An dësem Joer fënnt rëm ee “Rassemblement des Beaufort” statt. Wéinst der Pandemie gouf dat traditionellt Treffen iwwert de Päischtweekend an de Joren 2020, 2021 an 2022 ofgesot. Déi verschidde Verantwortlech vun de “Beaufort” hu sech agesat an alles ënnerholl, datt de flotten Austausch net ausstierwe soll an 2023 koum et zum éischten Treffen no der Pandemie. Wéinst den deemolegen Ëmstänn an Onsécherheeten huet ee schonns missten ee gutt Joer am Viraus, also 2022 net nëmmen Interessi weise mee sech och umelden. Des Weidere war d’Zuel vun de Participante begrenzt an et gouf festgehal de “Rassemblement des Beaufort” virleefeg all zwee Joer ze organiséiere bis sech d’Situatioun géif normaliséieren. Dat erkläert och, firwat et 2024 kee “Rassemblement” gouf.
Den éischte “Rassemblement des Beaufort” gouf 1995 zu Beaufort en Vallée organiséiert. 30 Joer méi spéit fënnt am nämmlechte Beaufort déi 30. Editioun statt. De Rendez-Vous ass rëm iwwer Päischten an zwar vum 7. bis den 9. Juni. Beaufort en Vallée läit ongeféier 700 Kilometer vum lëtzebuerger Beefort ewech. D’Streck féiert iwwer Reims, Paräis, Le Mans an tëschen Angers a Saumur am Baugeois am Häerz vum regionale Naturpark Loire-Anjour-Touraine läit Beaufort en Vallée.
Gemeng Beefort, déi de “Rassemblement des Beaufort” 1998, 2007 an 2018 organiséiert huet, huet fir den 30. Jubiläum zougesot. Si iwwerhëlt d’Transportkäschte bei enger organiséierter Rees an och d’Frais de participation. Geplangt ass mat engem Minibus ze fueren. Umeldunge gi bis de 16. Mäerz beim Jos. Nerancic (communication@beaufort.lu) ugeholl. Uschléissend komme mer alleguer zesumme fir d’Rees ze plangen an ofzeschwätzen. Ënnendrënner ass de virleefege Programm vun dësem Joer:
07 / 06 / 2025
Accueil des délégations le samedi après-midi place des halls
Partage du verre de l’amitié
Répartition des voyageurs dans les différentes familles d’accueils où vous passerez votre soirée avec vos hôtes
08 / 06 / 2025
Le dimanche matin, visite dans la grande ville d’Angers
Après la visite vous serez accueillis pour le déjeuner du midi
L’après-midi une visite libre encadrée dans un lieu que vous découvrirez le moment venu
En fin d’après-midi retour dans les familles d’accueils
Le soir repas gala et dansant avec les familles d’accueils
09 / 06 / 2025
Lundi matin, marché des produits régionaux dans les halls de Beaufort
Réunion avec les responsables des différents Beaufort
On se retrouve le midi pour un apéro et après un plateau repas sera servi avant le départ de chacun pour un retour vers chaque Beaufort




