Gold fir Beefort

Nodeems d’Gemeng Beefort d’lescht Joer am Kader vum siwente Klimapakt-Dag zu Esch-Uelzecht mat Selwer ausgezeechent gouf an dat mam héchste Wäert an där Kategorie mat 80,3 Prozentpunkten, koum haut d’Nouvelle, datt Beefort als éischt Gemeng aus dem Natur- a Geopark mat Gold certifiéiert gouf. Dës Kéier konnt ee sech seguer steigeren an et konnt ee 85,9 Prozentpunkten erreechen.

De Beeforter Gemengerot huet den 30. September 2015 eestëmmeg beschloss, dem Klimapakt-Vertrag vum 9. Dezember 2013 tëschen dem Lëtzebuerger Staat, der Interessegemeinschaft “MyEnergy” an der Gemeng Beefort zouzestëmmen. Weider Detailer an Erklärungen zum Klimapakt stinn op dëser Internetsäit an der Rubrik “Klimapakt” an déi goufen och an der Nummer 65 vum “De Beeforter” virgestallt.

Nom formidabele Succès gouf sech als nächst Ziel “Gold” gesat. Am Géigesaz zum Sëlwer-Audit war dës Kéier de Leonard Meyer aus Berlin als Vertrieder vum “European Energy Award” present an als national Auditorin Nathalie Moreau, technesch Direktesch bei LuxControl. Den Audit fir Gold war dëst Joer de 7. Juli zu Beefort a Präsenz vum Klimaberoder Thomas Schlicher, dem komplette Service vun der Gemeng, dem Buergermeeschter Camille Hoffmann an dem Schäffen Emile Wies.

Wéinst der aktueller Situatioun ass de Klimapakt virtuell iwwert d’Bühn gaangen an d’Spannung war riseg wéi géif d’Resultat ausfalen. Et hat ee gutt Gefill an dat gouf och bestätegt. 85,9 Prozentpunkte konnt Beefort erreechen. Beim dësjähregen Audit fir Gold hu sech nieft Beefort nach Mäerzeg (78 Prozent) an Useldéng (76,6 Prozent) engagéiert. Déi aner Gemengen haten hiren Audit/Re-Audit d’lescht Joer an dowéinst sti se nët op der Lëscht « European Energy Award Gold 2020 ».

D’Situatioun war fir jidderee wéinst den Ëmstänn nët einfach. Freed war nët nëmme grouss fir et a sou kuerzer Zäit gepakt ze hunn, als éischt Gemeng aus dem Natur- a Geopark ausgezeechent ze ginn, dat bescht Resultat vum Gold-Audit 2020 zu Lëtzebuerg erreecht ze hunn mee och um europäeschen Niveau ganz vir ze sinn an zwar op der éischter Plaz. 34 Gemengen aus Éisträich, Frankräich, Italien, Schwäiz a Lëtzebuerg hu sech engem Gold-Audit gestallt. Nieft Beefort hu sech nach 18 Gemenge fir déi éischte Kéier fir Gold préiwe gelooss a 15 Gemengen haten een “Re-Award”. Interessant ass et och ze wëssen, datt Beefort an der globaler internationaler Lëscht virleefeg op déi aachte Plaz kënnt.

Zum Ofschloss d’Lëscht vum « European Energy Award Gold 2020 » mat weider Resultater a Fotoe vun haut:

Dernière modification le 09.10.2020

Des articles de la même catégorie

Zesummesetzung vun de berodende Kommissiounen

Zesummesetzung vun de berodende Kommissiounen

A senger Sëtzung de 27. Mäerz huet de Gemengerot d’Zesummesetzung vun de berodende Kommissioune gestëmmt (Rapport fir nozeliesen). E Méindegowend sinn d’Membere vun den eenzelne Kommissiounen an de Kummelsbau zesummekomm fir iwwer de President an de Sekretär...

lire plus
Éierung fir Beeforter Äishockeyspiller

Éierung fir Beeforter Äishockeyspiller

Gemeng Beefort huet am Kader vun enger klenger Feier siwe Spiller vun de “Beaufort Knights” geéiert, déi bei der Äishockeyweltmeeschterschaft vun der drëtter Divisioun, Grupp A, zu Kirgisistan iwwerraschend op déi drëtt Plaz komm sinn an domadder Bronze-Medail...

lire plus
Aller au contenu principal