En Donneschdeg, den 12. November, war zu Triesen a Liechtenstein am Kader vun engem Gala-Dinner déi offiziell Präisiwwerreechung vum “European Energy Award Gold 2026”. Mat 90,8 Prozentpunkte konnt d’Gemeng Beefort sech europawäit op déi éischt Plaz placéieren.
Um “European Energy Award”-Programm bedeelege sech aktuell knapp 2.000 Gemengen a 15 Länner an Europa mat iwwer 74 Millioune Bierger. De Goldstatus gëtt iwwerreecht, wann eng Gemeng méi wéi 75 Prozent vun de méigleche Moossnamen ëmgesat huet. Dëst Joer kruten 58 europäesch Gemengen d’Auszeechnung a Gold a 37 Gemenge ware bei der Auszeechnung zu Triesen vertrueden. Déi gréisste Stad war Lausanne aus der Schwäiz mat 146.000 Awunner a déi klengste Gemeng war Weißbach bei Lofer an Éisträich mat 419 Awunner. Nieft Beefort kruten nach 14 Gemengen aus Lëtzebuerg Gold. Aktuell sinn am Ganzen 276 Gemengen an Europa mam “European Energy Award Gold” präméiert.
Et gi vill grouss an nach vill méi kleng Grënn firwat d’Gemeng Beefort souvill Punkte kritt huet. Déi zwou wichtegst Argumenter sinn de politesche Wëllen an e motivéiert Personal. Nach virum “Europen Energy Award”-Programm gouf vill Wäert op d’Klimaneutralitéit geluecht. Dozou zielt zum Beispill d’Holzhackschnitzelanlag an der Schoul, déi 2004 ageweit gouf. Duerch dës Moossnam gouf eng Aspuerung vun 72.800 Liter Mazout pro Joer errechnet. Des Weidere ginn op sämtlech Gemengegebaier Photovoltaik-Anlagen installéiert. Scho bei der Planung vun neie Gebaier oder Ëmbauaarbechte gëtt un d’Klimafrëndlechkeet an Nohaltegkeet ee grousse Wäert geluecht.
Den aktuelle Schäfferot féiert den ageschloene Wee fort a setzt weider op innovativ Léisungen. Als beschte Beispill ass déi nei Hal fir Holzhack, déi zur Zäit hannert der Schoul gebaut gëtt. Et ass net nëmmen eng klassesch Hal fir ze lagere mee hei ginn d’Holzhackschnitzel gedréchent. Dëse System ass eng Première zu Lëtzebuerg. D’Theorie gëtt an der Gemeng Beefort och praktesch ëmgesat. Zu Beefort hu mer dräi onofhängeg Reseauen. Déi zwee Gréisst gi vun enger Holzhackschnitzelanlag gehëtzt an ee klenge Reseau mat zwou Wärmepompelen.
Ee weidere Plus ass den Natur- a Geopark Mëllerdall mam sengem Unesco-Label. Doduerch kréien déi vun der Gemeng ergraffene Moossnamen nach méi ee gréissere Stellewäert bei enger internationaler Préiwung. Och déi douce Mobilitéit spillt eng Roll. Mam Projet “Vëlospist Josy-Wee” gëtt Beefort un den nationale Vëlos-Reseau ugeschloss.
Am Virfeld vun engem strengen internationalen Audit vum “European Energy Award” musse sämtlech Moossname fachgerecht dokumentéiert a presentéiert ginn. Hei kënnt déi an der Tëschenzäit grouss gesammelt Erfarung a Kompetenz vum Gemengepersonal zum Virschäin. Zesumme mam politesche Wëllen a villen ëmgesate Projeten hannerloosse bei der Jury aus dem Ausland ee staarken Androck, wat hei mëttlerweil zur Selbstverständlechkeet gehéiert.
Déi lëtzebuerger Klima-Agence huet ee Bus zur Verfügung gestallt an een interessante Programm fir d’Gemengen aus Lëtzebuerg opgestallt. Fir d’éischt goung et mëttwochs an d’Goldgemeng Freiburg fir do een Abléck an hir Aarbecht an Initiativen, inklusiv Visitten ze kréien. Am Virfeld vun der Präisiwwerreechung huet d’Agence “European Energy Award” och zu Liechtenstein véier verschidde Visitten zu den Themen Kreislaufwirtschaft, Energie, Klimawandel an de Wee op “Netto-Null”. Wärend der stonnelaanger Faart am Bus konnte sech déi verschidden Delegatioune vun de Gemengen iwwert hir jeeweileg Moossnamen austauschen an esou vill Erfarunge fir hir eegen zukünfteg Projete sammelen.




