Beaufort
6.9°C (6.7 / 6.9)
99%
976 hPa
0.3 m/s
Raf. 0.7 m/s
0 W/m²
0 mm

1975 – 2025: 50 Joer Judo Club Beefort

A Präsenz vum Sportsminister Georges Mischo an dem Inneminister Léon Gloden souwéi der Députée-maire Stéphanie Weydert an dem Deputéierte Ricardo Marques huet de Beeforter Judo Club seng 50 Joer gefeiert. Éier den offiziellen Deel ugefaangen huet goufen am Nomëtteg verschidden Atelieren ewéi zum Beispill Judo, Taïso, Kata a Fitness ugebueden an déi Ateliere kruten d’Éieregäscht virgestallt an erkläert.

An hire Riede sinn de Sportsminister Georges Mischo, de President vun der Lëtzebuerger Judo-Federatioun Denis Barboni, de Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch, de Sekretär a gläichzäiteg President vum Organisatiounscomité Gilbert Zuné, de Vizepresident Jean-Paul Post (aplaz vum erkrankte President Sören Schüller) op d’Entwécklung vum Beeforter Judo Club agaangen. Net ze vergiessen och de Jean-Claude Strasser, deen a verschidde Funktioune vertruede war, dorënner als Schäffe vun der Gemeng Iechternach an dem Judo Club Iechternach.

De Beeforter Judo Club huet 1975 mat knapp zwielef Erwuessener an 20 Kanner ugefaangen an direkt duerno konnt ee Fitness a Self-Defense ubidden. D’Joer drop war de jonke Veräin bei de Championnater dobäi. Ee vun de Grënnungsmemberen a Piliere vum Veräin war den Hervé Farinion, deen uganks dës Joers eis verlooss huet. Dank sengem zolitte Grondsteen war de Veräin eigentlech ni a grousser Gefor an och de Familljegeescht ass nach ëmmer präsent an hält de Veräin zesummen. Dem Hervé an all den anere Memberen, déi net méi ënner ons sinn, gouf eng Gedenkminutt ageluecht.

Aus enger klenger Initiativ gouf eng dynamesch a lieweg Communautéit mat ronn 300 Membere geschafen, vu klengen Ufänger bis passionéiert Athleten a si alleguer fille sech wéi doheem. De Beeforter Judo Club steet net nëmme fir sportlech Leeschtungen, mee och fir Gemeinschaft, Respekt, Disziplin a Solidaritéit, déi gelieft ginn. Partnerschaften an Zesummenaarbecht mat anere Veräiner a souguer engem interregionale Projet beräicheren d’Veräinsliewen a stäerken den Zesummenhalt vun der Lëtzebuerger Judoszeen.

Am nationale Championnat steet de Judo Club Beefort mat zwielef gewonne Seniorstitelen ëmmer nees un der Spëtzt an zanter 1985 hunn d’Beeforter Judoka reegelméisseg Medailen aus de Spiller vun de klenge Länner mat Heem bruecht. Vun den éischten Erfolleger mam Torsten Fassian, iwwer d’Nicole Dostert an de Georges Morbé, bis bei d’Lynn Mossong, de Charel Stelmes, d’Manon Durbach an d’Anetta Mosr. Ëmmer erëm hunn d’Beeforter Athleten um internationalen Niveau fir Opmierksamkeet an Houfert gesuergt. Mat Talenter ewéi dem Carla Tavares kann ee sech schonns op déi nächst Erfolleger freeën. Zur Zäit besiche siwe Kanner de Sportslycée a si sinn d’Garanten, datt d’Zukunft vum Veräin schonns haut geséchert ass. Erënnere mer drun, datt dëst Joer bei de Spiller vun de klenge Länner an Andorra dräi vu véier Lëtzebuerger Medaile vu Beeforter Judoka stamen.

Ofgeschloss gouf den offiziellen Deel mat engem Gebuertsdagskuch a beim Patt a Musek gouf sech Anekdoten aus de leschten hallwen Joerhonnert ausgetosch.         

Dernière modification le 22.09.2025

Des articles de la même catégorie

Gold fir Beefort bestätegt a verbessert

Gold fir Beefort bestätegt a verbessert

Dräi Joer nodeems d’Gemeng Beefort beim “European Energy Award Gold” mat 90,7 Prozentpunkten als beschte Gemeng an Europa ausgezeechent gouf, konnt d’Gemeng dëst Resultat nach verbesseren. Haut koum d’Nouvelle, datt beim Audit de 14. Juli am Ganzen 90,8 Prozentpunkten...

lire plus
Ee Kiermes-Trail zum traditionelle Programm

Ee Kiermes-Trail zum traditionelle Programm

Gëschter gouf d’Beeforter Kiermes gefeiert. Den Datum vun der Kiermes riicht sech nom Méchelsdag (Saint Michel a Patréiner vun der Beeforter Kierch), deen op den 29. September fält. Ass den 29. September ee Sonndeg, da gëtt den 29. September gefeiert an am anere Fall...

lire plus
Beefort op der Joyeuse Entrée zu Éinen

Beefort op der Joyeuse Entrée zu Éinen

De leschte Freideg war no Esch an Ëlwen déi drëtt vun insgesamt fënnef Joyeuses Entrées vun der groussherzoglecher Koppel. Zu Éinen stoung d’Regioun Oste mat sengen 22 Gemengen am Mëttelpunkt. Gemeng Beefort gouf offiziell vertrueden duerch de Buergermeeschter...

lire plus
Aller au contenu principal