Beaufort
17.8°C (17.3 / 18.1)
47%
987 hPa
1.8 m/s
Raf. 2.5 m/s
94 W/m²
0 mm

05.10: Kiermes zu Beefort

E Sonndeg, de 5. Oktober, gëtt vun 10.45 bis 20 Auer d’Kiermes zu Beefort gefeiert. Den Ufank mécht eng Kiermesmass, déi vun de Choralle Sainte Cécile vu Beefort a “Sang mat” Waldbëlleg/Haler encadréiert gëtt.

Am Cortège geet et vun der Kierch aus bis op d’Place des Nations an d’Harmonie Berdorf spillt ënnerwee den Hämmelsmarsch. Um 11.45 Auer ass déi offiziell Ouverture vun der Kiermes mat engem Kiermespatt, Kiermeskuch, Kiermesham a selbstverständlech Kiermesdrëpp, déi vun der Gemeng offréiert ginn.

“Les Brasseurs” spillen um 14 Auer ee Concert an den Zauberer Tonga trëtt um 16 Auer op. De ganzen Dag ginn et Kiermesspiller, Musek mam DJ Backy, Animatiounen, Facepainting, een normale Maart a souguer ee Kannerfloumaart. Iessen a Gedrénks gëtt vun de lokale Veräiner assuréiert.

Umellunge fir de Kannerfloumaart, deen an Zesummenaarbecht mat der Sport-, Jugend- a Fräizäitkommissioun organiséiert gëtt, gi bis den 28. September op commission.sports@beaufort.lu ugeholl.

****

Le dimanche 5 octobre, de 10h45 à 20h, la kermesse de Beaufort sera célébrée le dimanche 5 octobre de 10h45 jusqu’à 20 heures. Elle débutera par une messe de la kermesse, encadrée par les chorales Sainte Cécile de Beaufort et « Sang mat » Waldbillig/Haller.

Le cortège partira de l’église pour se rendre jusqu’à la Place des Nations, accompagné par l’Harmonie de Berdorf qui jouera le « Hämmelsmarsch » en cours de route. À 11h45 aura lieu l’ouverture officielle de la kermesse avec un verre de l’amitié, des gâteaux, du jambon et bien sûr du schnaps, offerts par la commune.

« Les Brasseurs » donneront un concert à 14 heures et le magicien Tonga se produira à 16 heures. Toute la journée, il y aura des jeux forains, de la musique avec le DJ Backy, des animations, un marché aux puces, du maquillage pour enfants ainsi qu’un marché aux puces pour enfants. La restauration sera assurée par les associations locales.

Les inscriptions pour le marché aux puces des enfants, organisé en collaboration avec la commission des sports, de la jeunesse et des loisirs, sont acceptées jusqu’au 28 septembre à l’adresse suivante : commission.sports@beaufort.lu

Dernière modification le 09.09.2025

Des articles de la même catégorie

Gutt Stëmmung beim Generatiounsfest

Gutt Stëmmung beim Generatiounsfest

No der erfollegräicher Première d’lescht Joer war de leschte Samschdeg déi zweet Editioun vum Generatiounsfest, déi vun der Kommissioun vum Drëtten Alter an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an de Beeforter Veräiner organiséiert gouf. De Rendez-vous war wéi gewinnt op...

lire plus
Zesumme mat de Bierger eng nei Spillplaz “Um Hiwel”

Zesumme mat de Bierger eng nei Spillplaz “Um Hiwel”

D’Spillplaz “Um Hiwel” gëtt nei amenagéiert an an dem Kader war gëschter am Kummelsbau eng Biergerversammlung zu dem Thema. Invitéiert ware sämtlech Bierger an och d’Kanner ware wëllkomm fir hir Virstellungen a Wënsch auszedrécken. No der Begréissung duerch de Schäffe...

lire plus
Aller au contenu principal