Beaufort
15.9°C (15.2 / 16.8)
56%
987 hPa
1.3 m/s
Raf. 2 m/s
4 W/m²
0 mm

Chrëschtbam opgeriicht

A gutt fënnef Wochen ass Chrëschtdag a passend zu der Zäit steet zanter dem spéide Moien ee Chrëschtbam nieft der Kierch. Reen an zäitweis ee bësse méi staarke Wand haten den Ekippe vun de Bëschaarbechter an dem Service technique net grad ideal Bedingunge fir dës Aktioun ginn.

Ville Leit wäert de Bam nieft der Kierch iergendwéi bekannt virkommen, deen zu Beefort “opgewues” ass. Iwwer zéng Joer stoung hien op Nummer 120 un der Grand-Rue. Aus dem Gaart vum Hotel Meyer aus konnt hien iwwert d’Gaardemauer ewech op d’Strooss kucke wéi sech d’Gemeng entwéckelt huet wärend hien am Summer fir Schiet d’Gäscht gesuergt huet.

Lo steet hien ee gudde Kilometer weider a suergt an den nächste Woche fir déi passend Stëmmung zum Joresenn.

Dernière modification le 22.11.2023

Des articles de la même catégorie

Gutt Stëmmung beim Generatiounsfest

Gutt Stëmmung beim Generatiounsfest

No der erfollegräicher Première d’lescht Joer war de leschte Samschdeg déi zweet Editioun vum Generatiounsfest, déi vun der Kommissioun vum Drëtten Alter an Zesummenaarbecht mat der Gemeng an de Beeforter Veräiner organiséiert gouf. De Rendez-vous war wéi gewinnt op...

lire plus
Zesumme mat de Bierger eng nei Spillplaz “Um Hiwel”

Zesumme mat de Bierger eng nei Spillplaz “Um Hiwel”

D’Spillplaz “Um Hiwel” gëtt nei amenagéiert an an dem Kader war gëschter am Kummelsbau eng Biergerversammlung zu dem Thema. Invitéiert ware sämtlech Bierger an och d’Kanner ware wëllkomm fir hir Virstellungen a Wënsch auszedrécken. No der Begréissung duerch de Schäffe...

lire plus
Aller au contenu principal