Neie Schäfferot vereedegt

Haut de Moien um 11 Auer gouf am Inneministère den neie Beeforter Schäfferot vun der Inneministesch Taina Bofferding vereedegt: Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch, éischte Schäffe Bruno Domingues Grilo an zweete Schäffe Lynn Mossong. D’Zesummesetzung vum Schäfferot entsprécht der lëschteniwwergräifender Reiefolleg vun de Resultater vun den Neiwalen den 8. Oktober. De Gemengerot gëtt e Méindegowend, den 30. Oktober, vereedegt.

Nieft dem Beeforter Schäfferot gouf och de Schäfferot vu Bäertref vereedegt. Hir Wale vum 11. Juni si wéinst dem Dout vun engem Kandidat op den 8. Oktober verluecht ginn. Soumat sinn zanter de Moie sämtlech Schäfferéit vun den am Ganzen 100 Gemengen hei zu Lëtzebuerg am Amt.

Dernière modification le 27.10.2023

Des articles de la même catégorie

Berouegungsmoossname bei der “Fräizäitplaz”

Berouegungsmoossname bei der “Fräizäitplaz”

Nodeems an der Härewiss an och an der Rue des Promenades virun e puer Méint déi éischt “Berliner Kissen” installéiert goufe fir eng Verkéiersberouegung ze suergen, konnt een tatsächlech ee positive Bilan zéien. Aus dem Gronn gouf decidéiert fir op weider Plazen dës...

lire plus
Aller au contenu principal