D’Handwierk am Bild festgehal

E Freideg war de Vernissage vun enger Ausstellung mat schwaarz-wäisse Fotoe vum Christian Kieffer iwwer Beeforter Handwierksbetriber. Dës Ausstellung an der Primärschoul gëtt vun der Kulturkommissioun an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Beefort organiséiert.

De Christian Kieffer vu Beefort ass e lëtzebuergesche Kënschtler am Beräich vun der Fotografie, Autodidakt an ass zënter méi ewéi 20 Joer haaptsächlech am Beräich vum Fotojournalismus, Documentaire, Stroosseportrait an artistesch Portraiten aktiv. Seng Virléift läit bei der schwaarz-wäisser Fotografie.

Fir dës Ausstellung huet hien enger Rei Handwierksbetriber mat sengem Fotoapparat hinnen iwwert d’Schëller gekuckt an dobäi si bei hirer Aarbecht d’Situatioun am Bild festgehal. Entstane si flott Biller, déi op eng impressionant Manéier weisen ewéi ee Produkt entsteet. Als Konsument gesäit ee bal ausschliisslech de fäerdege Produit an net déi verschidden Etappen. Leider war et net méiglech sämtlech Handwierksbetriber ze dokumentéieren a beim Vernissage gouf schonns eng Fortsetzung an Aussiicht gestallt fir schlussendlech eng komplett Serie ze hunn.

Nieft dem Christian Kieffer stellen d’Schüler aus der Klass 2.1 hir gemoolte Biller aus. Hiert Thema war “Wenn ich groß bin, will ich … werden”. Hei hu si hier Beruffswënsch op de Pabeier bruecht. Et dierft ee gespaant sinn, op dee Wonsch schliisslech an Erfëllung gëtt.

D’Ausstellung ass nach den nächste Samschdeg a Sonndeg, de 4. a 5. Mäerz, all Kéiers vu 14 bis 18 Auer an der Primärschoul ze gesinn.

Dernière modification le 27.02.2023

Des articles de la même catégorie

Informatiounsowend fir Veräiner

Informatiounsowend fir Veräiner

D’Veräiner aus der Gemeng Beefort waren de leschte Freideg an d’Jugendherberge invitéiert fir un enger Informatiounsversammlung deelzehuelen. D’Thema war dat neit Gesetz fir Associatiounen ouni Gewënnzweck (Asbl) a Fondatiounen, dat zanter dem 23. September 2023 a...

lire plus
Zesummesetzung vun de berodende Kommissiounen

Zesummesetzung vun de berodende Kommissiounen

A senger Sëtzung de 27. Mäerz huet de Gemengerot d’Zesummesetzung vun de berodende Kommissioune gestëmmt (Rapport fir nozeliesen). E Méindegowend sinn d’Membere vun den eenzelne Kommissiounen an de Kummelsbau zesummekomm fir iwwer de President an de Sekretär...

lire plus
Éierung fir Beeforter Äishockeyspiller

Éierung fir Beeforter Äishockeyspiller

Gemeng Beefort huet am Kader vun enger klenger Feier siwe Spiller vun de “Beaufort Knights” geéiert, déi bei der Äishockeyweltmeeschterschaft vun der drëtter Divisioun, Grupp A, zu Kirgisistan iwwerraschend op déi drëtt Plaz komm sinn an domadder Bronze-Medail...

lire plus
Aller au contenu principal