Concert um Kiosk

Op Invitatioun vun der Kulturkommissioun an an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Beefort hunn “Les Amis de l’Accordéon” vun Esch/Uelzecht gëschter Sonndeg ee Concert ginn. De Concert huet em 16 Auer ugefaangen a gespillt gouf um Kiosk. Den Entrée war fräi an de Concert gouf gehalen ënnert den aktuelle Covid-19-Reegelen.

Et hu sech zwar nëmmen eng handvoll Zuschauer afonnt mee ëmmerhin ass et eng kleng Erliichterung, datt rëm Aktivitéiten am Duerf kënnen organiséiert ginn. Et bleift ze hoffen, datt an Zukunft d’Situatioun sech weiderhi verbessert an esou weider Manifestatiounen iwwert d’Bühn kënne goen.

Zum Ofschloss vum Concert, deen eng gutt annerhallef Stonn gedauert huet, hunn d’Vertrieder vun der Kulturkommissioun mat der neier Presidentin Monique Link un der Spëtzt dem Dirigent Daniel Pagliarini eng vum Beeforter Schlass offréierte Fläsch Beeforter Cassis iwwerreecht.

Den nächste Rendezvous um Kiosk steet och schonns fest. Den nei gegrënnte Veräin “Beeforter Duerffrënn” organiséieren e Sonndeg, de 4. Juli, vun 10 bis 17 Auer  déi éischt Editioun vum Duerfmaart.

Dernière modification le 21.06.2021

Des articles de la même catégorie

Gutt Stëmmung beim Europadag

Gutt Stëmmung beim Europadag

Vill Sonn, gutt Wieder an eng nach besser Stëmmung. Sou kann een den Europadag 2026 zu Beefort op der “Place des Nations – um Kiosk” zesummefaassen, deen an der Tëschenzäit ee festen Termin am Manifestatiounskalenner huet. Den 9. Mee huet sech zu engem Volleksfest...

lire plus
Ab dem 11. Mee: neie Lëtzebuerger Pass

Ab dem 11. Mee: neie Lëtzebuerger Pass

Vum 11. Mee 2026 u kënnt een neie Pass an den Ëmlaf. De Lëtzebuerger Pass wäert dee Moment an dräi verschidde Kategorien ënnerdeelt sinn a mat de follgende Gëltegkeetsdauer: 2 Joer: Mannerjäreg ënner 4 Joer 5 Joer: Mannerjäreg tësche 4 an 18 Joer 10 Joer (nei):...

lire plus
Aller au contenu principal