Een neie Minibus fir de Schoultransport

Nodeems d’lescht Joer fir de Schoulufank d’Gemeng een neie Minibus konnt an Empfank huele gouf elo den nächste Minibus geliwwert. De Christian Zender (Key Account Manager Véhicules spéciaux Mercedes-Benz) huet dem Buergermeeschter Camille Hoffmann haut de Moien d’Schlëssele vum Mercedes-Benz Sprinter offiziell iwwerreecht.

Et ass den nämmlechte Modell, deen zanter iwwert engem Joer am Asaz ass an zwar ee Mercedes-Benz Sprinter 316 CDI Tourer L2 RWD. D’Motorleeschtung vun 120 kW (163 PS) gëtt mat engem automatescher Getriebe op d’Rieder iwwerdroen. Ee klengen Ënnerscheed zum viregte Bus huet allerdéngs den neie Minibus: een Navigatiounssystem fir op nët alldeeglech Plazen ze fueren ewéi zum Beispill de “Rassemblement des Beaufort” a Frankräich. Des Weideren huet de Minibus d’Effizienzklass A (Euro 6) a mat nëmmen 178 Gramm CO2  pro Kilometer ass dat relativ wéineg fir ee Gefier aus där Kategorie. D’Klimafrëndlechkeet vum Bus huet säin Deel bei der Kafëntscheedung bäigedroen.

Am Ganzen hunn am Minibus néng Leit Plaz: vir fir de Chauffer an de Bäifuerer, zwou Reie mat zwou Plazen an déi lescht Rei mat dräi Plazen. Duerch dës Sëtzuerdnung huet ee vill méi Plaz fir eran- an erauszeklammen. D’Dire ginn automatesch op an zou an hei brauch een nëmmen ee Knäppchen ze drécken. Ee weidere Plus ass eng automatesch Stuf. Den zousätzlechen Träpplek erméiglecht net nëmmen de Kanner ee méi einfacht eran- an erausklammen. Och den eelere Matbierger a Leit mat beschränkter Mobilitéit kënnt dësen Träpplek entgéint. Des Weidere gëtt et eng hallefautomatesch Klimaanlag mat enger Dachklima hannen am Gefier. Dat erméiglecht, datt am ganze Minibus iwwerall déi nämmlecht Temperatur geregelt gëtt. Zousätzlech gëtt et hannen eng 360-Grad-Kamera an doduercher huet de Chauffer ee kompletten Iwwerbléck beim hannerzech fueren.

No der Allerhellegevakanz wäert dëse moderne Minibus, dee ronn 53.000 Euro kascht huet, an den Asaz kommen.

Dernière modification le 03.11.2020

Des articles de la même catégorie

Informatiounsowend fir Veräiner

Informatiounsowend fir Veräiner

D’Veräiner aus der Gemeng Beefort waren de leschte Freideg an d’Jugendherberge invitéiert fir un enger Informatiounsversammlung deelzehuelen. D’Thema war dat neit Gesetz fir Associatiounen ouni Gewënnzweck (Asbl) a Fondatiounen, dat zanter dem 23. September 2023 a...

lire plus
Zesummesetzung vun de berodende Kommissiounen

Zesummesetzung vun de berodende Kommissiounen

A senger Sëtzung de 27. Mäerz huet de Gemengerot d’Zesummesetzung vun de berodende Kommissioune gestëmmt (Rapport fir nozeliesen). E Méindegowend sinn d’Membere vun den eenzelne Kommissiounen an de Kummelsbau zesummekomm fir iwwer de President an de Sekretär...

lire plus
Éierung fir Beeforter Äishockeyspiller

Éierung fir Beeforter Äishockeyspiller

Gemeng Beefort huet am Kader vun enger klenger Feier siwe Spiller vun de “Beaufort Knights” geéiert, déi bei der Äishockeyweltmeeschterschaft vun der drëtter Divisioun, Grupp A, zu Kirgisistan iwwerraschend op déi drëtt Plaz komm sinn an domadder Bronze-Medail...

lire plus
Aller au contenu principal