Ee Spullwon fir d’Veräiner

D’Gemeng Beefort huet Vertrieder vun de Veräiner an de berodende Kommissiounen op d’Äispiste invitéiert fir den neie Spullwon mam Material an och de Killwon, de schonns d’lescht Joer ugeschaf gouf, virzestellen.

De Spullwon ass eng weider Etapp an der Offallvermeidung an der Gemeng Beefort. Et gesäit ee regelméisseg no de Fester eng Abberzuel vun Tute voll mat dënne Plastiksbecheren an Telleren aus Karton. Ee Spullwon mat recycléierbarem Material (Becheren an Telleren) ass ee Mëttel fir Offall ze vermeiden an eis Ëmwelt ze belaaschten, sou de Buergermeeschter Camille Hoffmann.

Energie verbëtzen ass och eng Belaaschtung fir d’Ëmwelt an op déi Problematik ass de uschléissend de Klimaberoder Thomas Schlicher agaangen. Unhand vu Grafiken huet hien den Energieverbrauch an de verschidde Gebaier gewisen an och Léisunge virgeschloen. Virun net grad zwee Joer hunn eng Rei Veräiner d’Energie-, Klima- an Ëmweltcharta ënnerschriwwen a weider Veräiner a berodend Kommissiounen hu sech am Laf vum Owend dëser Charta ugeschloss.

 Éier de Spullwon virgestallt gouf, huet d’Véronique Linden, Ëmweltberoderin am Oekozenter Pafendall, de Projet “Green Events”, deen op Initiative vum Ministère fir d’Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung entstanen ass, erkläert. “Green Events” gouf entwéckelt fir den ökologesche Foussofdrock vun enger Manifestatioun zu Lëtzebuerg ze reduzéieren an doduercher ee Fest ëmweltcompatibel a méi ëmweltbewosst ze gestalten. Dobäi ginn d’Organisateure vum Oekozenter Pafendall an der SuperDrecksKëscht informéiert, sensibiliséiert a begleet. Ee “Green Event” ass eng Manifestatioun, déi versicht déi negativ Auswierkungen op d’Ëmwelt, Awunner a Klima ze reduzéieren. Weider Informatiounen dozou ginn et um Internetsite www.greenevents.lu an hei ass de Link zu der Presentatioun vum Owend.

   

Erënnere mer drun, datt beim Audit fir d’Sëlwermedail vun der Aktioun “Klimapakt, meng Gemeng engagéiert sech” am Oktober 2018 d’Gemeng Beefort direkt op den éischte Coup 80,3 Punkten erreecht huet. Dëse Wäert motivéiert fir beim nächsten Audit d’Goldmedail kënnen ze kréien.

Ofgeschloss gouf den Owend mat engem Pättchen an enger klenger Agape.

Dernière modification le 20.08.2020

Des articles de la même catégorie

Berouegungsmoossname bei der “Fräizäitplaz”

Berouegungsmoossname bei der “Fräizäitplaz”

Nodeems an der Härewiss an och an der Rue des Promenades virun e puer Méint déi éischt “Berliner Kissen” installéiert goufe fir eng Verkéiersberouegung ze suergen, konnt een tatsächlech ee positive Bilan zéien. Aus dem Gronn gouf decidéiert fir op weider Plazen dës...

lire plus
Al Kleeder / Vêtements usagés

Al Kleeder / Vêtements usagés

Zanter kuerzem ass de Container fir al Kleeder beim Gemengenatelier ausser Betrib. Et ass zu Verännerunge bei der Organisatioun vun der Sammlung komm an dowéinst ginn zur Zäit keng al Kleeder ugeholl. Nei Containere si bestallt a bis déi ukommen an installéiert sinn,...

lire plus
Ausstellung « Kräizer Simchen » an der Kierch

Ausstellung « Kräizer Simchen » an der Kierch

Nach bis muer Mëttwoch gëtt an der Beeforter Kierch déi handwierklech Konscht vum “Kräizer Simchen” gewisen. Am Ganze sinn 19 Kräizer ausgestallt an no Randschelt am Musée Thillenvogtei a Bënzelt am Musée A Schiewesch ass Beefort déi lescht Statioun vun dëser...

lire plus
Aller au contenu principal