Dëse Samschdeg, de 24. Mee, ass wéi déi lescht Joren de Passage vum Vëlostour “Schleck Gran Fondo” duerch Beefort. Jee no der Geschwindegkeet ginn déi éischt Cyclisten géint 11.20 Auer erwaart an déi lescht Vëlosfuerer wäerte géint 13.20 Auer Beefort verloossen. Et gëlle follgend Aschränkungen:
– vun e Freideg, den 23. Mee, 8 Auer bis e Samschdeg, de 24. Mee, 18 Auer: zwou Parkplazen um Parking “op der Gare” (bei der Schoul/Place des Nations) si gespaart;
– e Samschdeg, de 24. Mee, vun 8 Auer bis 16 Auer: de komplette Parking “op der Gare” (bei der Schoul/Place des Nations) ass komplett gespaart;
– wärend der Course ass ee Sens unique vun der Vugelsmillen erop bis bei de Rond-point “Härewiss” an och am Ausgank vu Beefort (Eppelduerferstrooss) Richtung Eppeldorf. Eng Deviatioun gëtt ageriicht.
Wéinst dem “Schleck Gran Fondo” an dem Sens unique tësche Beefort an Eppelduerf ginn et Ännerungen op der Buslinn 191 vun Ettelbréck op Iechternach. Vun 8 bis 17 Auer fiert de Bus iwwer Reisduerf an Déiljen op Beefort an dowéinst gi follgend Arrêten zu Beefort net bedéngt: Ënnescht Heed, um Bierg, Äispist an op der Gare.
Weider Informatioun zum “Schleck Gran Fondo” ginn et ënner https://schleck-x-perience.com
****
Passage du “Schleck Gran Fondo”
Ce samedi 24 mai, comme les années précédentes, le tour cycliste “Schleck Gran Fondo” passera par Beaufort. En fonction de leur vitesse, les premiers cyclistes sont attendus vers 11h20 et les derniers quitteront Beaufort vers 13h20. Les restrictions suivantes seront en vigueur :
– du vendredi 23 mai à 8h00 jusqu’au samedi 24 mai à 18h00 : deux emplacements de stationnement sur le parking “op der Gare” (près de l’école / Place des Nations) seront interdits ;
– le samedi 24 mai de 8h00 à 16h00 : le parking “op der Gare” (près de l’école / Place des Nations) sera entièrement fermé ;
– pendant la course, une circulation en sens unique sera mise en place depuis Vugelsmillen jusqu’au rond-point “Härewiss” ainsi qu’à la sortie de Beaufort (rue d’Eppeldorf) en direction d’Eppeldorf. Une déviation sera mise en place.
En raison de cette manifestation et le sens unique entre Beaufort et Eppeldorf les bus de la ligne 191 entre Ettelbruck et Echternach seront déviés entre 8 et 17 heures vers Reisdorf et Dillingen pour arriver à Beaufort. De cette raison ne seront pas desservis les arrêts suivants à Beaufort : Ënnescht Heed, um Bierg, Äispist et « op der Gare ».
Pour plus d’informations sur le “Schleck Gran Fondo” : https://schleck-x-perience.com





