Neijoerschconcert an der Kierch

Laang war et net sécher op e géif stattfannen oder net a schlussendlech ass e gëschter an der Kierch iwwert d’Bün gaangen. Rieds geet ëm den Neijoerschconcert mam Ensembel “Ad Libitum”, dee vun der Beeforter Kulturkommissioun an Zesummenaarbecht mat der Gemeng organiséiert gouf. Erméiglecht gouf de Concert duerch d’Lockerung vun de Corona-Mesuren, déi zanter enger Woch a Kraaft sinn.

D’Plazen an der Beeforter Kierch ware limitéiert, et huet ee misse sech am Virfeld umellen an d’Droe vun enger Mask war obligatoresch. Trotz dësen Aschränkunge sinn nëmmen e puer Plaze fräi bliwwen.

Et war keen typeschen Neijoerschconcert, deen den Ensemble “Ad Libitum” ugebueden huet. Um Programm stoung Musek aus dem 16., 17. an 18. Joerhonnert a gespillt goufe folgend Wierker: “Marche pour la Cérémonie des Turcs” vum Jean-Baptiste Lully (1632 – 1687), “Sonata IV à cinque in C-Dur” vum Heinrich Ignaz Franz Biber (1644 – 1704), “La Follia” (Extraite) vum Arcangelo Corelli (1653 – 1713), “Ouverture TWV 55:a2 pour flauto dolce et cordes” vum Georg Philipp Telemann (1681 – 1767), “Concerto en ré majeur pour trompettes et cordes” vum Giuseppe Torelli (1658 – 1709), “Dances from Terpsichore” vum Michael Praetorius (1571 – 1621) a “Les Indes Galantes” vum Jean-Philippe Rameau (1683 – 1764).

Den Ensembel “Ad Libitum” ass am Joer 2000 aus engem Kammerchouer entstanen a gëtt vum Rosch Mirkes dirigéiert, deen och wärend dem Concert zu Beefort duerch de Programm gefouert huet. D’Formatioun aus de professionellen an Amateurmuseker variéiert regelméisseg an oft gëtt op Barock-Instrumenter gespillt, déi an de Virdergrond gestallt ginn.

Dovunner konnte sech d’Spectateure wärend dem Concert vun enger gudder annerhallwer Stonn iwwerzeegen a gespillt hunn Anne Clement (Flauto dolce), Jean-Paul Hansen a Roby Stoos (Oboe), Jeff Mack (Trompett), Caroline Reuter a Johanna Weirich (Violon), Noah Mayer a Kathia Robert (Alto), Jean Halsdorf (Violoncelle), Jean-Daniel Haro (Violone), Rosch Mirkes (Clavecin) a Boris Dinev (Perkussioun). D’Entrée war fräi.

Dernière modification le 15.07.2024

Des articles de la même catégorie

Konstruktiven Austausch mat de Veräiner

Konstruktiven Austausch mat de Veräiner

Virgëschter Owend huet de Schäfferot op een Austausch mat de lokale Veräiner an de berodende Kommissiounen invitéiert. Wärend dem Owend goufen d’Manifestatiou­ne virgestallt, déi d’Gemeng am Laf vum Joer organiséiert, an och wéi eng Méig­lechkeeten d’Veräiner a...

lire plus
Befort – E Bild vun engem Duerf

Befort – E Bild vun engem Duerf

Haut viru genee 43 Joer war Halleffaaschten. Op dësem 13. Mäerz 1983 huet den “Hei Elei Kuck Elei” ee Film vu ronn 45 Minutten iwwer Beefort gewisen. De Film vum Menn Bodson a Pierre Puth kann een um Site vun RTL gesinn an de Link ass hei ënnendrënner. “Befort – E...

lire plus
Aller au contenu principal