Amtszäit geleescht huet. Den 30. Oktober 2023 goufe moies am Inneministère de Schäfferot vereedegt an owes zu Beefort de Gemengerot. D’Mandat dauert sechs Joer.
De Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch an d’Schäffe Bruno Grilo a Lynn Mossong hunn déi verschidden Theme vun der Visioun, déi sech aus enger moderner Gemeng, effikasse Servicer, enger kloer an transparent Kommunikatioun, strukturéiert a verantwortlech Projeten an och gesond Gemengefinanzen zesummesetzt, virgestallt. Déi komplett Presentatioun vum Owend mat den insgesamt 55 Säite steet hei ënnendrënner zur Verfügung a bei all Säit goufen zousätzlech Erklärungen an Hannergrondinformatioune ginn. Sou zum Beispill zu de Bauprojeten, déi vum viregte Gemengerot an d’Weeër geluecht goufen, goufen net gestoppt mee gi weidergefouert an ofgeschloss wéi déi al Brennerei. Dat heescht awer net, datt een ontäteg war.
Ariichte vun engem Accueil, Moderniséierung vum Sekretariat, Schafe vu véier zousätzleche Büroen, Moderniséierung vun de Gemengeservicer, zäitgeméiss Informatik, vereinfacht Prozedure bei de Reservatiounen an Demanden, Astellung an Organisatioun vu Gemengepersonal gehéieren zu de puer vu villen “internen Hausaufgabe” vun enger moderner Gemeng. Déi meescht Aarbechten dovu sinn op den éischte Bléck net sou siichtbar ewéi déi ofgeschloss Projeten dobausse wéi ënner anerem de Parking an der Härewiss, nei Elektrogefierer, Erweiderung vun den Infrastrukture bei der Äispist, Aarbechten an der Beeforter Kierch, nei Busarrêten, Austausch vun de Stroosseluuchten, Hondswisen a sou weider.
Gläichzäiteg gouf de sougenannten “Ist-Zustand” analyséiert. Wéi aktuell sinn d’Gemengereglementer an d’Gemengentaxen? Sou goufen d’Reglement iwwert de Verkéier vun 1979 an d’Offallgestioun vun 2019 aktualiséiert wärend intern Reglementer fir d’Personal, Reglementer fir d’Sportshal, de Generatiounsgaart an d’Place des Nations ausgeschafft goufen. An der Ausaarbechtung sinn zur Zäit d’Reglementer iwwert d’Drénkwaasser aus dem Joer 1956 an d’Kanalisatioun aus dem Joer 1961. Eng änlech Situatioun besteet bei de Gemengentaxen, wou schonns een Deel aktualiséiert gouf, nei Taxen agefouert a weider an Ausaarbechtung.
Nei Projete sinn an der Planung fir d’Gemeng optimal fir d’Zukunft opzestellen. Et ass kee Geheimnis, datt Beefort ëmmer méi grouss gëtt an dowéinst mussen elo schonns d’Weiche gestallt ginn. Hiewe mer e puer Projeten ervir an zwar eng nei Gemeng an der Maison Dussier, Vergréisserung vun der Maison Relais, ee Jugendhaus a Verkéiersberouegungen a Sécherheet. Zu den op laanger Siicht geplangte grouss Projeten zielen eng nei zouen Äispist, eng Sportshal mat Centre polyvalent an eng regional Schwämm. Fir all déi aktuell an zukünfteg Projete gouf eng Timeline opgestallt fir den Iwwerbléck net ze verléieren an d’Finanzen am An ze behalen.
Ee Punkt däerf een net vergiessen an zwar d’Ëmwelt. Dat Thema huet de Klimapaktberoder Thomas Schlicher virgestallt an dobäi d’Efforte vun der Gemeng Beefort ervirgehuewe mat e puer Beispiller aus dem Beräich vu regenerativer Energie an doucer Mobilitéit. Zum Ofschloss vun der Versammlung konnten d’Leit Froe stellen an och direkt eng Äntwert kréien. An Zukunft si weider Versammlunge mat Biergerbedeelegung virgesinn.




