Beaufort
9.5°C (9.4 / 9.6)
86%
959 hPa
3.8 m/s
Raf. 3.9 m/s
88 W/m²
0 mm

Nationalfeierdag 2023

Mat engem Te Deum an der Kierch zu Beefort hunn d’Feierlechkeeten um Virowend vum Nationalfeierdag ugefaangen, déi vun der Pastoralassistentin Josiane Mirkes gestallt gouf an vun de Choralle Sainte Cécile Beefort a Sang mat Waldbëlleg/Haler encadréiert gouf.

Uschléissend goung et an engem Cortège op d’Place des Nations (Kiosk) op eng Réceptioun mat Éierewäin, offréiert vun der Gemeng an Zesummenaarbecht mat der Kulturkommissioun vu Beefort. Iessen a Gedrénks goufe vum “Groupe sportif récréatif et culturel Fiolhoso et Beaufort” an de Beeforter Duerffrënn organiséiert a fir musikalesch Stëmmung huet den “DJ Soundtrip” gesuergt.

Zum Schluss bleift nach ervirzehiewen, datt d’Feierlechkeeten um Virowend vum Nationalfeierdag d’Krittäre vun engem “Green Event” erfëllt hunn.

Dernière modification le 23.06.2023

Des articles de la même catégorie

Méi Sécherheet fir jiddereen

Méi Sécherheet fir jiddereen

391.950 Euro investéiert d’Gemeng Beefort an d’Sécherheet vun de Visiteure vun der Äispist an de komplette Site mam Aktiv-Park abegraff. Dee Montant gouf an der Gemengerotssëtzung vum 16. Dezember 2025 eestëmmeg gestëmmt. An deem Zesummenhank ginn déi zwee Busarrête...

lire plus
Aller au contenu principal