Informatiounsowender ronderëm Photovoltaik

Den Natur- a Geopark Mëllerdall lued zesummen mam Energiepark Mëllerdall an der Klima-Agence op zwee Informatiounsowender ronderëm d’Thema Photovoltaik an:

– en Dënschdeg, de 27. Juni,  um 19.30 Auer zu Bech am Centre Culturel “Hanner Bra” (11, Hanner Bra, 6231 Bech)

– en Donneschdeg, den 13. Juli, um 19.30 Auer zu Hiefenech am Centre culturel et sportif (13, Stenkel, 7652 Heffingen).

 

Programm

* Allgemeng Aféierung Photovoltaik
Maurice Casel – Klima-Agence

Den Expert vun der Klima-Agence informéiert ëmfaassend iwwer d’Thema Photovoltaik. Wéi eng Flächen eegnen sech fir eng PV-Anlag? Wéi héich sinn d’Aspeisetariffer a wéi eng finanziell Bäihëllefe ginn et? Wéi kann ech mäin produzéierte Stroum selwer notzen?

* Vun der Theorie an d’Praxis
Laurent Hennico – Energiepark Réiden

Wéi gesinn Eegeverbrauchsprojete mat Batteriespäicher an der Praxis aus? Wéi eng Erfarungswäerter ginn et mat sougenannte Balkonkraaftwierker?

* Energiekooperativ “Energiepark Mëllerdall”
Marc Weides – President Energiepark Mëllerdall

Dir hutt keng eegen Dachfläch, ären Dach eegent sech net fir eng PV-Anlag oder en ass scho voll beluecht? Dann ass eng Bedeelegung un der regionaler Energiekooperativ “Energiepark Mëllerdall” villäicht dat richtegt fir Iech. Virgestallt ginn déi regional Energiekooperativ an hir Projete an et gëtt erkläert, wéi ee Member ka ginn.

Gratis Entrée, eng Umeldung ass net néideg.

La séance d’information aura lieu en luxembourgeois, une traduction orale directe en français pourra être assurée, s’il y a au moins trois intéressés. Pour bénéficier de ce service, une inscription au plus tard jusqu’au 22 juin / 10 juillet est obligatoire (info@naturpark-mellerdall.lu, tél.: 26 87 82 91-24).

Dernière modification le 16.06.2023

Des articles de la même catégorie

19.09.2023: agence mobile BCEE en panne

19.09.2023: agence mobile BCEE en panne

L’agence mobile de la BCEE est toujours en panne et ne pourra pas servir la commune de Beaufort le 19 septembre. Déi mobil Agence vun der Spuerkeess ass nach ëmmer en Panne a kann net op Beefort kommen den 19. September.

lire plus
Aller au contenu principal