26e Rassemblement des Beaufort

26. Rassemblement des Beaufort

Päischtweekend vum 30. Mee bis den 1. Juni 2020

 

No Beefort hei zu Lëtzebuerg virun zwee Joer an d’lescht Joer zu Beaufort am Isère gëtt déi 26. Editioun vum « Rassemblement des Beaufort » dëst Joer zu Montmorency-Beaufort an der Regioun Grand Est am Département Aube ofgehalen. Jee no Wee sinn et ongeféier 275 Kilometer vun hei bis op Montmorency-Beaufort an et brauch ee bësse méi ewéi dräi Stonne mam Auto bis dohinner.

Et ass fir déi zweete Kéier, datt de Rassemblement des Beaufort zu Montmorency-Beaufort stattfënnt. D’Arrivée ass e Samschdeg tësche 17 an 18 Auer virgesinn. No der offizieller Ouverture geet et owes bei d’Familljen. E Sonndeg sti  véier Visiten um Programm: Champagne Albert Beerens, Brienne-le-Château, le Musée du Der an d’Brasserie artisanale du Der. Sonndesowes ass den traditionelle Gala. De Retour ass méindes nom Mëttegiessen. De genaue Programm mam Maart mat Produiten aus den eenzelne Beaufort gëtt nach deene Leit matgedeelt, déi um Rassemblement deelhuelen.

Montmorency-Beaufort ass eng zimlech kleng Gemeng an hir Capacitéite fir ze Iwwernuechte si beschränkt. Aus organisatoresche Grënn muss ee sech bis den 1. Mäerz 2020 ugemellt hunn. D’Gemeng Beefort iwwerhëlt d’Transportkäschte bei enger organiséierter Rees an och d’Frais de participation. Weider Informatiounen an den Umellungsformular kritt een op der Gemeng beim Jos. Nerancic ënnert der Telefonsnummer 83 60 45 30 oder jos.nerancic@beaufort.lu.

****

26e Rassemblement des Beaufort

Weekend de Pentecôte du 30 mai au 1er juin 2020

 

Après Beaufort au Luxembourg en 2018 et Beaufort en Isère l’année dernière la 26e édition du « Rassemblement des Beaufort » aura lieu cette année à Montmorency-Beaufort. Située dans le département de l’Aube Montmorency-Beaufort est en région Champagne-Ardenne la distance entre notre Beaufort et celui de Montmorency est environ de 275 kilomètres (un peu plus de trois heures avec la voiture).

C’est pour la deuxième fois que l’association de Beaufort en Champagne organise le Rassemblement. L’arrivée est prévue le samedi entre 17 et 18 heures. Après la cérémonie d’ouverture les hôtes seront pris en charge par les familles d’accueil. Le dimanche  quatre visites figurent au programme : Champagne Albert Beerens, Brienne-le-Château, le Musée du Der et la Brasserie artisanale du Der. A la fin du jour aura lieu le dîner-dansant. Le retour est prévu le lundi après le déjeuner. Le programme détaillé avec le marché des produits des Beaufort sera encore communiqué aux participants.

Vu que Montmorency-Beaufort est une assez petite commune et leurs capacités de logement sont limités. Pour des raisons d’organisation les inscriptions se font jusqu’au 1er mars 2020 au plus tard. La commune de Beaufort assume les coûts du transport organisée ainsi que les frais d’inscription. Des amples informations et la fiche d’inscriptions sont disponibles à la commune auprès de Jos. Nerancic au téléphone 83 60 45 30 ou jos.nerancic@beaufort.lu.

Dernière modification le 20.08.2020

Des articles de la même catégorie

Zesummesetzung vun de berodende Kommissiounen

Zesummesetzung vun de berodende Kommissiounen

A senger Sëtzung de 27. Mäerz huet de Gemengerot d’Zesummesetzung vun de berodende Kommissioune gestëmmt (Rapport fir nozeliesen). E Méindegowend sinn d’Membere vun den eenzelne Kommissiounen an de Kummelsbau zesummekomm fir iwwer de President an de Sekretär...

lire plus
Éierung fir Beeforter Äishockeyspiller

Éierung fir Beeforter Äishockeyspiller

Gemeng Beefort huet am Kader vun enger klenger Feier siwe Spiller vun de “Beaufort Knights” geéiert, déi bei der Äishockeyweltmeeschterschaft vun der drëtter Divisioun, Grupp A, zu Kirgisistan iwwerraschend op déi drëtt Plaz komm sinn an domadder Bronze-Medail...

lire plus
Aller au contenu principal