Beaufort
15.8°C (15.6 / 16.1)
54%
979 hPa
3.8 m/s
Raf. 4.3 m/s
332 W/m²
0 mm

Gold fir Beefort

Zum Ofschloss vun der Woch nach eng gutt Nouvelle fir d’Gemeng Beefort. Den 12. Juli war den Audit fir Gold vum “European Energy Award” am Kader vum Klimapakt 2.0. Ee gudde Mount méi spéit koum d’Informatioun, datt nom Audit 90,7 Prozent erreecht goufen. Fir Gold ware 75 Prozent néideg gewiescht. Dës Noriicht gouf am Gemengerot vum 16. August matgedeelt.

Gëschter am Nomëtteg koum dat offiziellt Schreiwes vun “European Energy Award” an do gëtt dat Resultat vun 90,7 Prozent bestätegt. Méi nach. Bei der ugespéngelter Lëscht geet Beefort als Gemeng mam héchste Prozentsaz an Europa ervir. Déi offiziell europäesch Éierung ass de 16. a 17. November zu Lörrach an Däitschland, direkt un der Grenz mat Basel (CH).   

Erënnere mer drun, datt beim Gold-Audit virun dräi Joer Beefort mat 85,9 Prozent als beschte Gemeng de Klimapakt 1.0 ofgeschloss huet. Méi zum Klimapakt ginn et hei um Site an der Rubrik “Klimapakt” an ënnendrënner ass déi komplett Lëscht an ee Screenshot, datt de Mail wierklech gëschter am Nomëtteg koum.

Dernière modification le 06.10.2023

Des articles de la même catégorie

Vëlospist Josy-Wee

Vëlospist Josy-Wee

Virum Congé collectif hunn d’Aarbechte fir de Josy-Wee ugefaangen a si sollen nach dëst Joer ofgeschloss ginn. De Josy-Wee ass eng nei Vëlospist vun enger Längt vu 5,75 Kilometer a si verbënnt Beefort mat der nationaler Vëlospist PC3 beim Grondhaff. An der...

lire plus
Al Kleeder / Vêtements usagés

Al Kleeder / Vêtements usagés

Zanter haut Freideg sti rëm Container fir al Kleeder beim Gemengenatelier op Nummer 55, route de Dillingen. Am Ganze goufen dräi Container opgestallt an an der Reegel gi se freides eidel gemaach. An nächster Zukunft kommen nei Pechbiller drop an duerno ginn d’Awunner...

lire plus
Aller au contenu principal