Beaufort
14.2°C (14 / 14.4)
77%
979 hPa
0.8 m/s
Raf. 1 m/s
0 mm

Erënnerung un d’Aktioun “Gielt Band”: Hei ass plécken erlaabt

All Joer gëtt kiloweis zeidegt Uebst, dat an de Bongerten, de Gäert an op ëffentleche Plazen ënnert de Beem fault, verbëtzt. An dobäi wier et esou einfach: Et geet duer, déi Äppel, Bieren, Prommen asw. ze plécken an doraus Kompott oder Gebees ze kachen, de Jus auszepressen oder domat eng Taart ze baken.

D’Saach huet awer een Hoken: Plécken, ouni d’Erlabnes vum Proprietär ze hunn, ass verbueden. D’Léisung? D’Aktioun “Gielt Band” vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau. D’Gemengen, Privatleit, Associatiounen an Entreprise kënnen – mat engem giele Band – déi Uebstbeem zeechnen, déi hinne gehéieren an deenen hir Friichte vun der Ëffentlechkeet gepléckt däerfe ginn. De Landwirtschaftsministère bedeelegt sech mat deene Beem, déi ënnert senger Opsiicht stinn, och un der Aktioun.

Wann d’Uebst zeideg ass fir gepléckt ze ginn, da ginn déi betraffe Beem mat engem giele Band (aus Kotteng, also recycléierbar) markéiert, an duerno ka jiddwereen, ouni de Proprietär virdrun ze froen, dës Friichte gratis fir säi private Gebrauch plécken – woubäi e sech u verschidde Verhalensreegelen hale muss. Domat bekämpft een net nëmmen aktiv d’Verschwendung vu Liewensmëttel, mee et léiert een och, dës Liewensmëttel wäertzeschätzen. Ausserdeem ass d’Verschaffen an d’Konservéiere vum Uebst eng gutt Manéier, eis Traditiounen an eisen Knowhow um Liewen ze erhalen.

Wien un der Aktioun deelhuele wëll, mee d’Uebstbeem hannert dem Haus stinn oder de Bongert ofgeleeë läit, de ka sech ee Schëld “Hei dierft Dir plécken!” per E-Mail un antigaspi@ma.etat.lu bestellen. Domat kann een de Leit de Wee weisen, wou se d’Uebst kënne rafen.

Wa Gemengekommissiounen, Veräiner oder Privatleit Evenementer ronderëm dës Aktioun organiséiere wëllen (zum Beispill en Duerffest oder d’Hierstellung vu Viz), da kënne si dem Landwirtschaftsministère dat entweeder per E-Mail (antigaspi@ma.etat.lu) oder iwwer Telefon (247-73516) matdeelen.

Dernière modification le 01.09.2025

Des articles de la même catégorie

Hierschtprogramm September – Dezember 2026

Hierschtprogramm September – Dezember 2026

Den Hierschtprogramm September bis Dezember 2026, deen dës Woch an der ärer Bréifboîte loung, kann een ënnert dësem Link eroflueden: Le programme d’automne de septembre à décembre 2026, qui a été distribué cette semaine dans vos boîtes aux lettres, peut être...

lire plus
GoGo Velo ass zeréck / GoGo Velo est de retour

GoGo Velo ass zeréck / GoGo Velo est de retour

No engem Rekord-Fréijoer mat méi wéi 2.100 Participanten heescht d'Missioun dësen Hierscht: „Loosst eis 1.000 Mol ronderëm Lëtzebuerg fueren!“ Vum 7. September – 18. Oktober 2026 Zil: 356.000 km zesummen um Vëlo zeréckleeën – am Alldag an an der Fräizäit. An dobäi...

lire plus
Aller au contenu principal