Zwou Aweiungen an eng Éierung

Op Kleeserchersdag goufen de Sanitärblock vum Camping Park an d’Vestiaire vum Äishockey ageweit. Bei dëser Geleeënheet ass de Lëtzebuerger Champion “Beaufort Knights” geéiert ginn an dat Ganzt huet a Presenz vun ënner anerem dem Georges Engel, Minister fir Sport, a Lex Delles, Minister fir Tourismus stattfonnt.

Gläich no hirer Arrivée op de Site kruten déi zwee Ministeren dat neit Gebai mat de Raimlechkeete gewisen. Eigentlech hätt d’Gebai schonns vill éischter ageweit sinn, mee d’Onsécherheeten wéinst der Pandemie am Wanter ware schliisslech ze grouss fir eng deementspriechend Feier ze organiséieren.

Nom Tour duerch déi verschidden Deeler vum Gebai an der Éierung vun de “Beaufort Knights” bei där de Sportminister Georges Engel an de Buergermeeschter Camille Hoffmann dem President an dem Kapitän vum Äishockey-Club jeeweils eng Jerobam-Fläsch lëtzebuerger Crémant mat enger personaliséierter Etikett iwwerreecht kruten, ass d’Presidentin vum Syndicat d’initiative et du tourisme, Françoise Bonert, op den Historique vum Site agaangen. Zu Beefort gouf 1969 déi éischt Äispiste a Betrib geholl a si ass haut nach ëmmer mat der Äispiste op der Kockelscheier op. Aner Äispisten ewéi Housen a Réimech si schonns laang zou.

Den Neibau hätt solle eigentlech fir 50. Gebuertsdag vun der Äispiste fäerdeg sinn. Allerdéngs hu sech d’Aarbechte vill méi an d’Längt gezunn ewéi virgesinn. Ee weidere Retard koum duerch d’Pandemie. Duerch den Icekarting an dem modernen Zeltbau, deen den 11. November 2011 ageweit gouf, koumen an de leschte Jore virun der Pandemie ëmmer méi Leit op d’Beeforter Äispiste. An der leschter normaler Saison waren et der bal 30.000 Leit.

D’Gesamtkäschte vun der Investitioun belafe sech op insgesamt 2.320.000 Euro an dovunner huet d’Gemeng Beefort 1,3 Milliounen Euro bäigedroen. Subside goufen et vum Tourismusministère (259.000 Euro) an dem Sportsministère (446.000 Euro). Den Undeel vum Syndicat d’initiative et du tourisme beleeft sech op 315.000 Euro a si hunn och nach fir déi ganz Planung, d’Betreiung vum Chantier an de Préfinanzement gesuergt.

Besonnesch an den haitegen Zäiten ass d’Thema “Energie” méi aktuell wéi jee. An den éischten zwee Méint vun der aktueller Wantersaison goufen aleng fir d’Keelt ze produzéiere ronn 100.000 Kilowattstonne Stroum verbraucht. Energie fir ënner anerem d’Pompelen, Beliichtung, Museksanlag an déi modern Anzeigetafel ass an dësen 100.000 Kilowattstonne Stroum net mat agerechent an dëse Wäert entsprécht engem Duerchschnëttsjoresverbrauch vu 25 Stéit. De Mëttelwäert vun der leschter Saison an der Saison viru Corona läit bei 450.000 Kilowattstonnen.

Dobäi kënnt nach de Stroumpräis, dee sech vum leschte Joer op d’dëst Joer praktesch verdräifacht huet a wéi et ausgesäit ab dem 1. Januar 2023 sech nach eng Kéier wäert verdräifachen. Et kann een nëmme schätze wéi héich de Präis wäert ënnert dem Stréch leien. No den zwee éischte Méint wäert ee bei knapp 31.400 Euro leien an duerno bei geschatenen 86.400 Euro. De Gesamtchiffer kéint da bei 117.800 Euro leien. Wéi schonns geschriwwe geet et hei nëmmen ëm d’Käschte fir Äis ze produzéieren.

Als eng Asbl kann de “Syndicat d’initiative et de tourisme Beaufort” déi Käschten net iwwerhuelen, sou d’Presidentin Françoise Bonert weider. Et si keng einfach Zäite fir d’Beeforter Äispiste mee am Intérêt vum Sport, Grand Public, dem Äishockey kuckt een et fir iergendwéi sou gutt wéi méiglech geschaukelt kritt. Einfach zou maachen war keng Optioun.

Am Kontext vun der gekierzter Saison sief bemierkt, datt d’Äispiste eréischt an der jéngster Vergaangenheet hir Diere fir d’Allerhellegevakanz opgemeet huet. Virdru wor et ab Mëtt/Enn November méiglech Schlittschong ze fueren an eng Kéier ass d’Äispiste ufanks Dezember opgaangen. An deem Sënn war et nëmme richteg d’Ouverture vun dëser Saison no hannen ze verréckelen. Mat den Temperaturen ëm déi 20 Grad daagsiwwer an nuets puer Grad manner wier et net méiglech gewiescht Äis ze produzéieren.

De Buergermeeschter Camille Hoffmann ass nach eng Kéier op d’Entwécklung vum Energiepräis agaangen. De Stroumpräis ass virun der Pandemie vun 30 Euro pro Megawattstonn op 50 bis 55 Euro geklomme fir aktuell bei 156 Euro ze sinn. D’Offere vum Präis vun der Megawattstonn ab dem 1. Januar 2023 hu sech verännert vu 453 Euro, erof op 369 Euro a rëm erop 434 Euro. Et weess ee wierklech net wéi et am Januar 2023 wäert virugoen. An der Vergaangenheet loungen d’Gesamtkäschte vum Stroumpräis bei ongeféier 25.000 Euro an duerch déi aktuell Entwécklung géingen d’Gesämtkäschten op 183.000 Euro klammen.

Et gouf och un Alternative geduecht ewéi zum Beispill Solarpanelen. Ënnert optimale Bedingungen ewéi ee se am Summer virfënnt kéinte si nëmme bis zu aacht Prozent vum Stroumverbrauch erreechen. Am Wanter mam schlechte Wieder a wéineg Dagesliicht kéint dëse Wäert net erreecht ginn. Am Kader vum Klimapakt goufen dës Investissementer ënnert Lupp geholl. Net méi einfach gestalt sech d’Ersetze vun den Halogensluuchten op Led-Luuchten an dat wéinst der spezieller Form vum Zeltdach. Des Weidere gëtt sech och iwwerluecht fir déi zwee Kompresseren, déi schonns 20 Joer hunn, ze ersetzen.

Een Thema waren och d’Ënnerhaltskäschten vum neie Gebai. Schliisslech musse si och gehëtzt a reegelméisseg gebotzt ginn. Hei komme mer aktuell op ee Montant vu knapp 30.000 Euro, deen deemnächst knapp op 40.000 Euro wäert eropklammen. Käschten, déi souwuel vum SITB an der Gemeng Beefort iwwerholl ginn.

“Wann ech u Beefort denken, da komme mär direkt dräi Biller an de Kapp: déi dräieckeg Jugendherberg, de Flying Dutchman an d’Äispist.” Mat dësem Saz huet de Sportsminister Georges Engel seng Ried ugefaangen. Hien huet de ganz flotte Site gelueft, deen duerch d’Investitiounen ëmmer méi besser an attraktiv gëtt. Hien hofft, datt alleguer sech wäerte eens gi fir déi verkierzte Saison bis Enn Februar, Ufank Mäerz kënnen ze verlängeren. Déi zwou Woche méi spéit Ouverture vun der Äispiste war op jidder Fall eng gutt Entscheedung.

30 Prozent vun de Leit beweege sech net genuch an dat huet Auswierkungen op hir Gesondheet. Dowéinst hëlt d’Äispiste eng wichteg Roll an, datt sech d’Leit beweegen. Et fiert net jidderee Schlittschong oder spillt Äishockey mee d’Zuel vun de bal 30.000 Visiteuren weist, datt d’Äispiste ëmmer méi attraktiv gëtt.

Ënnerstëtzung huet de Sportsminister Georges Engel dem Buergermeeschter Camille Hoffmann an der Gemeng Beefort bei de verschidden Aarbechten zougesot sief dat beim Ersetze vun de Kompresseren oder d’Halogensluuchten duerch Led-Luuchten. Hei géif de Sportsministère mat Subsiden hëllefen.

Ofschléissend huet hien nach eng Kéier de “Beaufort Knights” fir hiren éischten Titel gratuléiert a seng Erfarungen erzielt, wann ee joerzéngtelaang op den Titel waart an hofft. Och d’Jugendaarbecht vum Beeforter Äishockey gouf vun him gelueft. Seng Freed a Begeeschterung vun den neie Vestiaire konnt een him direkt am Gesiicht gesinn, wann hien d’Häerzstéck vun de Beeforter Ritter betratt huet.

Den Tourismusminister Lex Delles, deen dëst Joer fir d’zweet op enger Aweiung um Site vum Syndicat d’initiative et du tourisme present ass, huet den onermiddlechen Asaz vum Beeforter Syndicat d’initiative ervirgestrach. No der Aweiung vun den Igluen am Juni an elo nach eng Kéier beim Sanitärblock beweist d’Dynamik vum SITB, deen a modern a funktionell Infrastrukturen investéiert. Vum neie Sanitärblock profitéiert net nëmme Beefort mee och déi ganz Regioun.

Am Laf vum Owend kruten eng Rëtsch Leit Merci gesot an eng Persoun gouf posthum geéiert: de Jos Scholtes. Net nëmmen als laangjärege Comitésmember vum SITB mee och beim Bau vum neie Gebai wier hien maassgeeblech dru bedeelegt, datt de Chantier sou ausgefouert wéi et geplangt war. Praktesch Dag an Nuecht huet de Jos Scholtes de Chantier begleet. Mat enger lëschteger Anekdot aus der Vergaangenheet ëm d’Hunnegdrëpp hunn d’Ministeren Lex Delles a Georges Engel, Buergermeeschter Camille Hoffmann, Presidentin vum SITB Françoise Bonert an den éischten Äismeeschter vu Beefort Lëtzebuerg Charel Lenz den offiziellen Deel vun de Feierlechkeeten ofgeschloss.

Eng Fotogalerie vun der d‘Aweiung vum Sanitärblock vum Camping Park, de Vestiaire vum Äishockey an der Éierung vum lëtzebuerger Champion „Beaufort Knights“:

Dernière modification le 09.12.2022

Des articles de la même catégorie

Zesummesetzung vun de berodende Kommissiounen

Zesummesetzung vun de berodende Kommissiounen

A senger Sëtzung de 27. Mäerz huet de Gemengerot d’Zesummesetzung vun de berodende Kommissioune gestëmmt (Rapport fir nozeliesen). E Méindegowend sinn d’Membere vun den eenzelne Kommissiounen an de Kummelsbau zesummekomm fir iwwer de President an de Sekretär...

lire plus
Éierung fir Beeforter Äishockeyspiller

Éierung fir Beeforter Äishockeyspiller

Gemeng Beefort huet am Kader vun enger klenger Feier siwe Spiller vun de “Beaufort Knights” geéiert, déi bei der Äishockeyweltmeeschterschaft vun der drëtter Divisioun, Grupp A, zu Kirgisistan iwwerraschend op déi drëtt Plaz komm sinn an domadder Bronze-Medail...

lire plus
Aller au contenu principal