Ee flotten Nomëtteg am Kummelsbau

Ee bësse kuerzfristeg mee trotzdeem ass et gelongen dëst Joer eng Journée 55+ ze organiséieren. De Schäffen- a Gemengerot an Zesummenaarbecht mat de Beeforter Senioren huet op ee gemittlechen Nomëtteg an de Kummelsbau invitéiert.

An enger flotter Gesellschaft an Ambiance konnt jidderee bei Kaffi a Kuch an engem gudde Pättchen e puer flott a gemittlech Stonnen am Kummelsbau verbréngen. Virdru gouf et nach ee kale Plat als Stäerkung.

Et gouf rëm eng gratis Navette fir Leit mat beschränkter Mobilitéit ugebueden a fir Animatioun a Musek huet de Romain Thielen gesuergt. Beim Heemgoe krut jiddereen nach ee klenge Kaddo iwwerreecht an zwar eng Thermosfläsch mam Beeforter Wopen drop.

Dernière modification le 27.11.2023

Des articles de la même catégorie

Aktioun “Gielt Band”: Hei ass plécken erlaabt

Aktioun “Gielt Band”: Hei ass plécken erlaabt

All Joer gëtt kiloweis zeidegt Uebst, dat an de Bongerten, de Gäert an op ëffentleche Plazen ënnert de Beem fault, verbëtzt. An dobäi wier et esou einfach: Et geet duer, déi Äppel, Bieren, Prommen asw. ze plécken an doraus Kompott oder Gebees ze kachen, de Jus...

lire plus
Outdoor-Dëschtennis zu Beefort

Outdoor-Dëschtennis zu Beefort

De Site nieft der Äispist ass an de leschten Deeg ëm eng Attraktioun méi räich ginn. Pénktlech fir den Ufank vun der Summervakanz goufen hei zwee Outdoor-Dëschtennisdëscher installéiert. An dësem Beräich stinn de Bierger vun der Gemeng Beefort an hire Gäscht follgend...

lire plus
Aller au contenu principal