Beaufort
7.8°C (7.8 / 7.9)
92%
965 hPa
3.6 m/s
Raf. 5.6 m/s
63 W/m²
0 mm

Méi Sécherheet fir jiddereen

391.950 Euro investéiert d’Gemeng Beefort an d’Sécherheet vun de Visiteure vun der Äispist an de komplette Site mam Aktiv-Park abegraff. Dee Montant gouf an der Gemengerotssëtzung vum 16. Dezember 2025 eestëmmeg gestëmmt.

An deem Zesummenhank ginn déi zwee Busarrête bei der Äispist der aktueller Gesetzeslag vum Code de la Route ugepasst. Dowéinst ginn taktil Buedemplacken a Bordsteng vum Typ “Kasseler” geluecht an och den Trottoir gëtt méi breet gemaach. D’Aarbechte vum neie Busarrêt op der anerer Stroossesäit vun der Äispist si schonns zum gréissten Deel ofgeschloss. Dësen Arrêt gouf e puer Meter weider no uewe verréckelt. Des Weidere kommen nach een Zebrasträife mat LED-Beliichtung a Foussgängerluuchten dobäi. Marquagen um Buedem ergänzen déi verschidde Mesuren. Zemools an dëser däischterer Joreszäit kënne geschwënn d’Visiteuren nach méi sécher op déi aner Stroossesäit wiesselen.

De Busarrêt nieft dem Kierfecht gëtt ebenfalls den aktuellen Normen adaptéiert a gëtt zur Zäit deementspriechend amenagéiert. Gëschter gouf am Laf vum Moien d’Bushaischen ofgerappt an de komplette Site op där Plaz passt sech dem Konzept vun der Erweiderung vum Kierfecht un. D’Steng vum mëttlerweil fréie Bushaische gi recycléiert a bei aner Aarbechte rëm benotzt.

Vun dëser Investitioun an d’Sécherheet wäerten net nëmmen d’Visiteuren dovu profitéiere mee och d’Automobilisten. Dëse Site wäert besser beliicht sinn an och beim Eran- oder Erausfueren op der Parking wäert den Iwwerbléck däitlech verbessert sinn. D’Aarbechte sollen an engem gudde Mount ofgeschloss sinn.

De Plang vum zukünftege Site mat enger Fotosgalerie vum Ofrappe vum Bushaische gëschter Moien.

Dernière modification le 23.10.2026

Des articles de la même catégorie

Nationale Gedenkdag mat Kiermes zu Déiljen

Nationale Gedenkdag mat Kiermes zu Déiljen

Gëschter gouf zu Déiljen den Nationale Gedenkdag an der Gemeng Beefort zesumme mat der Déiljer Kiermes zelebréiert. Den Datum vun der Kiermes zu Déiljen riicht sech nom Patréiner vun der Kierch, dem hellege Lucas. Säin Datum ass den 18. Oktober an dëst Joer ass deen...

lire plus
Aller au contenu principal