Nationale Gedenkdag zu Beefort

Beefort huet sech un déi schwéier Zäite wärend der Occupatioun vun 1940 bis 1945 erënnert. Dësen nationale Gedenkdag stoung ganz am Zeeche vum dräifachen 80. Anniversaire. Den 30. August 1942 huet de Gauleiter Gustav Simon d’Zwangsrekrutéierung fir d’Joergäng 1920 bis 1924 agefouert. Den Dag drop huet Lëtzebuerg mat engem Generalstreik reagéiert, dee brutal néiergeschloe gouf. 21 Leit goufen zum Dout verurteelt. Des Weidere gouf op der Wannseekonferenz den 20. Januar 1942 dee schonns ugefaangenen Holocaust am Detail ze organiséieren a koordinéieren.

An enger vun der Pastoralassistentin Josiane Mirkes gehalener Mass gouf net nëmmen op dat donkelt Kapitel vun der Mënschheet virun aacht Joerzéngten erënnert mee och festgestallt, datt d’Mënschen aus der Geschicht näischt geléiert hunn. Déi haiteg Situatioun an der Ukrain ass dat beschte Beispill dofir. No der Mass gouf eng Gerbe beim “Monument aux Morts” néiergeluecht.

Encadréiert gouf d’Gedenkfeier vun de Chorale Sainte Cécile Beefort a Sang mat Waldbëlleg/Haler encadréiert, déi ënner anerem d’“Heemecht” virgedroen hunn.

Dernière modification le 10.10.2022

Des articles de la même catégorie

Adventsfënsteren 2022

Adventsfënsteren 2022

D‘Beeforter Kulturkommissioun organiséiert déi véierten Editioun vun den Adventsfënsteren an den dräi Dierfer vun der Gemeng Beefort.  Vum 1. bis de 24. Dezember gi 24 Fënstere mat Motiver vum Advent an/oder Chrëschtdag dekoréiert an all Dag gëtt eng Fënster...

lire plus
Éischte Spuedestéch zu Déiljen

Éischte Spuedestéch zu Déiljen

Gëschter am Nomëtteg hunn den Henri Kox, Minister fir de Logement, de Buergermeeschter Camille Hoffmann, de Schäffen Emile Wies, d’Presidentin vum Verwaltungsrot vum Fonds du Logement Diane Dupont an den Direkter vum Fonds du Logement Jacques Vandivinit den éischte...

lire plus
“Journée 55+” am Kummelsbau

“Journée 55+” am Kummelsbau

De Schäffen- a Gemengerot an Zesummenaarbecht mat der Kommissioun vum Drëtten Alter vun der Gemeng Beefort an de Beeforter Senioren hunn op déi dësjäreg Editioun vun der Journée 55+ invitéiert. No e puer Joer huet d’Fest fir déi eeler Matbierger rëm zur gewinnter Zäit...

lire plus