Beaufort
14.4°C (14 / 14.9)
84%
970 hPa
1.5 m/s
Raf. 2.5 m/s
114 W/m²
0 mm

Prett fir d’Schoulrentrée 2025/2026

12.09.2025: Prett fir d’Schoulrentrée 2025

Haut Freideg am Laf vum Moie goufen déi lescht Miwwele geliwwert an d’Gebai ass prett fir dëse Méindeg, de 15. September, déi éischt Kanner vum Cycle 1 ze empfänken. Eng kleng Fotosgalerie vum Site an den éischte fäerdeg Klassesäll.

15.07.2025: De Gemengerot besicht de Schantjen

Am Uschloss vun der Gemengerotssëtzung vun haut de Moien huet een Deel vum Gemengerot de Chantier vum neie Schoulgebai vum Cycle 1 besicht. Wärend dem Rondgank hunn de Marc Rodesch an den Andy Wagner vum Service technique vun der Gemeng Detailer zum aktuelle Stand vun den Aarbechte ginn.

Dat neit Schoulgebai wäert a genee zwee Méint, de 15. September, déi éischt Schoulkanner empfänken.

23.05.2025 (Fotogalerie)

Artikel vum 15.09.2023

Nom Congé collectif lo am August hunn d’Ëmbauaarbechte vum neie Gebai fir de Cycle 1 nieft der Sportshal ugefaangen. Dat “al Gebai” gouf pénktlech fir d’Schoulrentrée ofgerappt an op dëser Plaz kënnt een neit Gebai mat dräi Säll um Rez-de-Chaussée an dräi Säll um éischte Stack. Normalerweis wäert d’Gebai fir d’Schoulrentrée 2025/2026 fäerdeg sinn a Stand haut kascht de Projet ongeféier 6,5 Milliounen Euro.

An der Reegel läit d’Zuel vun de Kanner, déi wärend engem Schouljoer op d’Welt kommen, an der Gemeng Beefort tëschen 30 a 35. An der Zäit vum 1. September 2020 an 31. August 2021 läit dëse Wäert bei 49 Kanner an dat erkläert d’Vergréisserung vun der Schoul.

****

Après le congé collectif en août ont débuté les travaux de transformation de la nouvelle école pour le cycle 1 à côté du hall sportif. L’ « ancien bâtiment » a été démoli à temps pour la rentrée scolaire et à cette place viendra un nouveau bâtiment avec trois classes au rez-de-chaussée et trois salles au premier étage. Il est prévu que ce bâtiment sera prêt pour la rentrée scolaire 2025/2026 et le projet coûtera environ 6,5 millions d‘euros.

En moyenne le nombre des enfants qui naissent et résident dans la commune de Beaufort pendant une année scolaire, c’est-à-dire entre le 1er septembre et 31 août, se situe entre 30 et 35. Pendant la période du 1er septembre 2020 et 31 août 2021 le chiffre s’est élevé à 49, ce qui explique l’agrandissement de l’école.

15.09.2023

30.08.2023

28.08.2023

Dernière modification le 24.03.2026

Des articles de la même catégorie

Vëlospist Josy-Wee

Vëlospist Josy-Wee

Virum Congé collectif hunn d’Aarbechte fir de Josy-Wee ugefaangen a si sollen nach dëst Joer ofgeschloss ginn. De Josy-Wee ass eng nei Vëlospist vun enger Längt vu 5,75 Kilometer a si verbënnt Beefort mat der nationaler Vëlospist PC3 beim Grondhaff. An der...

lire plus
Al Kleeder / Vêtements usagés

Al Kleeder / Vêtements usagés

Zanter haut Freideg sti rëm Container fir al Kleeder beim Gemengenatelier op Nummer 55, route de Dillingen. Am Ganze goufen dräi Container opgestallt an an der Reegel gi se freides eidel gemaach. An nächster Zukunft kommen nei Pechbiller drop an duerno ginn d’Awunner...

lire plus
Aller au contenu principal