Problemer mat der Waasserversuergung geléist

Nodeems et gëschter Owend Problemer gouf mam Drock an der Leitungen am ënneschten Deel vu Beefort (ab der Kräizung Grand-Rue, route de Dillingen a route de Grundhof) koum et zu enger gréisser Fuite an der Haaptwaasserleitung hannert dem Rond-point an der route de Grundhof.

D’Ekipp vum Service technique war déi ganz Nuecht a bis an den Nomëtteg eran am Asaz fir d’Leitung ze flécken. Fir d’éischt hu se missen ee Gruef maache bis se un d’Waasserleitung komm sinn. Uschléissend gouf d’Lach eidel gepompelt an dann eréischt war et méiglech een Ersatzstéck anzebauen.

Bis d’Waasserversuergung normaliséiert ass kann et nach e puer Stonnen daueren. Op jidder Fall ass de Problem lo behuewen.

Dernière modification le 25.10.2023

Des articles de la même catégorie

Buergermeeschterdag zu Munneref

Buergermeeschterdag zu Munneref

62 vun 100 Gemenge ware gëschter beim Buergermeeschterdag am Casino 2000 zu Munneref vertrueden an ënnert den iwwer 650 Leit war och eng Delegatioun vu Beefort vertrueden. Um Buergermeeschterdag sinn net nëmmen d’Buergermeeschteren ageluede mee och Schäfferéit,...

lire plus
Gutt Stëmmung beim Beeforter Europadag

Gutt Stëmmung beim Beeforter Europadag

Passend zum Europafändel huet sech d’Wieder um Europadag presentéiert: Bloen Himmel an d’Sonn huet geschéngt. Lues awer sécher entwéckelt sech den Europadag zu Beefort zu engem feste Bestanddeel vum Manifestatiounskalenner. Déi éischt Editioun, déi vun der deemoleger...

lire plus
Informatiounsowend fir Veräiner

Informatiounsowend fir Veräiner

D’Veräiner aus der Gemeng Beefort waren de leschte Freideg an d’Jugendherberge invitéiert fir un enger Informatiounsversammlung deelzehuelen. D’Thema war dat neit Gesetz fir Associatiounen ouni Gewënnzweck (Asbl) a Fondatiounen, dat zanter dem 23. September 2023 a...

lire plus
Aller au contenu principal