Beaufort
11.3°C (10.8 / 11.8)
86%
977 hPa
0.9 m/s
Raf. 1.2 m/s
0 mm

Opriichte vu Chrëschtbeem zu Beefort

D’Ekipp ëm de Fierschter Marc Hoffmann huet gëschter an haut de Moien zwee Chrëschtbeem zu Beefort opgeriicht. Punkt 11 Auer stoung den éischte Bam am ale Beeforter Duerfkäer virum Schmattshaus an der Montée du Château. Mol keng 24 Stonne méi spéit gouf den zweete Chrëschtbam niewen der Kierch opgeriicht.

An den nächsten Deeg ginn d’Luuchten op d’Chrëschtbeem opgehaangen. Ewéi schonns ugekënnegt wäert d’Beliichtung nëmme kuerz wärend de Moies- an Owesstonnen (maximal sechs Stonne pro Dag) u bleiwen. Dëst geschitt am Kader vun den Energiespuermoossnamen, déi de Schäfferot décidéiert huet.

Dernière modification le 18.11.2022

Des articles de la même catégorie

Thailännesch Konscht a Kultur

Thailännesch Konscht a Kultur

Op een thailännesche Festival, dem Käerzefestival, hunn d’Kommissioun vum Zesummeliewe vun der Gemeng Beefort an d’Associatioun “Wat Thai Buddharama Luxembourg Asbl” gëschter Sonndeg agelueden. Vun 10 bis 18 Auer konnt een um Kiosk d’thailännesch Konscht a Kultur...

lire plus
“Open Air Kino” op der Äispist

“Open Air Kino” op der Äispist

No der Première d’lescht Joer am Juli stoung de leschte Weekend rëm den “Open Air Kino” op der Äispist um Programm. Et war eng gemeinsam Organisatioun vun der Gemeng Beefort zesumme mat der “Elterevereenegung Beefort”, de “Beeforter Duerffrënn”, den “Knight-Riders...

lire plus
Aller au contenu principal